Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: „de nordiresche Patient“
International Neiegkeeten

chloe dating sam

Gëschter huet déi britesch Regierung d‘Menace vun der klenger nordirescher

can i hook up 8-ohm speakers to a 4-ohm amplifier
International Neiegkeeten

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir

De Verwaltungsrot vum Kierchefong, deen den 1. Mee 2018 am

dislike
Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini
International Neiegkeeten

Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini

De populäre Patron vun der rietsextremer Lega Nord an elo

Legal… Illegal… Schäissegal…

Kiffe gëtt bei eisen däitschen Noperen ëmmer méi populär en Debat zur Legaliséierung ass net erwënscht

Legal… Illegal… Schäissegal…

Lëtzebuerg wäert de rekreative Konsum legaliséieren, am Frankräich ass esouguer de Wirtschaftsrot dovunner iwwerzeegt, datt Cannabis eng ekonomesch Opportunitéit ass an empfeelen de Regierung sech mam Sujet ze beschäftegen. An Däitschland gëtt och gekifft, an dat net emol wéineg.

Laut dem Communiqué vun der Bundeszentral fir gesondheetlech Opklärung (BzgA) géif et eng zolidd Hausse vum rekreative Cannabiskonsum bei der Jugend. Aus hirer Etüd geet ervir, datt 22% vun den 18 bis 25 järegen, 2018 op mannst eng „lëschteg Zigarett“ gedämpt hunn. Datt sinn +5,2% géintiwwer 2016 a bal eng Verduebelung vun den Zuelen aus 2008.

Kiffe

Wann ee bei der uewe genannten Altersklass d‘Usiicht vertriede kann, datt jidderee soll dierfe fir sech selwer entscheeden, wat gutt oder net gutt ass, esou gëtt et och bedenklech Zuelen. Esou bei jugendlechen am Alter tëscht 12 a 17 Joer. 8% vun de Befroten hunn uginn an de leschten 12 Méint op mannst een Joint gefëmmt ze hunn. 2016 waren et nach 6,9%.

Bedreelech well geféierlech

Fir d‘Cheffin vun der Bundeszentral fir gesondheetlech Opklärung, Marlene Mortler, sinn déi nei presentéiert Zuele keng gutt Noriicht. D‘Hausse vum Cannabiskonsum géif e seriéise Problem duerstellen, besonnesch oder grad well Cannabis ëmmer fälschlecherweis als „ongeféierlech“ oder „harmlos“ duergestallt gëtt. Dobäi géif et masseg Risiken déi mam Cannabis verbonne sinn.

Si hält den Debat fir eng méiglech Legaliséierung fir zimlech Absurd, net Ziilféierend a fuerdert méi Engagement bei der Opklärung. D‘Jugend misst endlech iwwert d‘Geforen informéiert ginn, den Zougrëff op Droge méi staark ageschränkt an d‘Gesetzer besser applizéiert ginn. Eng Positioun, déi d‘Repressioun – vun där gewosst ass datt se näischt bruecht huet -nees an de Fokus réckelt.

Den Dealer freet sech

Indirekt verdeedegt d‘Marlene Mortler mat hirer Ausso de „Schwaarzmaart“, deen, esouvill ass jo bekannt, weder vum Gesetz nach duerch Bestrofung an de Grëff ze kréien ass. Villes vun deem wat „konsuméiert“ gëtt, kënnt aus dubiéise Quellen, wat déi ugeschwate Risiken natierlech erhéicht.

Kiffe

Legale Cannabis bleift ongesond, datt ass sécher a stellt kee Mënsch eeschthaft a Fro. De Verbuet, och dat ass geséchert, huet net emol am Usaz d‘Gloscht op d‘Kraut verhënnert. Legaliséierung vum Cannabis awer géif derzou bäidroen, datt et endlech kloer Reegelen a virun allem eng Kontroll vun den ugebuedene Produite géif ginn. An dat sollt eigentlech d‘Grondlag fir den Debat sinn…

mat indymedia/ber

Foto: Seaweed Jezus/Pixabay

Ähnlech Sujeten Bundeszentral fir gesondheetlech Opklärung, BZgA, Cannabis, Däitschland, Legaliséierung, Marlene Mortler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel