Search

You may also like

Giuseppe Conte wéi annoncéiert zeréckgetrueden
Neiegkeeten WTF

Giuseppe Conte wéi annoncéiert zeréckgetrueden

Well sech den italienesche Regierungschef net sécher war, mat senger

money
China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung
Neiegkeeten WTF

China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung

Zu Peking huet gëschter de sougenannte Seidestrooss-Sommet ugefaangen, wou während

Handelssträit am Grenzberäich
Neiegkeeten WTF

Handelssträit am Grenzberäich

Ee Konsens op europäeschem Niveau kann et net ginn, well

surprise

Drolegt Konzept fir de „Lëtz Rise Up“ Webinar

Thema vum Webinar: Strukturelle Rassismus zu Lëtzebuerg: Wouriwwer schwätze mir?

Drolegt Konzept fir de „Lëtz Rise Up“ Webinar

Muer Samschdeg organiséiert de feministesch-antirassistesche Mouvement „Lëtz Rise Up“ ee Webinar zum strukturelle Rassismus. Et ass sech enger gesënnerter Approche ugeholl ginn, an d‘Participatioun un dësem Rendez-vous am virtuelle Raum, ass exklusiv oppriméierte Gruppe gestatt. Dës form vun der digitaler Gettoriséierung ass net nei, am Ausland kennt een dat längst.

Et ass eng gewote, mee bewosst gewielte Form vum der Kommunikatioun. Sech „net vermëschen“ gëtt hei als militant Ausdrocksform duergestallt. Eppes méi kloer: un dësem Webinar sollen ausdrécklech keng „Wäisser“ deelhuelen, wat zwar bezunn op d‘Konzept „oppriméiert Gruppen“ iergendwéi Sënn mécht, dann awer och nees net. Oder gëtt et keng Wäiss oppriméiert Mënschen?

Wéi och ëmmer, et ass ee Choix an d‘Presidentin vu „Lëtz Rise Up“ ass sech bewosst, datt dës Form vum kommunikativen Austausch „am klenge Krees“ zu Diskussioune féiere wäert. Huet allerdéngs eng ganz aliichtend wéi liicht verständlech Erklärung:

„Et wäert eis vun de Géigner de Virworf vum Kommunitarismus gemaach ginn, et dierft och nees vum ‚Rassismus géint Wäisser‘ rieds goen. Dobäi hu mir dëst Konzept net erfonnt, datt gëtt en an anere Beräicher scho laang. Gewerkschaftler treffen sech jo och ouni d‘Patronat, fir hir Themen ze beroden, an dat stéiert jo offensichtlech keen“, esou d‘Presidentin Sandrine Gashonga.

Virbild Amerika

Wat dës „Treffe mat konspirativer Konnotatioun“ ubelaangt, esou ass d‘Konzept an den USA vun de 60er Joren iwwerholl ginn. Amerikanesch Biergerrechtler a Mënscherechtsaktivisten, hunn dës Treffen allerdéngs missen organiséieren, fir net vum KKK opgemëscht ze ginn. Eng 60 Joer méi spéit kann sech – zumindest net zu Lëtzebuerg – kee wierklech eeschthaft op dës Gefor beruffen.

Anersäits kann ee Versteesdemech dofir hunn, datt sech d‘Aktiviste vu „Lëtz Rise Up“ wierklech just mat Betraffenen ënnerhale wëllen, an gläichzäiteg sécherstelle wëllen, datt déi dann och ganz fräi schwätze kënnen. Esou sollen all déi Theme behandelt ginn, déi sech mat der Diskriminéierung an der Ënnerdréckung vu Mënsche mat schwaarzer Hautfaarf zu Lëtzebuerg ausenanersetzen.

Laut der Familljeministesch gëtt et näischt géint d‘Konzept anzewennen. D‘Corinne Cahen huet erkläert, datt et Erkenntnisser aus der sozialwëssenschaftlecher Fuerschung géif ginn, mat deene beluecht ass, datt d‘Konzept nëmme Virdeeler huet. D‘Ministesch weist nach emol drop hinn, datt Lëtzebuerg ee weltoppent Land ass, an wann d‘Konzept eppes notzt, soll dëse genotzt kënne ginn.

An awer…

Wann dann elo d‘Familljeministesch net géint de Webinar „mat besonnesche Viraussetzungen“ ass, an et den Associatioune fräi iwwerlooss ass, hir Treffen no eegene Guttbefannen ze organiséieren, esou ass dem Familljeministère dann awer wichteg gewiescht ze ënnersträichen, datt si esou eppes net organiséieren. Hei gi Villfalt an net-Diskriminéierung gefërdert. Dat mécht de Webinar net…

Och bei der ASTI, der Associatioun zur Ënnerstëtzung vun den agewanderten Aarbechter, déi sech bekanntlech zanter bestoe géint Rassismus an Diskriminéierung am Land asetzt, huet een net wëlles dësem Webinar-Konzept eng schlecht Zensur auszestellen. Et bleift een allerdéngs der eegener Linn trei an et erënnert een hei drun, datt sech Rassismus net duerch Ofschottung bekämpfe léist.

Den „Ausschloss“ ass als Akt selwer schonn „Diskriminéierung“, an och de Fait datt sech hei am Argument op d‘Biergerrechtsaktivisten aus den USA bezu gëtt géif „hippen“. Un dësen Treffen hu sengerzäit och „wäiss“ Studenten an Aktivisten deel geholl, wat jo am presente Fall ausgeschloss gëtt. Wann een net mat alle Schwätzt, riskéiert een, datt herno kee méi wëll matschwätzen…

Related topics ASTI, Familljeministesch, Lëtz Rise Up, Rassimus, Sandrine Gashonga, Webinar
Next post Previous post