Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

geek
Datemëssbrauch: Ermëttlunge géint Facebook och a Kalifornien
International Kultur Neiegkeeten

Datemëssbrauch: Ermëttlunge géint Facebook och a Kalifornien

Säit elo 18 Méint gëtt a Kalifornien géint d‘Nummer 1

London: Déi konservativ Deputéiert gesinn am Brexit-Gesetz e Verrot um Parlament
International Kultur Neiegkeeten

London: Déi konservativ Deputéiert gesinn am Brexit-Gesetz e Verrot um Parlament

Déi britesch Regierung huet um Donneschdeg nees d’Spannungen ënnert de

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill
International Kultur Neiegkeeten

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill

Op eleng, zou zweet, als Famill oder Grupp vu Frënn,

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille

70 järeg „Bope“… déi nach ëmmer legendär an onermiddlech Rolling Stones, hunn en Dënschdeg zwou Stonne laang de Vélodrome zu Marseille entflaamt. Et war dann och deen eenzege Concert, am Kader vun hirer Tournée „No Filter“, deen op franséischem Buedem programméiert war.

En Owend deen allen 58.000 Leit dierft an Erënnerung bleiwen. De Mick Jagger an de Keith Richards, alle béid 74 Joer jonk, de Ron Woods mat sengen zaarten 71 Joer an de Charlie Watts, de „Senior“ mat 77 Joer hunn d‘Bühn gerockt. Dat notamment mat enger ganzer Rei Lidder aus dem fréie Repertoire, wei beispillsweis „Paint it Black“ oder „You can‘t always geet wat you want“.

D‘Joerzéngten am Museksgeschäft sinn de Museker däitlech an de Gesiichter ofzeliesen, mee se sinn nach ëmmer voller Energie, allen virun de Mick Jagger. D‘Stëmm nach intakt, wéi hien „Hey You!“ vun „Gett of my Cloud“ ustëmmt. E Lidd datt sech d‘Zuschauer via Facebook hunn dierfen eraussichen. Stänneg ass den Outfit gewiesselt ginn, net eng Sekonn huet hie stëll gestanen.

„Et sinn elo 15 Joer hir, datt mir fir d‘lescht hei waren, mä maacht iech keng Gedanken, et sinn nach ëmmer déi selwecht Lidder“, huet de Mick op franséisch senge Fans zougeruff. Hiren éischte Concert zu Marseille haten si iwwregens 1966, fir d‘Lescht waren se da wéi gesot, 2003 an der berüchtegter Hafestad. An de Mick huet se gefrot, op se gutt drop wieren…

Éierlech begeeschtert

„Flippt dir? Ech flippen total!“ esou en ongebändegte Mick Jagger… An et huet een, wann een ee vun de gléckleche war en Ticket ze kréien, gutt dru gedoen ze „flippen“. An de regulärer Vente huet de Präis fir en Ticket tëscht 100 an 300 Euro kascht. Mee wann ee bedenkt datt all Concert kéint dee leschte sinn, engem gefält wat säit iwwer 50 Joer Erfolleg huet, da muss et engem dat wäert sinn.

Stones

De Ron Woods (l) mam „éiwege“ Mick Jagger. D‘Rolling Stones hunn et um Dënschdegowend zu Marseille alt nees gepackt an 58.000 Zuschauer zolidd begeeschtert. © Boris Horvat/AFP

An dat huet de Public dann och bewisen, datt d‘Stones all Cent wäert sinn. Esou de Patrick (57), e Mataarbechter vun Air France: „… se si gutt al ginn, mee se sinn onbeschreiflech. A si bleiwe wëll. Et war genial!“. Dëser Ausso konnt den Hubert (67), e Pensionär dee mam Sound vun de Stones opgewuess ass, nëmmen zoustëmmen.

„Ech gesinn se elo scho fir d‘véiert, et war genial. Gutt et gëtt méi kommerziell, mee et sinn nach ëmmer déiselwecht Stones déi mir kannt hunn“, erzielt sichtlech zefridden de Philippe (49), deen net wëlles hat, ee vu senge véier Concert-Becheren nees hierzeginn. „Während zwou Stonnen hat ech 15 Joer!“, quiitscht d‘Lina (57), deem de Concert däitlech „ze kuerz“ virkomm ass.

D‘Stones sinn e Samschdeg zu Stuttgart, de 4. Juli zu Prag an e leschten „No Filter“ Tour-Concert gëtt et dann den 8. Juli zu Warschau. Regulär Tickete fir dës Concerte gëtt et keng méi. Wat ënnert der Hand erhältlech ass, läit am véierstellege Beräich…

mat AFP

Foto: De Mick Jagger… 74 Joer jonk an awer iergendwéi ni wierklech erwuesse ginn. © Boris Horvat/AFP

Ähnlech Sujeten Charlie Watts, Keith Richards, Marseille, Mick Jagger, Rolling Stones, Ron Woods
Nächsten Artikel Virrechten Artikel