Search

You may also like

Frankräich verstäerkt seng Kontrollen op de Fluchhäfen
International Neiegkeeten

Frankräich verstäerkt seng Kontrollen op de Fluchhäfen

Bei eise franséischen Noperen si bannent 24 Stonnen iwwer dausend

Terroralarm an Thailand
International Neiegkeeten

Terroralarm an Thailand

Während dem Sommet vun den Ausseminister vun den ASEAN-Staaten zu

Ibakus: En Tool fir méi Sécherheet
International Neiegkeeten

Ibakus: En Tool fir méi Sécherheet

SPONSORED STORY Den 26. Juni ass ee wichtegen Datum fir

Legal, illegal… wéi Italien Migratioun nei definéiert

Et ass en ëmstriddene Beschloss deen do zu Roum geholl gouf, mee fir honnertdausende Migranten, déi illegal an Italien ouni Openthaltsrecht an Aarbechtsvertrag schuften, gëtt elo richteg Pabeieren.

Legal, illegal… wéi Italien Migratioun nei definéiert

Wien elo mengt, datt Italien sech eng nei „Humanitéit“ entdeckt huet, dee muss op dëser Plaz leider enttäuscht ginn. Datt sech d‘Landwirtschaftsministesch Teresa Bellanova esou vehement an esou och ganz engagéiert fir d‘Legaliséierung vun den „Illegalen“ agesat huet, ass manner dem Fait zouzeschreiwen, datt een dës Mënschen elo géif wëllkomm heeschen, wéi datt se gebraucht ginn.

Si gi gebraucht fir de Baueren zur Hand ze goen, si bëlleg Haushaltshëllefen an elo och nëtzlech fir sech ëm eeler Leit oder krank Mënschen ze këmmeren. Wien noweise kann, datt hien eent vun dësen Attributer erfëllt, soll Pabeiere kréien. Domatter wier de „Migrant“ da legal am Land an hätt déi selwecht Rechter wéi all d‘Bierger am Land. Esou ee Sënneswandel fält awer net vum Himmel.

Et ass déi reng Nout, déi d‘Italienesch Regierung zu dësem Schratt motivéiert huet. Zu Roum hu se, et ass kaum ze gleewen, dank der Covid19-Pandemie festgestallt, datt ouni d‘Aarbechter aus Nord-Afrika oder dem Balkan, d‘Feldfriichte verkommen, krank Mënschen net méi adequat gefleegt an d‘Haushaltshëllef onbezuelbar gëtt. Ob emol gesäit ee Leit déi engem soss „onsiichtbar“ waren.

ItalienSécher dierf sech d‘Teresa Bellanova doriwwer freeën, datt si eng Victoire fir d‘Würd vun dëse Mënschen errongen huet, an et huet keen hir et liicht gemaach. De Movimento Cinque Stelle, war net esou glécklech an huet ze bedenke ginn, datt ee mat dëser Entscheedung den Androck kéint erwächen, datt Mënschen déi bewosst d‘Recht gebrach hunn, elo vun der Regierung belount ginn.

Ganz esou einfach ass dann awer net an d‘Sozialdemokrate konnten dem Koalitiounspartner ee Kompromëss aus de Rëppe schneiden. Zum engen, sinn dës Openthaltsrechter zäitlech befrist, an déi „Patronen“ déi Mënschen ouni Aarbechtsvertrag an/oder Openthaltsgenehmegung bei sech beschäftegt hunn, wäerten net stroffräi dervu kommen. En interessante Kompromëss mat Folgen.

Wann, dann elo net alles perfekt ass – mee wéini ass et dat schonn – esou huet dëse Beschloss méi Positives wéi Negatives. Dës Mënsche gëtt et elo ganz offiziell an wien sech unzepasse weess, also sech integréiert, dierft nees realistesch Zukunftsperspektiven hunn. Zudeem, an dat ass eigentlech de Kär vum ganzen, sinn dës Leit elo virun Ausbeutung a Mëssbrauch och gesetzlech geschützt.

mat indymedia/rom

Foto: © Palazzo Chigi (Handout)

Related topics Italien, Legaliséierung, Migratioun, Regierung, Teresa Bellanova, Wirtschaft
Next post Previous post