Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Käerjenger Député-Maire weist Kritik no Tornado zréck
Neiegkeeten

Käerjenger Député-Maire weist Kritik no Tornado zréck

Si waren net fein mam Michel Wolter (CSV), Buergermeeschter vu

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen
Neiegkeeten

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen

Eise Premierminister, den Étienne Schneider, annoncéiert, datt Lëtzebuerg vun dräi

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!
Neiegkeeten

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!

Am Joer 2018 ass den neien nationalen Aktiounsplang zum HI-Virus

Fir gerechten Handel: Lëtz’ Step to Fairtrade

Wat kann een als Eenzelpersoun zu engem méi gerechten Handel bäidroen?

Fir gerechten Handel: Lëtz’ Step to Fairtrade

Tëscht dem 6. an 19. Mee 2019 luet Fairtrade Lëtzebuerg sämtlech Bierger an, aktiv un der Campagne Lëtz’ Step to Fairtrade deelzehuelen. Erkläertent Zil ass et ze weisen, datt jiddereen am Alldag duerch kleng Ännerunge vu sengem Konsumverhalen dozou bäidroe kann, géint d’Ongerechtegkeet vum Weltmarché virzegoen.

Wärend der Campagne kann ee selwer eng Aktioun ronn ëm d’Produiten oder d’Thematik vum Fairen Handel organiséieren. Ob een elo eng Paangecher-Party mat Fairtrade Produiten oder e Rallye zum Thema Fairtrade mécht, der Kreativitéit si keng Grenze gesat! Umelle kann ee seng Aktioun op hirem Site. Déi staatlech unerkannten ONG erhofft sech doduerch vill Eegeninitiativ eng gréisser Reechwäit bei hirer Sensibiliséierungscampagne.

#fairfriday

Dës grouss Unzuel un Aktivitéiten – bis ewell sinn et der schonn iwwer 100 – sollen et erméiglechen, déi eege Roll als Konsument ënnert d’Lupp ze huelen an no konkreten Alternativen ze kucken. Dobäi muss ee mol net all seng Gewunnechten iwwert de Koup geheien, Klengegkeete kënne scho Grousses bewierken (och, wann een dat op den éischten Ablack net direkt erkenne sollt). Veräiner, Schoulen a Firmen sinn och fläisseg mat de verschiddensten Aktivitéiten dobäi.

Highlight vun dëser bal zwou Wochen undauernder Campagne soll dann de 17. Mee sinn. Ënnert dem Hashtag #fairfriday gëtt ee sech eng nawell grouss Erausfuerderung: Op dësem Dag wëll een ënner genanntem Hashtag 1.000 Selfien vereenegen, déi d’Gesiichter vum fairen Ëmschwong an eiser Gesellschaft solle sinn. Iwwer Facebook, Twitter an Instagram kann ee bei #fairfriday matmaachen, dobäi awer drun denken, d’Astellung op “ëffentlech” ze hunn.

Foto: IsaacFryxelius/pixabay

Ähnlech Sujeten fairfriday, Fairtrade, Fairtrade Lëtzebuerg, gerechten Handel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel