Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!
sinaloa dating site

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!

Vir den 2. Abrëll luet Iech de Patrimoine Roses pour

dating antique nuts and bolts
sinaloa dating site

kostenlose dating apps iphone

Um Méindeg huet de lëtzebuergeschen Ausseminister zu Bréissel um EU-Ausseministerrot

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage
sinaloa dating site

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage

De virleiende Gesetzesentworf zur Reegelung vun de Stage, déi d’SchülerINNEN

Léieren an der Hëtzt: De Claude Meisch zur Schoulsituatioun

Léieren an der Hëtzt: De Claude Meisch zur Schoulsituatioun

Duerch d’Hëtztwell, déi dës Woch erwaart gëtt, huet den Eudcatiounsminister Claude Meisch d’Autoritéite vun de Gemengen an d’Direktioune vun de Lycéeën iwwert d’Moossnamen informéiert, fir esou hir Schüler géigeniwwer vu gesondheetleche Risiken ze schützen.

Am Fall vun héijer Gewalt (ze grousser Hëtzt) kënnen d’Autoritéite vun der Primärschoul, d’Lycéesdirektiounen an d’Direktioune vun der Psychopedagogik hir Schüler vum Cours befreien. Dobäi muss awer beduecht ginn, datt d’Situatioune vun de schouleschen Infrastrukturen (Sonnenastralung, Verglasungen,…) vu Plaz zu Plaz variéieren, wouduerch esou eng Decisioun net um lokalen Niveau ka geholl ginn.

Am Fall vun enger Dispens mussen d’Autoritéiten d’Eltere vun de Schüler, sou wéi de Ministère fréi genuch informéieren. An dësem Kader huet de Minister sech mat Rotschléi un d’Léierpersonal an déi Responsabel adresséiert:

  • Bei geplangte Schoulausflich muss d’Léierpersonal iwwert d’Stattfannen decidéieren, a Funktioun vun der Sortie an a wéi fern een hei der Hëtzt ausgesat ass.
  • Eng laang Aussetzung vun de Schüler an der Sonn, sou wéi physesch ustrengend Aktivitéite sinn ze ënnerloossen. Virun allem bei Schüler, déi Otemproblemer, Häerzkreesslafproblemer oder och een Handicap hunn, muss besonnesch gutt opgepasst ginn.

An de Schoule selwer gëtt geroden:

  • Datt verschidde Coursen a Säll verluecht ginn, déi gekillt sinn
  • Datt d’Antriede vun Hëtzt duerch Rideauen a Rolllueden agegrenzt gëtt
  • Datt d’Fënsteren zou bleiwen, sou datt d’Temperatur bannen ënnert der vun dobausse bleift
  • Datt op d’Bannentemperatur opgepasst gëtt an een esou am Eeschtfall schnell handele kann
  • Datt d’Drénke vu Waasser (wa méiglech net ze kal) gefërdert gëtt
  • Datt ausräichend Portioune beim Iessen zerwéiert ginn
  • Datt Sonnecrème benotzt gëtt
Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Cours, Hëtztwell, Schoul, Waasser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel