Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Däiwel beim „March for Life“
Kultur Neiegkeeten

Den Däiwel beim „March for Life“

Hien ass zynesch, Misogyn an erwisenermoossen och ee Rassist, beherrscht

Europawahlen: Esou ass an der Unioun gewielt ginn
Kultur Neiegkeeten

Europawahlen: Esou ass an der Unioun gewielt ginn

Am Folgende bidde mir iech eng Iwwersiicht no Länner an

Chamber: 10 Gesetzer a wéineg Debat
Kultur Neiegkeeten

Chamber: 10 Gesetzer a wéineg Debat

Zéng Gesetzprojete „Post-Kris“ si gëschter banne sechs Stonne Sëtzung am

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!

Um 22. Mäerz 2019 hunn d’Familljen- an Integratiounsministesch Corrine Cahen, den Zentraldirekter fir d’Verwaltungspolice Pascal Peters an den Tim Pauly vum nationale Kriminalpreventiounsdéngscht vun der grousshäerzoglecher Police d’Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënsche mam Titel „Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducken!“ virgestallt.

D’Campagne huet dobäi als Ziel, eelere Mënschen, déi oft d’Ziel vu Kriminelle sinn, fir d’Risike vun de Bedréier ze sensibiliséieren. A leschter Zäit hunn hei nämlech d’Kriminalfäll zougeholl. Zu dësem Zweck ass ee Plakat, sou wéi ee Flyer a puer Sprooche mat preventive Rotschléi zum Schutz viru Kriminellen entworf ginn, wéi beispillsweis bei:

  • Trickdéiwen
  • Falschen Enkelkanner an/oder Polizisten
  • Gewënnspillverbriechen
  • Internetbedruch

Fir d’Opmierksamkeet vun der Zielgrupp op dës Infomaterial ze lenken, ass fir d’Foto bewosst ee Kand gewielt ginn, wat seng Grousselteren duerch eng kloer an direkt Ukënnegung warnt. D’Plakater a Flyeren solle wäit verbreet ginn, sou beispillsweis a Gemengen, Altersheimer, bei Allgemengmedezinner, Spideler, Policestatiounen, Foiren an Evenementer.

Doriwwer hinaus ginn och d’Sécherheetsberoder fir eeler Mënschen, och „SeniorSécherheetsberoder“ genannt, speziell geschoult an iwwermëttelen déi verschidde Preventiounstipps op hire Konferenzen, de Verbänn an aneren Ariichtunge fir eeler Leit.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) im Pauly; nationale Kriminalpreventiounsdéngscht; Pascal Peters, Zentraldirekter fir d’Verwaltungspolice; Corinne Cahen, Familljen- an Integratiounsministesch © MFAMIGR

Ähnlech Sujeten Boma a Bopa, Corinne Cahen, Grousselteren, Kriminalitéit, Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducken!, Sensibiliséierungscampagne
Nächsten Artikel Virrechten Artikel