Search

You may also like

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun
Geek Neiegkeeten Sport

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun

No hirem „Piquet“ an enger éischter Entrevue mam Mediateur um

Nowhere Brewing – d‘Konscht gudde Béier maachen ze loossen
Geek Neiegkeeten Sport

Nowhere Brewing – d‘Konscht gudde Béier maachen ze loossen

Et gëtt bosseg Geschichten déi nëmmen d‘Liewe schreiwe kann: „viru

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung
Geek Neiegkeeten Sport

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung

Um Méindeg huet de President vun der Salariatskummer (CSL) Jean-Claude

geek

Lëtzebuerg huet elo eng Federatioun fir e-Sports

Lëtzebuerg huet elo eng Federatioun fir e-Sports

D‘Luxembourg Esports Federation Asbl (LESF) besteet zanter dem leschten Dënschdeg offiziell, a kann sech elo besser, oder zumindest mat méi „Gewiicht“ dofir asetzen, datt e-Sports och bei eis am Land als vollwäertege Sport unerkannt gëtt.

Mat hirem President Joe Hoffmann, wäert LESF Asbl d‘Interesse vun den nationale Veräiner ze verdeedege wëssen. Op um nationalen oder um internationale Plang, d‘Gamer aus Lëtzebuerg hunn elo en Daachverband deen hir Interesse vertrëtt. Si sinn dann och gutt beroden sech der Federatioun unzeschléissen. An dat mécht Sënn, well d‘Communautéit wiisst vun Dag zu Dag…

Op der ganzer Welt gëtt et ronn 600 Milliounen Amateuren an dausende Profien, firwat den Joe Hoffmann mat senge Kolleegen am Verwaltungsrot, sech der Politik elo wäert méi konsequent opdrängen. E-Sports ass wäitaus méi wéi „Fräizäitbeschäftegung“, et ass ee Marché mat héijer Plus-value. D‘Lescht Joer huet dësen „elektronesche“ Sport iwwert e1 Milliard US-Dollar ëmgesat.

Hie verwiert sech zudeem dem Argument, datt e-Sports eng net vum internationalen olympesche Comité (CIO) unerkannte Sportaart ass, an esou den Ament och net wierklech en Usproch op Unerkennung hätt. Dobäi stoungen d‘e-Sports an der Diskussioun fir d‘Olympiade 2024 zu Paräis. Datt de CIO – deen aus urale Männer besteet – d‘Fakten net erkennt, ass mindestens bedauerlech.

lesf

Net nëmmen an den USA sinn d‘Wettkämpf beschtens besicht, och hei an Europa ginn dës Events massiv besicht. Zu Lëtzebuerg huet et eng Rei erfollegräich Meetingen an der Schongfabrick zu Kayl-Téiteng ginn, déi engem duerchaus verdäitlechen, datt et nieft engem groussen Interessi, och nach ee Maart fir dës Sportaart gëtt. © Stern List / unsplash

Mee vläicht wëllen se et net wouer hunn, datt an iwwer 60 Länner e-Sports als vollwäertege Sport unerkannt gëtt. Op der däitscher Sporthéichschoul zu Köln sinn se do schonn eppes méi wäit. Si hunn sech dëser Sportaart ugeholl a mëttels enger Rei Studien nogewisen, datt e-Sports all déi noutwenneg Konditiounen erfëllt, fir als vollwäerteg Sportaart unerkannt ze ginn.

Méiglecherweis kann een e-Sports net op een Niveau mat den traditionelle Sportaarte setzen, woubäi et jo och do deels grouss Ënnerscheeder geet, egal op beim Training oder dem Wettkampf. Et ass zudeem falsch sech virzestellen, datt Gamer sech vun zockerhaltegem Gedrénks a Salzgebäck erniert. Zudeem ass net all Gamer en Nerd oder ee Geek, och wann dat éischter hëllefräich ass.

A wann een et géif richteg ugoen, géif een net den Uschloss verpassen. Lëtzebuerg huet den Ament nach net wierklech den internationalen Niveau, dee méiglech wier. Et wier esou gesinn och net verkéiert driwwer nozedenken, e-Sports an d‘Informatikcoursen an der Schoul ze implementéieren. Mat gudde Strukture kann een d‘Viraussetzunge schafen déi Champione brauchen.

Illustratioun: Wärend zu Lëtzebuerg nees blockéiert gëtt, entwéckelt sech den e-Sport an anere Länner rasant weider. Et geet hei, wéi an alle Sportaarten och ëm ganz vill Geld, an de President vun der LESF Asbl ass der Meenung, datt mir eis sollten ustrenge fir den Uschloss net ze verpassen. © Alex Haney / unsplash

Related topics Esports, Joe Hoffmann, LESF, Sport
Next post Previous post