Search

You may also like

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation
Meenung Neiegkeeten

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation

Ab elo bitt den ACL Diagnostic Center déi sougenannt Rétro-Évaluation

Wann d‘Auslänner hire Protokoll net bezuelen
Meenung Neiegkeeten

Wann d‘Auslänner hire Protokoll net bezuelen

Leschten Erkenntnisser no, hunn d‘Autoritéiten net d‘Méiglechkeet de „Gäscht“ déi

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!
Meenung Neiegkeeten

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!

Fir seng éischt Eenzelausstellung huet de Lëtzebuerger Artist Joël Rollinger de

Editorial: Lëtz make it happen!

Editorial: Lëtz make it happen!

Datt den Etat de Kris wéi och deen domadder verbonnene Confinement kengem dierft liicht gefall sinn, doriwwer misst en eigentlech keng Diskussioun ginn. Datt den Deconfinement och net géif einfach ginn, war sécherlech ze erwaarden, zemools engersäits keen déi zwee Covid19-Gesetzer déi kierzlech an der Chamber gestëmmt goufen, gelies huet, an anersäits dës zimmlech onverständlech formuléiert sinn.

Beim Grondsätzlechen awer, also der Erkenntnis, datt de Virus nach ëmmer säin Onwiesen dreift an et aus dësem Grond richteg an noutwenneg ass och weiderhin déi puer Mesuren – Maskeflicht a Sécherheetsofstand – anzehalen, sollt een dierfen unhuelen, datt et e breede Konsens gëtt. An déi allermeeschten halen sech drun, och wann hinnen am Häerzen no méi gelëscht. Mee et ass nach ëmmer net un der Zäit fir Party.

A wann sech kee seng Fräiheete wëll ofhuele loossen, Repressioun souwisou nëmmen a leschter Instanz sollt agesat ginn, dann ass et engem gänzlech onverständlech, datt d‘Lëscht vun de Verstéiss, déi d‘Police vum Freideg- bis Sonndegowend huet misse feststellen, einfach vill ze laang ass. Dat Ganzt ass awer kee Spaass an d‘Polizisten hu keng Freed dorunner de Spillverdierwer ze spillen, mee et gëtt Limitten.

Déi goufen dann och Plazeweis iwwer Mooss strapazéiert, firwat et vläicht wichteg ass nach emol drop hinzeweisen, datt een als Client virun allem sengem Wiert schued. Sécher dierf ee festhalen, datt ënnert dësen och e puer Klautercher gëtt. Et dierft de wuel och ginn, déi all Cent an hirer Kees brauchen, fir iwwerhaapt iwwert d‘Ronnen ze kommen, an eigentlech gutt berode wieren, sech ee Protokoll an eng administrativ Fermeture ze erspueren.

Och an d‘Natur Ausweechen, fir am „klenge“ Krees Party ze maachen, ass net wierklech dat, wat een als Vernënfteg ka bezeechnen. Kloer, et ass verlackend, well wien mengt net eng Plaz ze kenne wou ee „garantéiert“ ongestéiert a viru virwëtzege Blécker maachen a loosse ka wat ee wëll. Dat et esou Plaze faktesch keng gëtt, an zudeem och d‘Verwaltung vun der Natur an de Bëscher besser oppasst, gëllt als erwisen.

A jo, et ass net lëschteg. Et ass éischter nervend an et ass ustrengend. Dobäi ass Summer, also déi Joreszäit wou een eigentlech vun der Nuecht profitéiere kann, fir mat de Frënn an/oder der Famill eppes méi laang zesummenzesëtzen. Géif sech elo all Mënsch eppes an der Gitt halen, d‘Reegele respektéieren, da sollt dat och am heemesche Gaart méiglech sinn a eis Poliziste wieren och méi zefridden. Dofir: „Lëtz make it happen!“

Illustratioun: © Nick Fewings / unsplash

Related topics Covid19 Gesetzer, Maskeflicht, Natur, Party, Sécherheetsofstand, Wiertschaft
Next post Previous post