Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi gréng mussen hir Regierungsekipp nei opstellen
https://moien.lu/internet-dating-first-messages/

Déi gréng mussen hir Regierungsekipp nei opstellen

Wéinst dem nach ëmmer schlechte Gesondheetszoustand vum Justizminister Félix Braz,

manhattan 34 speed dating
https://moien.lu/internet-dating-first-messages/

https://moien.lu/another-word-for-casual-dating/

En Dënschdeg, sechsten Dag vun enger Katastroph där hiert Ausmooss

Den LCGB hätt gäre vum Finanzminister e puer Erklärungen
https://moien.lu/internet-dating-first-messages/

Den LCGB hätt gäre vum Finanzminister e puer Erklärungen

An dësem Fréijoer, ginn eng gréisser Unzuel vu bestuete Steierzueler

Vill Emotioune beim „leschte“ Bilan vun de Stater Beruffspompjeeën

Vill Emotioune beim „leschte“ Bilan vun de Stater Beruffspompjeeën

Et war dee leschte Bilan, dee gëschter vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) an der Schäffin Simone Beissel (DP) zesumme mat der Direktioun vun de Stater Beruffspompjeeë virgestallt ginn ass. An zugläich en Dag op deem mat Zouversiicht an d‘Zukunft gekuckt gouf.

„Et geet engem ënnert Haut“ huet d‘Lydie Polfer an hirer Ried ënnerstrach „well et ass dat eleiten dee leschte Bilan vun dee mir zesumme mat den Verantwortleche vun de Stater Rettungsdéngschter presentéieren“. No iwwer 100 Joer muss d‘Stad Lëtzebuerg dee bis ewell eenzege professionelle Corps „zéie“ loossen, wann och net ganz…

Eng gutt a noutwenneg Reform

Mat der Reform déi all d‘Rettungsdéngschter (Pompjeeën a Protection Civile) ënnert engem Dach vereenegt, an déi och vun der Stater Buergermeeschtesch an der Chamber matgestëmmt ginn ass, geet eng Ära op en Enn. Mat der Aglidderung an den CGDIS, kritt de Corps dann allerdéngs och eng gréisser Verantwortung operluecht. Si sinn de Garant fir eng héichwäerteg Formatioun.

An esou hat dann och d‘Schäffin Simone Beissel verständlecherweis eng Tréin am Knapplach. 9 Joer laang hat si déi politesch Verantwortung op de Schëlleren. Joren déi wéi am Fluch vergaange sinn, wat besonnesch enger exzellenter Entente an dem gudde Versteesdemech ënnert de villen Acteure geschëlt ass. Si mécht dat dorunner fest, datt Pompjee sinn, méi wéi just e Beruff ass.

D‘Zukunft huet schonn ugefaangen

Vergiesse mir dann och net nach emol drun ze erënneren, datt den neien an héich modernen nationalen Zenter fir d‘Rettungsdéngschter (CNIS) och an der Haaptstad am entstoen ass. D‘Aarbechten, déi an zwou Phasë stattfannen, sollten Termingerecht bis 2020 ofgeschloss sinn, woubäi e vun de modernste Formatiounszenteren an Europa entsteet.

Mam Akraafttriede vun der Reform, gëtt de Colonel Serge Heiles, deen de 27. Abrëll d‘Nofolleg vum Erny Kirsch ugetrueden huet, neie Chef de Service. En Job mat vill Verantwortung, well hien et ass, deem et soll (a wäert) geléngen d‘Entwécklung vun der Complementaritéit tëscht de Fräiwëllegen a Beruffspompjeeë virunzedreiwen.

All Hänn voll ze dinn

Mat engem Bléck an de Bilan, duerch deen de Colonel Serge Heiles gefouert huet, gëtt engem séier ersiichtlech, datt de Beruff als Stater Pompjee all eenzele fuerdert. Op Brand oder Sauvetage, den Asaz vun den Ambulanzen oder d‘Berodung am Brandschutz an/oder bei Manifestatiounen, d‘Aufgabe vum Stater Corps sinn esou villfälteg, do huet e séier ee vergiess.

Dat maachen och d‘Zuelen däitlech: 2017 huet et insgesamt 17.809 Interventioune ginn, déi vun 186 Leit hu misse gestemmt ginn. Glécklecherweis, sinn d‘Pompjeeën hei awer „nëmmen“ op 468 Bränn geruff ginn, vun deenen der dann awer nach 111 op en Zëmmerbrand entfalen. 39 mol war Feier an enger Kichen ausgebrach an 30 mol huet en Auto Feier gefaangen.

Beruffspompjeeën

© Martine de Lagardère/moien.lu

Och de Sauvetage huet sech „net gelangweilt“: 364 mol hu si bei Verkéiersaccidenter agegraff, a ganzer 80 mol hu Leit aus engem Lift misse befreit ginn, fir zwee Beispiller ze ernimmen. Besonnesch oft ënnerwee waren d‘Rettungsdéngschter an de Quartieren: Zentrum (235), Gare (201), Bouneweg (153), Belair (118), a Kierchbierg (115).

D‘Ambulanzen hunn 14.182 Asätz absolvéiert, an dat besonnesch oft zu: Bouneweg (1.663), op der Gare (1.592), um Kierchbierg (1.364) an am Zentrum (1.1.76). D‘Ambulanze sinn och ronn 1.500 mol „ëmsoss“ erausgefuer. Mee hei gëtt betount, datt ee léiwer emol ze vill erausfiert, wéi eng Kéier ze mann. „Eidel“ gefuer ginn ass haaptsächlech, well d‘Persoun net wollt matgeholl ginn.

De Preventiounsbüro, deen duerchgoend vu néng Leit besat ass, hat 1.645 Seancen, bei deenen et beispillsweis drëms gaangen ass en Avis am Kader vun enger Baugeneemegung ofzeginn. Mee och beim Plange vu Chantieren, Manifestatiounen, oder dem Ausschaffe vu Asätzpläng ass d‘Wësse vun dëser Equippe gefrot. Net ze vergiessen, datt si sech och ëm d‘Formatioun këmmeren.

Eng kleng Remark

An dat ass dann elo och wierklech nëmmen ee ganz klengen Iwwerbléck, iwwert alles dat wat vum Stater Corps 2017 geleescht ginn ass. Dat huet och Geld kascht: bal 18 Milliounen Euro eleng fir Personal a Fonctionnement. Eng Zomm, déi awer onbedeitend ass, wann een et a Relatioun mam Wäert vun engem Mënscheliewe bréngt. Déi Männer a Frae sinn all Euro wäert, Punkt!

Dofir muss et op dëser Plaz erlaabt sinn, och nach emol e groussen Appell u jiddereen ze riichten, si dach wann ech gelift bei hirer Aarbecht net ze behënneren. Och de Frechheeten, deenen si a leschter Zäit ëmmer ëfters ausgesat sinn, sollten eis ze denke ginn. Et kann an et dierf einfach net sinn, datt déi Leit, déi fir eis d‘Wuel an eis Sécherheet astinn, net mam néidege Respekt behandelt ginn.

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beruffspompjeeën, CGDIS, CNIS, Respekt, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel