Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
single guy dating a single mom

Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn

“De Schmadd, de Schmadd, dee mécht beim Workshop mat!” Esou

singapore mature academic singles dating
single guy dating a single mom

Dës Typpen muss du beim Online-Dating evitéieren!

Déif am Dschungel vum Internet, do fënns du dech an

Terror iwwer Sri Lanka
single guy dating a single mom

Terror iwwer Sri Lanka

Op Ouschtersonndeg ass et zu Sri Lanka bannent 30 Minutten

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen

Eise Premierminister, den Étienne Schneider, annoncéiert, datt Lëtzebuerg vun dräi US-amerikanesche Raumfaart-Entreprisen ausgewielt gouf, fir eng Reih Aktivitéiten an Europa ëmzesetzen. Duerch Made In Space, Hydrosat an CubeRover gëtt dat Lëtzebuergescht firmenorientéiert Weltall-Ekosystem erweidert an déi national Fäegkeete gestäerkt.

„Mir hunn et hikritt, datt Lëtzebuerg vu Raumfaart-Initiativen als innovatiivt a progressiivt Land ugesi gëtt. De Succès vun der strategescher Entwécklung am Raumfaart-Beräich, beispillsweis duerch déi Lëtzebuerger Space Agency, gëtt duerch de geplangte Rekrutement an eisem Land, vun de genannte Raumfaart-Entreprisen bewisen. Insgesamt 85 Leit solle bis 2023 am Grand-Duché agestallt ginn“, erkläert den Étienne Schneider.

D’Firma Made In Space Inc. wäert zu Lëtzebuerg eng Ariichtung mat präiswäerte Roboter-Systemer opbauen. De Grënner an Direkter vu Made In Space, Jason Dunn, seet: „D’Robotere ginn agesat fir Zougäng am All ze bauen, Wunnraum um Mound ze erstellen an zukünfteg Weltall-Statioune mat opzeriichten. Duerch d’Kombinatioun aus Made In Space a Lëtzebuerg kennen dei bescht méiglech Produite fir eis Clienten entwéckelt ginn.“

Hydrosat, eng analytesch Entreprise, déi Infraroutbiller aus dem Weltall fir d’Landwirtschaft an ähnlech Beräicher auswäert, riicht am Grand-Duché Headquarteren a verschidden Aktivitéiten an eist Land verleeë. De Royce Dalby, CEO vun Hydrosat, seet: „Mir goufe vum excellente Firmenëmfeld an der innovativer Datenauswäertung zu Lëtzebuerg ugezunn.“

Cube Rover entwéckelt Planéitegefierer vun der nexter Generatioun zu Lëtzebuerg. Domat gëtt d’Wëssenschaft, d’Erfuerschung an den Handel vu präisgënschtege Roveren um Mound gestäerkt. De Grand-Duché iwwerzeegt mam Talent an der Kreativitéit fir innovativ Raumfaart-Technologie. D’Entreprise freet sech op Zesummenaarbecht an déi weider Erfuerschung vum Weltall.

Ähnlech Sujeten CubeRover, Etienne Schneider, Hydrosat, Luxembourg Space Agency, Made In Space, Weltraumfuerschung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel