Search

You may also like

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert
Stories

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert

Beim leschten EU-Sommet vun dësem Joer, hunn sech d‘Staats- a

Kleedergeschäft „Zara“ verléisst d‘Groussgaass
Stories

Kleedergeschäft „Zara“ verléisst d‘Groussgaass

De spuenesche Grupp „Inditex“ – mat ee vun de gréissten

money
ULC a KPL si sech eens
Stories

ULC a KPL si sech eens

De leschte Méindeg huet et um Sëtz vun der KPL

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter

Mat enge Ronn 50 Stänn, déi lokal Produkter verkafen a virstellen, hat sech leschte Weekend déi Escher Kulturfabrik an ee grousse Maart verwandelt. Design, Bijou’en, Iessen an Gedrénks, mee och Kannersaachen, Bicher, Fleege-Produkter an allerlee Déngschtleeschtungen, et war vun allem fir jiddereen eppes derbäi.

Fir all déi, wou op dësem summerleche Weekend anerwäerts beschäftegt waren – et wor jo genuch lass an eisem Ländchen – ware mir eis ëmkucken. Leider war et och net wierklech méiglech all eenzele Stand ënnert d’Lupp ze huelen, mee mir hunn der ee puer fonnt déi sécherlech ee puer Zeile wäert sinn. Wiem mir domadder Loscht op méi sollte maachen, de lokale Maart ass am fréien Hiecht an de Rotonden, do kann een dat verpassten dann nohuelen.

Stuff 4 Kids by LOULOU

Esou si mir dann direkt emol vun engem Stand, dee sech ganz a Pastellfaarwe presentéiert huet, ugezu ginn an hunn eng ganz léif a frëndlech Dame kennegeléiert. D’Loulou Ferreiera vu Réiden un der Attert huet déi schéinste Kannersaache déi eis a leschter Zäit ënnert d’Ae komm sinn. Dat ganzt selwer gemaach an handgebitzt.

De Stand vu „Stuff 4 Kids by LOULOU“ presentéiert mat dat schéinst wat een engem Kand kann undoen an schenken. De Choix ass immens a Wënsch ginn op Demande och erfëllt. Mammen a Pappe sollten op mannst ee Bléck an den Internet werfen. – © Martine de Lagardère

Virwëtzeg wéi all näischt Gutts wollte mer da wësse wéi een op esou eng cool Iddi kënnt. An d’Loulou huet eis dann och (bal) alles verroden: „Et huet beim éischte Kand, engem Bouf, ugefaangen. Ech hu weider net vill fonnt wat mer gefall huet an hunn him seng Saache selwer hirgestallt. Do hunn ech gefalen un der Aarbecht fonnt a weider Iddien entwéckelt, Verschiddenes verschenkt, an wéi et esou geet, wann eppes de Leit gefält, och gefrot gi fir Saachen ze maachen.“

A wéi d’Liewen esou spillt, huet d’Loulou dunn emol op verschidde klenge Mäert gekuckt op een dorausser net kéint ee Geschäft maachen. Gutt gesinn, well Zanter 2014 ass „Stuff4Kids by Loulou“ ee richtegen Erfolleg. Kreatioun a Produktioun leien an eegener Verantwortung. Ganz schlëmm muss et fir de Client sinn sech fir eppes ze entscheeden, also mir hätten do ee ganzen Dag gebraucht.

Mee ganz am eescht, alles ass wierklech immens flott gemaach a wien een oder méi Butzen huet déi eppes Originelles sollten hunn, sollt sech dem Loulou seng Kreatiounen onbedéngt ukucken. Kafen ass besser, zemools well och de Präis wierklech korrekt ass.

Art & Lumière

Beim Stand vum Charel Moes si mer op Aussergewéinleches gestouss. Megaflott Käerzeliichter a Luuchten aus Beton. Jo tatsächlech „Beton“ kléngt verréckt, ass et och. Wat awer dat besonnescht ass un dëse Luuchten, se sinn einfach schéin, deḱorativ an eng echt Alternativ zum übleche Geliits, besonnesch wann een do un ee schwedesche Bastelbutték denkt.

D’Stänn vum Charel Moes an dem Tiziana Nardini. Kreatiounen fir all déi, wou sech net mat Masseprodukter wëllen zefridde ginn. Exklusivitéit déi ee wuel ne geschenkt kritt, dofir awer kaum een anere virzeweisen huet. – © Martine de Lagardère

Och beim Charel hat alles emol kleng ugefaangen. Zerdéischt mécht een emol eppes fir sech, dann nach eppes bis op emol d’Fra engem noleet sech vun deem engen oder anere Stéck ze trennen. Da kréie Frënn a Bekannten eppes. Dat gefält et deenen a se maache Reklamm, woubäi an Tëschenzäit, wëll jo nees Plaz war, schonn Neies gemaach ginn ass.

Wéi och ëmmer, dat ganzt huet seng eegen Dynamik entwéckelt an Zanter 2011 huet de Charel säin Internetshop a kënnt ganz gutt virun. Woubäi et op dëser Plaz wichteg ass ze bemierken, datt et beim Charel doheem 3 mol d’Joer eng „Oppen Dier“ gëtt wou d’Leit dann op der Plaz kucken a kafen dierfen. A sengem Sortiment kann een awer och Kreatioune vun anere Leit fannen, datt ganzt zu abordabele Präisser.

E/UND

Direkt nieft dem Charel de Stand vum Tiziana Nardini, eng Réimerin déi zu Lëtzebuerg eng nei Heemecht fonnt huet an och esou säit 2010 esou muench skurril Objete fabrizéiert. Wa sécherlech d’Poterie ee wichtegt Standbeen ass, esou léisst sech d’Tiziana net a senger Kreativitéit beschränken.

Mat enger bosseger Iddi, déi awer schonn nees direkt genial ass, huet et zwee Projeten entwéckelt déi all Bicherfrënd an och soss Konschtbegeeschtertem Mënsch dierft d’Häerz héijer schloe loossen. D’Titziana mëscht aus ale Bicher Schreifhefter, déi der esou, an där Qualitéit nach net gesinn hutt. De Clou oder dat ganz besonnescht, wann der esou een Heft äert eegent dierft nennen, kann et sinn, datt dir do Saachen dra fannt déi esou originell sinn… mee bon iwwerzeegt iech dach léiwer selwer.

Fir dee ganz exklusiven “tea-time” huet sech d’Tiziana Nardini eng afale gelooss, mat där de Client garantéiert fir Opmierksamkeet bei senge Gäscht dierft suergen. – © Martine de Lagardère

Mat deem selwechte Gedanken, a mat deem wat zu gudder Lescht nach vun de Bicher iwwereg bliwwen ass, mëscht d’Tiziana ganz exklusiv Téisäckelcher. Den Téi deen hei verwennt gëtt ass absolut héichwäerteg. Dat besonnescht, um Wutz, wou soss zimlech kleng geroden ass, hei dann awer scho richteg impressionnant dohirkënnt, ass dat ee genee gewuer gëtt aus wéi engem Buch dat klengt Konschtwierk entsprongen ass.

Lëtzebuerger Moschter

Eng national Ikone fir d’Lëtzebuerger Gastronomie wollte mer net an hu mir eis och net entgoe gelooss. D’Moutarderie de Luxembourg déi vun der Famill Munhowen elo schonn an der véierter Generatioun besteet, bestécht mat Qualitéitsproduiten déi der vun engem Konzern net kënnt gebuede kréien. An déi puer Cent déi ee vläicht méi muss ausgi sinn et derwäert se op mannst emol ze probéieren.

De Roland Munhowen hannert sengem Stand. Jidderee konnt sech hei iwwerzeegen, datt eppes wat säit 1923 ville Generatioune geschmaacht huet, haut ëmmer nach ee kulinaresche genoss ka sinn. – © Martine de Lagardère

De Roland Munhowen huet eis dann awer emol op puer Neiegkeeten opmierksam gemaach déi mir iech onméiglech kënne virenthalen. Wéi gesot egal wéi eng Moschterzort dir hei kritt, et ass einfach dat bescht wat de Marché hei am Land hir ka ginn. Dat gëllt iwwregens och fir d’Mayonnaise. Wat een awer elo vläicht nach net esou kennt dat ass eng Moschter-Mayonnaise an d’Andalouse.

D’Andalouse ass gewinnt schaarf an nëmme mat de beschten Ingredienten zoubereet. Kuerz een „Delice“ fir all déi wou et „hot“ wëllen. Wat awer dem Bréif de Stempel opdréckt, ass definitiv de Munhowen’s hir Moschter-Mayonnaise. Déi passt zu esou ville Geriichter därmoosse gutt, datt et engem Verbriechen nokënnt net esou ee Glas am Frigo stoen ze hunn. Dat ass net einfach eng Mayonnaise mat Moschtergout, dat ass ee Gedicht iwwert dat sech all Fritt gelleg dierft freeën.

Lëtz’Cookie

Vum Gemoschters bäi eppes Zockerséisses. Säit 2015 produzéiert d’Spaass Sarl um Gréiweknapp Cookies. Alles mat – esou wäit méiglech – Ingredienten aus Lëtzebuerg. Et gëtt es mëttlerweil schon siwen Zorten a geplangt ass eng Glutenfräi-Variant.

De Patrick Fuchs huet vollkomme Recht op déi ugebuede Produkter houfreg ze sinn. Déi gesinn net nëmme gutt aus, déi sinn ergräifend lecker. – © Martine de Lagardère

D’Karin an de Patrick Fuchs konnten eis dann och net nëmmen iwwerzeegen, datt de Produit gutt ass, mee doriwwer eraus och eng ganz exklusiv Geschenkiddi ka sinn. Am Glas, dat ee selbstverständlech, wenn een et dann eidel geläffelt huet, kann nees benotzen, ass det eleiten och ee Produkt dat ëmweltverdréiglech ass.

City Tourist Office

Och mat engem Stand vertrueden, den Escher City Tourist Office, dee sech mat Merchandising a ville nëtzlechen Informatiounen engem breede Publik um lokale Maart virgestallt huet. Si hunn mat Begeeschterung d’Invitatioun matzemaachen ugeholl.

D’Nancy Petit an de Carlos Cardoso hunn d’Faarwe vun der Stol-Metropol héich gehalen. Mat vill Frëndlechkeet a gutt gelaunt stoungen si alle Froen oppe géinteniwwer. – © Martine de Lagardère

D’Nancy Petit, ënnerstëtzt vum benevolle Carlos Cardoso haten eng Hellewull un wëssenswäertem iwwert déi sëllech Aktivitéiten um an ronderëm de Gaalgebierg, dee jo net nëmmen aus engem Camping an dem Déierepark besteet. An der Stad selwer gëtt et och muenches ze entdecken an wa een scho bei der Kultur ass, dierf dorops higewise ginn, datt een op 12 Boltgen-Strooss och Tickete fir Concerten an Theater kritt. Bei Geleeënheet erakucken ass deemno kee Feeler.

Related topics Esch/Uelzecht, Letz' go local, Lëtzebuerg
Next post Previous post