Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss
Erkläert Love Stories WTF

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss

Den Doud vum Tony de Brum, onermiddleche Militant géint de

cool
Weess du, wéi een des Wierder schreift? – 3
Erkläert Love Stories WTF

Weess du, wéi een des Wierder schreift? – 3

Lëtzebuergesch ass voll mat interessante Wierder a Begrëffer. An et

cool
De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?
Erkläert Love Stories WTF

De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?

En neie Mount heescht neie Stoff op Netflix. Wéi scho

lovesurprise

D’Legaliséierung vum medezinesche Cannabis, erkläert

Wat stécht hannert dem Gesetzesprojet N° 7253

D’Legaliséierung vum medezinesche Cannabis, erkläert

Och wann eng generell Legaliséierung vum Cannabis an dësem Wahlkampf eng Roll spille wäert, esou gëtt grad primär iwwert e Gesetzesprojet diskutéiert, deen eng medezinesch Uwennung kläre soll. Mir hunn de eis ugekuckt, wat am Projet steet an och Reaktioune gesammelt.

Ka mat dësem Gesetz elo jidderee kiffen?

Neen. D’Gesetz bezitt sech op krank Persounen, deenen hiert d’Krankheetsbild eng Therapie mat Cannabis erméiglecht.

Ok, wie kënnt dann an de Fall?

Patienten, déi chronesch Péng hunn, deenen et am Kader vun enger Chemotherapie schlecht gëtt a sech iwwerginn mussen oder Persounen, déi ënnert multipler Skleros (MS) leiden, ginn explizit genannt. Och do, wou de klasseschen Traitement net uschléit, kéint de Cannabis zum Asaz kommen.

De Staatsrot kritiséiert hei, datt eng Verschreiwung nëmmen bei enger “maladie grave qui expose à un danger de mort” soll stattfannen. Dës Formuléierung ass awer schwammeg. All Krankheet kéint, esou de Staatsrot, fréier oder spéider déidlech verlafen, woumat eng immens Unzuel vu Krankheeten a Fro géife kommen. Ausserdeem wier d’Doudesgefor net relevant, well wann déi imminent wier, géing d’Uwennung vu Cannabis wéineg bréngen. De Staatsrot géing do éischter den Akzent op onheelbar Krankheete leeën.

Wie soll de medezinesche Cannabis verschreiwen dierfen?

Nëmme gewësse Spezialiste sollen de medezinesche Cannabis verschreiwe kënnen. Wéi eng dat sinn, soll per Réglement Grand-Ducale festgeluecht ginn.

Dat heescht, keng Generalisten däerfen et verschreiwen?

Esou schéngt d’Intentioun ze sinn. Dëst gëtt awer och vum Staatsrot a sengem Avis zum Projet vum 20. Mäerz kritiséiert. Si hannerfroen hei virun allem d’Logik: Firwat kann en Dokter Opiater verschreiwen, awer eventuell kee medezinesche Cannabis? D’Recommandatioun vum Staatsrot geet an d’Richtung, net no de medezinesche Sparten, mee no de Krankheeten ze kucken, wann et em eng Begrenzung vun der Verschreiwung vum medezinesche Cannabis sollt goen.

Kann deen Ament all Dokter aus deene Sparten dës Medikamenter verschreiwen?

Neen, dëst ass un eng Formatioun geknäppt. De Staatsrot besteet hei dorop, datt et eng Formation Continue ass. En dréit och mat enger formeller Oppositioun, sollt d’maximal Dauer vun der Formatioun net am Gesetz verankert géing ginn. De Staatsrot betoun, datt et eng Formation Continue soll sinn, well de medezineschen Asaz vum Cannabis nach Neiland ass, a sech dowéinst an enger konstanter Evolutioun befënnt.

A wie gëtt engem dann de medezinesche Cannabis, wann e verschriwwe gëtt?

Nëmmen Apdikten vu Kliniken däerfen dëst maachen. Därer ginn et der am Land der nëmme véier.

Wéi vill Patiente kéinten zu Lëtzebuerg a Fro kommen?

Laut Quellen aus dem medezineschem Ëmfeld ëm di 1.000. Laut der zoustänneger Ministesch Lydia Mutsch (LSAP) der nëmmen 100.

Gëtt dee Cannabis hei ugebaut?

Neen, dofir wieren déi noutwenneg Quantitéiten ze geréng. E géif importéiert ginn.

Ass dëst eng éischt Etapp zu enger genereller Legaliséierung vum Cannabis?

Neen. Et muss ee festhalen, datt dëst e Pilotprojet soll duerstellen. Allerdéngs kéint den Thema am Kader vun de Chamberwahlen an dësem Joer e gréissert Gewiicht kréien.

 

 

Ähnlech Sujeten Cannabis, Erkläert, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    1

  • Crazy

    0

  • Love

    3