Search

You may also like

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung
Money Neiegkeeten

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung

Zu Bagdad hunn dausende Mënschen um Trauerzuch fir déi vun

Covid19-Mutatiounen: Wéi ass et zu Lëtzebuerg?
Money Neiegkeeten

Covid19-Mutatiounen: Wéi ass et zu Lëtzebuerg?

Laut dem nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) hu mir zu Lëtzebuerg aktuell

Eng Majoritéit ënnerstëtzt nei Mesuren am Kampf géint den Tubak
Money Neiegkeeten

Eng Majoritéit ënnerstëtzt nei Mesuren am Kampf géint den Tubak

Haut ass de Weltdag ouni Tubak. An och zu Lëtzebuerg

money

Lëtzebuerg sonnt sech am „Triple A“

Lëtzebuerg sonnt sech am „Triple A“

No DBRS Morningstar a Fitch, huet och d‘Agence Standard & Poor‘s e Freideg den Owend no der Fermeture vun de Mäert, den „AAA“ mat stabiller Perspektiv fir Lëtzebuerg bestätegt. Standard & Poor‘s (S&P) constatéiert d‘Efforten, déi vun der Regierung geleescht goufen, fir der Covid19-Pandemie entgéintzetrieden an ass der Usiicht, datt déi ëffentlech Finanze vum Land d‘Kapassitéit hunn, den negativen Impakt vun der Kris opzefänken.

A senger Analys, huet S&P schonn emol déi favorabel Ausgankssituatioun vu Lëtzebuerg ervirgehuewen, déi sech duerch gesond ëffentlech Finanzen, mee och duerch eng virsiichteg budgetär Politik an de leschte Joren auszeechent. Dat hätt et der Regierung erméiglecht séier mat enger ganzer Rei Mesuren ze reagéieren, fir d‘Salariéeën an d‘Entreprisen ze schützen.

Déi considerabel Moyenen déi d‘Regierung opgewannt huet, sollte kuerzfristeg derzou bäidroen, d‘Kontraktioun vum BIP ofzeschwächen. An dësem Kontext huet S&P och d‘Effikassitéit vun den zwee Finanzpäck vun der Regierung ënnerstrach: dat sinn de Covid19-Stabiliséierungsprogramm an den „Neistart Lëtzebuerg“, an der Mesure, datt dës Initiativen derzou bäidroen de Risiko vun den nohaltegen negativen Effete fir d‘Wirtschaftsaktivitéiten ze reduzéieren.

An der Hypothees vun enger beherrschter Pandemie, wéi och enger gradueller Ofnam vu sengem ekonomeschen Impakt an de nächste Méint, setzt Standard & Poor‘s op eng Verbesserung vun der Wuesstemsperspektiv ab dem drëtten Trimester 2020. D‘Vertrauensindikatore vun de Konsumenten an den Entreprisen, esou wéi och d‘Date betreffend déi sektoriell Aktivitéit, weisen, datt déi ekonomesch Reprise gutt engagéiert ass an déi wirtschaftlech Grondlagen zolidd bleiwen.

D‘Agence verweist och op den transparenten an effikassen institutionelle Kader, déi nohalteg a verantwortlech budgetär Politik, déi op d‘Investissementer a Wirtschaftspolitiken – déi op en nohaltege Wirtschaftswuesstem ausgeriicht sinn – zeréckzeféieren ass. Si ënnersträicht och, datt en dynamesche Finanzsecteur weiderhin zur Prosperitéit vum Land bäidroe wäert.

De Finanzminister Pierre Gramegna (DP) kommentéiert: „Ech freeë mech, datt d‘Agence Standard & Poor‘s sech den zwou aner Agencen uschléisst, fir den ‚AAA‘ mat stabiller Perspektiv ze bestätegen, an d‘Rechtméissegkeet vun der Regierungspolitik ënnersträicht, fir den Effete vun der Covid19-Pandemie ze begéinen. Andeems S&P Lëtzebuerg déi héchsten Note bestätegt, ënnersträicht si, datt déi virsiichteg budgetär Politike vun de leschte Joren, esou wéi déi eemoleg Moossnamen, déi vun der Regierung ergraff goufen, eng Zolidd Basis fir déi kommend Méint duerstellt, esou datt d‘Land säi Wee fir eng ënnerhale Wirtschaftsreprise erëmfanne kann“.

Matgedeelt vum Finanzministère, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Do huet de Finanzminister Pierre Gramegna gutt laachen, esou en „Triple A“ muss een sech emol verdéngen. © EU Council / Flickr (Archiv 2015)

Related topics DBRS Morningstar, Finanzminister, Fitsch, Pierre Gramegna, Standard & Poor's, Triple A
Next post Previous post