Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Service vun de Stater Parke sicht no Dännebeem fir Chrëschtdag
negative effect of teenage dating

De Service vun de Stater Parke sicht no Dännebeem fir Chrëschtdag

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert, datt hire Service vun de Parken, op

https://moien.lu/dating-when-pregnant/
negative effect of teenage dating

hook up 4 monitors

Elo schwätzt dann och den amerikanesche President vu Rassismus. Dat

D‘Land trauert nom Dout vun engem Polizist
negative effect of teenage dating

D‘Land trauert nom Dout vun engem Polizist

Et war an der Nuecht vun e Freideg op Samschdeg,

Legaliséierung vum Cannabis: Wou si mer drun?

De Felix Braz an Etienne Schneider hu sech eng Bildungsrees a Kanada gegënnt

Legaliséierung vum Cannabis: Wou si mer drun?

Fir de gesetzlecher Kader am Kontext vun der Legaliséierung vum „rekreative Cannabis“ op eng zolidd Basis ze stellen, waren de Justizminister Felix Braz (déi gréng) an de Gesiondheetsminister Etienne Schneider (LSAP) zu Besuch bei der kanadescher Firma „Canopy Growth Corporation“, déi dat lëschtegt Kraut an industrielle Mengen ziichten.

Eis Regierung, déi de Konsum vu Cannabis wëll legaliséieren, huet natierlech en Interessi dorunner, dee beschtméigleche gesetzleche Kader a Modell ze fannen. Do erschéngt et sënnvoll, sech bei deenen „aneren“ wou dat lëschtegt Kraut scho legaliséiert hunn, emol ëmzekucken an vun hiren Erfarungen ze profitéieren. Wéi béid Minister et e Freideg zum Ausdrock bruecht hunn, wier engen dru geleeë méiglech Feeler vu vireran auszeschléissen.

Wat elo d‘Legaliséierung u sech betrëfft, esou dierf een dovunner ausgoen, datt d‘Regierung hei net méi wäert zréckrudderen. Wéi séier et elo mam Gesetz ka goen, ass leider och net gewosst, den Aarbechtsgrupp vum Gesondheetsministère ass awer schonn aktiv. De Gesondheetsminister huet dann och schonn emol duerchblécke gelooss, datt virgesinn ass d‘Fräigab op de Mindestalter vun 18 Joer festzeleeën. Et soll dann och erlaabt sinn bis zu maximal 30 Gramm ze besëtzen.

Nëmmen eppes fir déi vun hei

Interessant de Fait datt sech de Minister schonn emol a Virfeld drop festgeluecht huet, de Konsum a Besëtz nëmme fir Residenten zouzeloossen. Dat huet domatter ze dinn, datt eis Noperen an där Hinsicht nach net iwwert d‘Legaliséierung vum rekreative Cannabis nodenken. Fir deenen elo d‘Liewen net méi schwéier ze maache wéi et schonn ass, an och den „Cannabis-Tourismus“ net ze fërderen, wier dës Moossnam déi eenzeg déi sech géif ubidden. Wien sech net drun hält muss mat Konsequenze Rechnen.

Do kann en eraushéieren, datt béid Minister net gewëllt sinn dem sougenannte „Schwaarzmaart“ och nëmmen dee geréngste Spillraum zouzegestoen, wougéint u sech och näischt ze soen ass. Wéi een da grad dës besonnesch Aschränkung kontrolléiere wëll – anscheinend feelt u Polizisten an Douanieren am Land – dat hunn d‘Minister e Freideg net verroden. Wéi och ëmmer, fir de Lëtzebuerger ab18 Joer gëtt d‘Ziichten, den Handel an de Konsum vu Cannabis deemnächst legal.

Et war dann de Ministeren och nach wichteg ze betounen, datt ee mat der Legaliséierung net d‘Promotioun vum Cannabis mécht. Dat Gesetz hätt zum Zweck de Konsument vum Schwaarzmaart ewech ze bréngen, d‘Kriminalitéit ze reduzéieren an déi psychesch wéi physesch Geforen ze miniméieren. Woubäi et evident ass, datt an dësem Kontext eng huet misse geschéien. Déi ganz Repressiounen an Verbueter hunn einfach net gegraff an eigentlech eenzeg eng parallel an illegal Wirtschaft begënschtegt.

Foto: De Justizminister Felix Braz (l) an de Gesondheetsminister Etienne Schneider, hunn e Freideg an der Villa Louvigny iwwert hir Erfarungen an Kanada bericht. © MSAN

Ähnlech Sujeten Cannabis, Etienne Schneider, Felix Braz, Legaliséierung, rekreative Konsum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel