Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zefridde Wënzer an eng räichhalteg Wäilies – De Bilan vun dësem Joer
https://moien.lu/dating-inside-your-own-race/ Neiegkeeten https://moien.lu/site-dating-casatoriti/

https://moien.lu/abilene-dating-sites/

D’Lëtzebuerger Biowënzer freeën sech iwwert hir héich qualitativ Lies. No

https://moien.lu/miss-ko-na-yung-dating-ikaw-quotes/
https://moien.lu/dating-inside-your-own-race/ Neiegkeeten https://moien.lu/site-dating-casatoriti/

Wann e bis rullt, rullt et?

Et gouf scho vill – ganz vill! – iwwert den

En Dag an der Natur – 300 spannend Aktivitéiten am Fräien
https://moien.lu/dating-inside-your-own-race/ Neiegkeeten https://moien.lu/site-dating-casatoriti/

En Dag an der Natur – 300 spannend Aktivitéiten am Fräien

Vum 1. Abrëll bis den 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Wéi d’Elteren hire verstuerwene Bouf op eng lescht Rees schécken

Wéi d’Elteren hire verstuerwene Bouf op eng lescht Rees schécken

Fir déi eng kënnt d’Enn vum Liewe leider méi schnell, wéi bei aneren. D’Eltere vum verstuerwene Brian Mullins aus Texas wollten hirem Jong, och wann hien et net méi mat kritt huet, ee Wonsch erfëllen an hien op eng lescht Rees schécken.

Am Fréijoer 2019 ass den 39 Joer jonke Brian Mullins verstuerwen. Trotz Trauer wollten d’Elteren u seng Léift zur Fräiheet erënneren an mat enger ganz besonnescher Aktioun un den Texaner gedenken. Wéi seng Mamm Darlene Mullins erkläert huet war hiert Kand ee begeeschterte Fëscher, deen d’Welt bereese wollt. Allerdéngs koum zu Liefzäiten ni d’Geleeënheet, fir ee vun de groussen Ozeaner ze besichen.

Nom fréien Dout hu si dofir decidéiert, eng aussergewéinlech Fläschepost ze verschécken. Gefëllt mat den Äsche vum Mann, engem Bréif an e puer Su, sou datt d’Persoun, déi d’Fläsch fënnt der Famill uruffe kann, sollt dem Brian säin Dram Wouer ginn.

lescht Rees

© EminentShenanigans

D’Wellen hunn d’Fläschepost schliisslech an d’Hänn vun der Offizéiesch Pendleton geschwemmt. Nodeems si eréischt viru kuerzem selwer hire Mann begruewe misst, huet si de Message vun der Famill Mullins extrem emotional opgeholl. „Ech souz hei a mengem Auto an hu gekrasch, wéi ee kleng Kand.“ Dem Brian seng Elteren hate folgenden Text geschriwwen:

„Hallo, dës Fläsch enthält d’Äsche vu mengem Jong, dem Brian, dee bemol an onerwaart um 9. Mäerz 2019 gestuerwen ass. Méi wéi alles anescht huet hie sech duerno geseent fräi ze sinn an esou schécken ech hien op eng lescht Aventure. Dës Fläsch kënnt vun Destin, Florida. Wann s du se fënns, schreif mir oder ruff mir un a looss et mech wëssen. Ech hun dir 4 $ hannerlooss, fir den Telefon. Setz och du deng eegen Notiz dobäi a looss hien erëm fräi. Mäi Jong war 39 Joer al, wéi hie gestuerwen ass. Loosst hie weider reesen. Léif Gréiss.“

lescht Rees

© EminentShenanigans

Den zweeten Deel vum Bréif gouf vum Brian sengem Meedche geschriwwen. Den tragesche Verloscht huet hatt mat 14 Joer verkrafte missen. Wéi hatt schreift, huet den Dout déi ganz Famill schwéier getraff an et wier nach ëmmer een haarde Wee fir si. „Mee wéi meng Bomi scho sot, hie wollt fräi sinn. A genau dat loosse mir elo och zou.“

lescht Rees

© EminentShenanigans

Beréiert vun de Wierder an dësem Bréif vun der Fläschepost, wollt och d’Offizéiesch dem Brian seng Rees viru féieren an hien nach ee Stéck duerch d’Welt droen. Dofir ass si mat den Äschen esou wäit laanscht d’Küst gereest, wéi et fir si méiglech war.

Ähnlech Sujeten Äschen, Bréif, Brian Mullins, Dout, eng lescht Rees, Florida, Fräiheet, Offizéiesch Pendleton
Nächsten Artikel Virrechten Artikel