Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn
International Meenung https://moien.lu/games-like-alter-ego-and-the-hook-up/

https://moien.lu/azubi-speed-dating-krefeld-2017/

Um Sonndeg zu Steesel, beim Fräizäitzenter Norbert Melcher, war trotz

brawlout matchmaking
https://moien.lu/calvin-dating-in-the-dark/
International Meenung https://moien.lu/games-like-alter-ego-and-the-hook-up/

Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?

Mat dëser Fro huet sech de Statec auserneen gesat. An

FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
International Meenung https://moien.lu/games-like-alter-ego-and-the-hook-up/

FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen

Bei der Entstoung vum Forest Stewardship Council, kuerz FSC, hat

D‘Fundament fir „europäesch“ Léisungen am Krisefall ass dënn (Analys)

D‘Fundament fir „europäesch“ Léisungen am Krisefall ass dënn (Analys)

D‘Bierger vun Europa erwaarde vill vun der EU-Kommissioun, déi awer muss alles emol mat de Memberlänner ausdiskutéieren. Nationalen Egoismus an politesch Eegeninteresse sollt een an dëser Coronavirus-Kris ewech loossen… mee einfach ass dat net.

Bannent der Unioun lafe Saachen of, déi hätt sech esou, wéi mir am Januar iwwert den Ausbroch vun der Longeninfektiounskrankheet Covid19 bericht hunn, kee virgestallt. Dofir ass eis virgeworf gi mir géife Panik maachen a wëssentlech d‘Leit veronsécheren. Haut sinn a ville Länner vun der europäescher Unioun Ausgangsspäre verhaangen an d‘Grenzen zougemaach ginn. Dat beonrouegt.

Eigentlech ass de fräie Verkéier vu Mënsch a Wueren am Schengenraum ee Kärelement vun der EU firwat eesäiteg Grenzschléissungen als en „Handelen am Eegeninteresse“ ausgeluecht muss ginn, och wann dohannert déi beschten Absichte stinn, an all Land sech – a gewësser Mooss verständlech – als éischt ëm dat eegent Vollek këmmert. Dat awer behënnert eng koordinéiert Kooperatioun.

Sollt et allerdéngs beim Versuch vun der Krisebewältegung esou zougoen, wéi dat vun de Länner beispillsweis am Kontext vun der Migratioun-/Flüchtlingskris gemaach gëtt, Da gëtt et nom Virus keng europäesch Unioun méi. Déi nei Cheffin, d‘Ursula von der Leyen, an hir belschen Adjoint, den EU-Rotspresident Charles Michel, musse méi Iwwerzeegungsaarbecht leeschte wéi jee.

Wat de Coronavirus-Sommet bruecht huet

Nodeems eng Rei Länner ugefaangen hunn hir eegen Zopp ze kachen, ouni dat iergendwellech Mesure mat de Noperen/Partner ofgeschwat gi wieren, et Informatioune ginn huet, datt all Land seng Stocke bunkert an näischt mat aneren deele wollt, huet et folgerichteg zu Bréissel zu enger Drénglechkeetssëtzung misse kommen. Eng Sëtzung bei där sollt iwwert Gemeinsam Léisunge berode ginn. Erauskomm ass leedeglech, datt déi ganz Unioun d‘Grenzen elo zou mécht…

Et ass awer och nach Zäit fonnt ginn, an dëser Videokonferenz (och eng Première) iwwert déi noutwenneg Moossnamen ze beroden, wéi een – ausser de Mënschen déi hei absolut Virrang hunn – déi europäesch Ekonomie schütze kann. Berode goufen och d‘Méiglechkeeten d‘Fuerschung bei der Sich no engem Traitement an/oder Impfstoff ze ënnerstëtzen. Verréckt, si sollen sech bei dëser Sëtzung esouguer op „gemeinsam Linne“ verstännegt hunn. Si soten awer net wéi eng dat sinn.

Bleiwe mir also realistesch, alles wat vun dëser Videokonferenz sécher gewosst ass, léisst keng Zweiwel doriwwer opkommen, dat déi allermeeschte Staats- a Regierungscheffen elo mat sech – et geet jo och drëms déi politesch Kontroll ze behalen – a mat hire respektive Servicer beschäftegt sinn, wat esou duerchaus och vum Vollek erwaart gëtt. Dat awer féiert nees zu Spannunge mat der Cheffin, déi eng seriéis Léisung wéi och Bewältegung vun dëser Kris, nëmmen als Unioun gesäit.

Zesummeschaffen a Solidaritéit vun Néiten

Elo muss drun erënnert ginn, datt egal wat den Duo von der Leyen / Michel vu sech ginn, nëmmen als „gudde Rot“ ze verstoen ass. Keng Decisioun ass verflichtend: déi bannenzeg Sécherheet an d‘Grenze leien an der Kompetenz vun den eenzele Länner. D‘EU-Kommissiounspresidentin huet d‘Aarschkaart, si muss déi sanitär Kris op europäeschem Niveau koordinéiert kréien, wann dës net soll zum auserneebrieche vun eben dëse Staatebond féiere soll. Keen einfache Challenge…

Um Méindeg jiddefalls huet d‘EU-Kommissioun awer och ee Katalog mat 25 Richtlinnen, wéi dat mat de Grenzkontrolle bannent der Unioun lafe soll, virgeluecht. Ob a wéi sech d‘Memberlänner dorunner hale wäerten an dat och kënnen, wäert sech erginn. Eppes awer sollt „hinnen“ an „eis“ ganz bewosst sinn: wa mir elo net zesummenhalen an d‘Käpp zesummestiechen, da stinn eis zimlech bedreelech 12 bis 18 Méint bevir. Et gëllt besonnen a solidaresch ze bleiwen…

Illustratioun: © Toa Heftiba / unsplash

Ähnlech Sujeten Charles Michel, Coronavirus, Covid19, Europa, SARS-CoV2, Solidaritéit, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel