Search

You may also like

LUXINNOVATION – de Joresbericht vun 2018!
Stories

LUXINNOVATION – de Joresbericht vun 2018!

Um vergaangenen Dënschdeg huet Luxinnovation, déi national Innovatiounsagentur, hire Joresbericht

Feelt et um politesche Wëllen fir den Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen?
Stories

Feelt et um politesche Wëllen fir den Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen?

Bei déi Lénk ass de Sujet „Aarmutsbekämpfung“ deel vum Programm.

What the Fakt – Pearl Harbor gëtt ugegraff
Stories

What the Fakt – Pearl Harbor gëtt ugegraff

Um fréie Muere vum 7. Dezember hu sechs japanesch Fligeren

Les Amies de Gambie: Dem Leed eppes entgéint setzen

Les Amies de Gambie: Dem Leed eppes entgéint setzen

Zanter 2002 leet d‘Sia Jongeneel d‘Asbl „Les Amis de Gambie“ a säit 17 Joer fiert déi weltoppen Dame och an dat westafrikanescht Land. Déi gebierteg Hollännerin ass 1992 op Lëtzebuerg komm a sech am Bankesecteur eng Schaff gesicht. Duerch ee schrecklecht Ereegnes, wat dem Sia säi Liewe reegelrecht op d‘Kopp gestalt huet, geet d‘Geschicht dann eigentlech un.

Fir de Kapp nees Fräi ze kréien huet hat Afrika bereest an ass, wéi sollt et anescht sinn a Gambia ukomm. Hei huet d‘Sia sech gutt gefillt, et keng Angscht. „Et war am Ufank eng Flucht, ech war nach ni an Afrika an hunn emol alles misse léieren“, seet et eis. Vun do un war d‘Richtung kloer. Deem ville Leed eppes entgéint ze setzen en neit Zil.

2000 dunn huet eis Gespréichspartnerin sech dozou entschloss eppes géint d‘Aarmut, dem feelenden Zougang zur Bildung a Gesondheetswiesen ze ënnerhuelen. Heibäi krut d‘Sia esou vill Hëllef vu Frënn a Fräiwëllegen, datt et néideg ginn ass, deem ganzen Dreiwen ee rechtleche Kader ze ginn. 2002 ass d‘Asbl ënnert dem Numm „Les Amis de Gambie“ offiziell an d‘Liewe geruff ginn.

Mam Rucksak ënnerwee

2003/4 huet d‘Sia sech en onbezuelte Congé op der Bank gefrot an ass mam Rucksak uechter Gambia gereest. Et wollt einfach eppes Nohalteges op d‘Been stellen. Wéi et an enger lokaler Zeitung gelies huet, datt a Gambia 66.000 Kanner ouni Elteren opwuessen, ass dunn och d‘Iddi vun engem Kannerheem gewuess.

Wien elo mengt et kéint een einfach dohinner goen, Suen an de Grapp huelen a lass fueren, deen iert sech. D‘Sia ass bei d‘Autoritéite gaangen an deene vu senger Iddi erzielt. Déi wollten dunn ee Plang. Hie muss ee wëssen datt et zu deem Ament schonn zwee Kannerdierfer a Gambia ginn huet. Mee déi Erausfuerderung huet eis motivéiert Dame ugeholl.

Nees zu Lëtzebuerg ukomm, huet d‘Sia sech mat sengem deemolege Partner zesummegesat an de Projet zu Pabeier bruecht. Et ass eng Maquette vum Kannerheem gebaut ginn, fir och ee Bild ze hunn wéi et soll ausgesinn. Woubäi ee jo bedenke muss, datt et Contrainte gëtt, wéi beispillsweis d‘Relioun.

Vun der Duerfgemeinschaft opgeholl

Och ass Land gebraucht ginn, dëst sollt net ze no un den Touristenzentren sinn, méiglechst no un engem rouegen Duerf. 2004 war dunn eng Plaz fonnt an dem Bau stoung net méi alles am Wee. Fir dee Projet ze realiséiere waren awer Suen néideg a wann een net wierklech eppes ze weisen huet, ass Froe schwéier. Trotz allem ass et gaangen an am Januar 2008 huet d‘Kannerheem seng Dieren opgemaach.

„D‘Kanner déi bei eis kommen, déi huele mir net vun der Strooss. Mir kréien déi vum Staat zougewisen. Mir sinn dann och wuel eng unerkannten ONG, et gëtt ‚rules & regulations‘ no deene mir eis musse riichten, allerdéngs kréie mer kee Geld“, esou d‘Sia. D‘ONG huet dann och fir all Kand, datt am Kannerheem opgeholl ass, d‘Verantwortung bis zum 18. Liewensjoer. 2009 huet „Les Amis de Gambie“ mat 6 Kanner ugefaangen. Haut sinn et der 25 am Alter vu 5 bis 16 Joer, woubäi déi jéngst wéi se am Kannerheem opgeholl gi sinn, véier bis sechs Wochen al waren.

Fir mat der Duerfgemeinschaft op guddem Fouss ze stoen an och ënnert de Kanner kee Näid opkommen ze loossen, hunn „Les Amis de Gambie“ nach ee Fussballsterrain ugeluecht. Deen dréit vill zur Integratioun bäi an se hunn alleguerte vill Spaass domadder. Donieft sinn nach dräi Pëtzer gebaut ginn, déi den 3.000 Awunner zerguttst kommen.

Fir dem Duerf och mat bëllegem Stroum entgéint ze kommen – normalerweis hänken an den Haiser Compteure wou ee fir un de Stroum ze komme muss Mënzen awerfensinn Wandmillen a Sonnekollektoren opgeriicht ginn. Natierlech gëtt och gehollef wann emol een a Nout geréit an insgesamt dierf ee soen, datt d‘Kannerheem gutt opgeholl ginn ass.

All anescht, all d‘selwecht

Ervirzehiewen ass dann nach, datt am Kannerheem och ee Bouf ass, deen Trisomie huet. Hei ass et kloer dat de Jong bis zum Liewensenn wäert am Heem bleiwen. Hie geet awer wéi all déi aner an d‘Schoul an et ass erfreelech ze gesinn, datt all déi aner Kanner op hien oppassen.

Wat déi berufflech Ausbildung betrëfft, esou gëtt grousse Wäert drop geluecht, datt déi jonk Erwuessen sech fir eppes entscheede wat hinne wichteg ass. „Jidderee soll d‘Chance kréien sech säin Dram ze erfëllen, dat ze maache wat him gefält“ ënnersträicht d‘Sia. Eent vun de Meedercher mécht dann och eng Léier als Coiffeuse-Estheticienne.

Och déi artistesch Vokatioune ginn ënnerstëtzt. E Jong, mat deem et ugangs eppes méi schwiereg war, konnt no laangem Sichen a Probéieren och säi Betätegungsfeld fannen. Hie moolt an seng Biller erfreeën och schonn zum Deel op internationalem Niveau, wëll natierlech d‘Frënn vun der ONG déi och mat op Lëtzebuerg bréngen.

Kreativitéit ass a Gambia awer net op d‘Konscht beschränkt. Ee weidere Jong wëll schneider ginn an hei gëtt aktuell no enger Léierplaz gesicht. De Beruff vum Schneider ass a Gambia eng Männerdomaine an ee respektéierte Liewensprojet.

Hëllefen a gehollef kréien

Ze bedenke gëtt d‘Presidentin nach, datt et Kanner gëtt, déi Traumatesches erlieft hunn. D‘ONG u sech, mee am besonneschen d‘Personal – alles Afrikaner – ass dann och beméit, datt déi sech wuel fillen an hire Fridde fannen. „Ech hunn se all léif, esou wéi wann et meng eege Kanner wieren“ seet d‘Sia Jongeneel, déi selwer keng Kanner konnt kréien.

Esou gëtt gehollef wou gehollef muss ginn. Mee och d‘ONG kritt gehollef, dat duerch Sponsoren déi fir de Fonctionnement vum Kannerheem ee grousse Bäitrag leeschten. Awer och duerch ee sëllechen Hänn déi vir Uert eng zolidd Hand unzepake verstinn. Esou beispillsweis de Pascal Clement, deen zanter fënnef Joer mat der ganzer Famill op Sinchu Alhaje kënnt fir de Projet weider auszebauen.

Esou d‘Wunn-Eenheet mat der Bezeechnung „In-Between House“. Eng Struktur vum Kannerheem wou déi „Grouss“ éischt Schrëtt an d‘Selbststännegkeet maache kënnen. Hei mussen sech dann och selwer ëm Stroum a Waasser këmmeren. An dësem Haus sollten se kënne bleiwe bis se 20 – 21 Joer al sinn. Eng vun de Kanner ëmschwäermte Mataarbechterin wunnt schonn do an déi éischt Kanner wäerten 2018 anzéien.

Schwéieren Häerzens

D‘Sia Jongeneel huet esouwäit ville vu sengen Ziler erreecht, wat och gutt ass. Wëll déi energesch Dame huet, wéi et am Liewen eben net ëmmer den „aneren“ geschitt, am Dezember 2016 eng schlecht Nouvelle kritt. Et ass ee Kriibs bei him festgestallt ginn, een deen sech och schonns am Kierper ausgebreet huet. 18 Chimio‘en hat d‘Sia schonn iwwert sech ergoe gelooss iert mir eist Gespréich mat him gefouert hunn. Op den amerikaneschen Onofhängegkeetsdag ass operéiert ginn.

Wat d‘Gesondheet ubelaangt hat d‘Sia dann och vun Ufank un mat oppene Kaarte Gespillt. Aus de Sponsoren, Frënn an Ënnerstëtzer huet sech ee grousse Grupp zesummefonnt, déi alleguer um Projet wëlle festhalen. Konkret am Sënn vun der Zuklunft vum Kannerheem, ass virgesinn, datt et iergendwann Autonom ka funktionéieren. 17 Leit Personal sinn op der Plaz an hu gréisstendeels och déi néideg Erfarung.

Related topics Amies de Gambie, Gambia
Next post Previous post