Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!
Bei den International Brewing & Cider Awards a Groussbritannien konnt
Déi nei Well u Cyber-Ugrëff vum Dënschdeg notzt ee „Lach“
Déi Lëtzebuerger Arméi besëtzt zanter Abrëll e Militärfliger vum Typ A400M an deen ass elo esou gutt wéi ausgeliwwert. Et heescht zu Sevilla misst nach eppes „Finetuning“ gemaach ginn, iert den Avion zu Eindhoven (Holland) stationéiert gëtt.
Wann et laang a fro gestallt war, op den A400M iwwerhaapt géif fléien, esou ass elo geséchert, datt de Fliger tatsächlech an d‘Luucht geet. Déi „Luxembourg Armed Forces“ – wéi dat am NATO-Sproochgebrauch heescht – kënnen hir nei Spillsaach allerdéngs eréischt am Oktober op dësem Fliger sengem Heemeschtfluchhafen zu Melsbroek (bei Bréissel) an Empfang huelen.
© Airbus Defence (handout)
Wéini dës imposant Maschinn dann der Press um Findel zu Lëtzebuerg wäert virgestallt ginn, gëllt ofzewaarden. Op d‘Bierger vun esou enger Uschafung begeeschtert sinn, a wéi ee reellen Notzen et eiser Arméi am Endeffekt bréngt, oder op dat ganzt just vill Geld kascht…
Foto. © Airbus Defence (handout)