Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Asiicht an d‘Wielerlëschte verstéisst net géint den Dateschutz
taron egerton dating emily

D‘Asiicht an d‘Wielerlëschte verstéisst net géint den Dateschutz

Déi CSV-Deputéiert Gilles Roth an Diane Adehm haten eng „urgent“

https://moien.lu/why-dating-apps-are-the-worst/
taron egerton dating emily

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement

Am US-Staat Iowa ass ee Mëttwoch, dat schäerfste Gesetz zum

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis
taron egerton dating emily

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis

Eis Damme vum SC Beetebuerg sinn nach net esou spilleresch

Lët‘z Say No: E Signal setzen, d‘Mënsche sensibiliséieren!

Gewalt géint Fraen - Lëtzebuerg moolt sech „Orange“ un

Lët‘z Say No: E Signal setzen, d‘Mënsche sensibiliséieren!

An den nächsten Deeg gi markant Staatsgebaier (Cité Judiciaire, Bourse, Rechnungshaff, avm.) mee och d‘Stadhaus vun Esch-Uelzecht an der Stad Lëtzebuerg, an en oranget Liicht getaucht. Esou hëlt och Lëtzebuerg deel un der „Orange Week“, déi a vill Länner organiséiert gëtt fir géint d‘Gewalt déi Fraen ugedoe gëtt, ze mobiliséieren an ze sensibiliséieren.

Vill Manifestatioune begleeden déi Lëtzebuerger „Orange Week“ (de ganze Programm HEI) déi mat engem Solidaritéitsmarsch e Samschdeg 24. November säin (ëffentlechen) Highlight sollt hunn. Et ass de Virowend vum internationalen Dag zum eliminéiere vun der Gewalt géintiwwer Fraen. De Sënn derhannert: der Gewalt, där Fraen a Meedercher ausgesat sinn, en Enn ze bereeden.

Firwat?

E Freideg hunn Organisatrice vun der „Orange Week“, de Sënn an Zweck vun esou enger Aktioun erkläert, an eng Rei Zuele virgeluecht, déi d‘Noutwennegkeet vun dëser Aktioun ënnersträichen. Si stelle fest, datt 67% vun de Fraen déi zu Lëtzebuerg befrot goufen, schonn emol Affer vun Iwwergrëff oder sexueller Gewalt waren. Dat wieren 12% méi wéi am EU-Duerchschnëtt.

D‘Anik Rasquin vum CNFL stellt fest: 2017 huet d‘Police missen iwwer 700 mol wéinst haislecher Gewalt agräifen, an den allermeeschte Fäll ware Fraen d‘Affer. Fir d‘Danielle Becker-Bauer, d‘Coordinatrice vun der Lëtzebuerger „Orange Week“, ierger sech iwwert de Fakt, datt nach haut an eiser Gesellschaft, et als „normal“ betruecht, gëtt, wann eng Fra der doheem laanscht Bake kritt.

Dat muss ophalen an dofir muss een de Leit et virun Ae féieren. Déi physesch an/oder psychesch Konsequenzen, mee och de sozialen Impakt deen dës Gewalt mat sech bréngt, mécht et villen Affer schwéier nees en normaalt Liewen ze féieren. Oft ginn d‘Täter nëmmen „hallefhäerzeg“ oder guer net bestrooft, d‘Affer viru Geriicht virgefouert, eng zweete Kéier erniddregt, verletzt…

Revendicatioune

D‘Presidentin vum CNFL, Karin Manderscheid, huet drop higewisen, datt ofgesinn dovunner, datt een der Gewalt géintiwwer Fraen a Meedercher wëll entgéinttrieden, een och nach Revendicatioune wäert an d‘Ëffentlechkeet droen. Dozou gehéiert de legale Schutz viru psychescher Gewalt, esou wéi se an der Istanbul-Konventioun definéiert gëtt, a vu Lëtzebuerg rezent ratifizéiert ginn ass.

Lëtzebuerg hätt allerdéngs e Gesetz, an deem keng Moossname géint déi psychesch Gewalt virgesi wieren. Hei gëtt sech vun der zukünfteger Regierung „Verbesserung“ gewënscht. Gefuerdert gëtt d‘Verlängerung vum der Verjärungsfrist – am Fall vun enger Vergewaltegung, engem Sexualdelikt oder sexuellem Iwwergrëff op Mannerjäreger – op 30 Joer, géintiwwer den aktuellen 10 Joer.

Eng weider Fuerderung, déi ëmmer nees gestallt awer einfach net erhéiert gëtt, ass d‘Fërderung vu Logementer, fir déi sougenannten 2. Phas fir Affer vun haislecher Gewalt. D‘Proximitéit zum Täter oder dem fréieren Ëmfeld, an deem et zur Gewalt komm ass, gëtt vun den Affer oft als zweeten „Ugrëff“ oder zumindest als Bedreeung fir déi eege Persoun empfonnt. Dat muss sech änneren…

Ähnlech Sujeten CNFL, Fraen, haislech Gewalt, Lët‘z Say No, Manifestatioun, Meedercher, Orange Week, Zonta
Nächsten Artikel Virrechten Artikel