Search

You may also like

dislike
Weltgesondheetsdag: Eng Krankeversécherung fir jiddereen!
Neiegkeeten

Weltgesondheetsdag: Eng Krankeversécherung fir jiddereen!

De Weltgesondheetsdag gëtt all 7. Abrëll zelebréiert. Dëst Joer ass

Gemengen Zukunftsfit maachen
Neiegkeeten

Gemengen Zukunftsfit maachen

Leschte Méindeg 21. Januar huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Vertrieder

Liquidatioun bei Saint Paul/Mediahuis
Neiegkeeten

Liquidatioun bei Saint Paul/Mediahuis

Nodeems am Abrëll de Multimedia-Grupp Mediahuis NV als majoritären Aktionär

LËTZ GO GOLD um 26. September 2020: Lafe fir d’Kriibsfuerschung bei Kanner

LËTZ GO GOLD um 26. September 2020: Lafe fir d’Kriibsfuerschung bei Kanner

An de leschten zwee Joer konnt duerch d’Initiative LËTZ GO GOLD ganzer 550.000 € duerch 1.355 Participante gesammelt ginn. Mat de gesammelte Sue soll d’Recherche am Beräich vu Kriibs bei Kanner virubruecht ginn, fir esou nei a méi effikass Traitementer ze fannen. E Samschdeg, de 26. September 2020 fënnt déi 3. Editioun vum Spendelaf an ugepasster Form statt.

No engem éischten Appell am Kader vu „Fight Kids Cancer“, fir europäesch Projeten zur Fuerschung vu Kriibs bei Kanner ze fannen, si ganzer 23 Initiativen agereecht ginn. Zesummen hunn d’Fondatioun Kriibskrank Kanner, KickCancer (BE) an Imagine for Margo (Fr) d’Projeten op hir Qualitéit, den Impakt an d’Innovatioun bewäert.

Zeréckbehale goufe 6 Projeten aus Frankräich, der Belsch, Éisträich A Spuenien), déi sech op verschidde Beräicher bezeien (Gehirtumoren, akuter myeloescher Leukemie, Osteosarkom, Neuroblastom, rhabdoid Tumoren).

Duerch d’Initiative LËTZ GO GOLD ginn all Joer weider Fonge gesammelt, fir esou dës spezifesch Fuerschung z’ënnerstëtzen.

Lëtz go gold

© Fondatioun Kriibskrank Kanner

Déi 3. Editioun vu LËTZ GO GOLD

Och wärend der Pandemie brauche kriibskrank Kanner all Hëllef, déi si nëmme kréie kënnen. D’Organisateuren hunn d’Editioun 2020 vun LËTZ GO GOLD un déi aktuell sanitär Kris ugepasst: „D’Course gëtt anescht, mee aussergewéinlech: Mir hunn e Prinzip vun der verbonnener Course opgestallt, wat et jiddwerengem erméiglecht deelzehuelen, wou en och ass, an awer an der Solidaritéit“, erkläert d’Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner.

Méi genee heescht dat, datt iwwert e Live Stream de Warm Up iwwerdroe gëtt, ier et dann un d’Lafe geet. D’Suen, déi erakommen, gi komplett un d’Fuerschung vum Kannerkriibs, fir esou nei Traitementer ze fannen a schonn existent Behandlungen ze verbesseren.

Lëtz go gold

© Fondatioun Kriibskrank Kanner

All Privatpersoun an Entreprise kann iwwert de Smartphone, den Tablet oder de Computer un der Initiative deelhuelen an hëllefe wichteg Fongen ze sammelen. Déi 3. Editioun vu LËTZ GO GOLD fënnt e Samschdeg, de 26. September 2020 statt. Umelle kann ee sech iwwert www.letzgogold.lu.

Opmaacherbild © Fondatioun Kriibskrank Kanner

Related topics Anne Goeres, Europa, Fight Kids Cancer, Fondatioun Kriibskrank Kanner, Fuerschung, Kockelscheier, Lëtz Go Gold, Live-Stream, Projeten, Wëssenschaft
Next post Previous post