Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun
Neiegkeeten

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun

D‘Virstellung vum Bilan vum „Fonds Kirchberg“ dëse Méindeg, ass eng

What the Fakt – De René Magritte koum haut virun 120 Joer op d’Welt!
Neiegkeeten

What the Fakt – De René Magritte koum haut virun 120 Joer op d’Welt!

„Ceci n’est pas une pipe“ – wien kennt et net?

What the Fakt – Steif(f) an och nach ee Knapp am Ouer!
Neiegkeeten

What the Fakt – Steif(f) an och nach ee Knapp am Ouer!

Et ass d’Geschicht vun enger aussergewéinlecher Fra an hirer eenzegaarteger

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell

Ausser mam Brexit, huet ee sech zu Bréissel um EU-Sommet och méi „klengen“ Affairen ugeholl. Dorënner och de Litige deen d‘EU mat Lëtzebuerg huet, an alles nëmme wéinst Amazon déi kaum bis guer keng Steiere bezuele mussen.

D‘EU-Kommissioun hat nach am Oktober Lëtzebuerg opgefuerdert vun Amazon 250 Milliounen Euro zeréckzefuerderen, well dat engem onrechtméissege fiskalen Avantage géif entspriechen. Där Opfuerderung huet Lëtzebuerg um Freideg de Kuerf ginn.

Offiziell heescht et: „Déi Lëtzebuerger Regierung huet sech entscheet géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun am Dossier Amazon an Appell ze goen“. Zu Lëtzebuerg ass een also och weiderhin der Meenung, datt een Amazon keen Avantage gewäert hätt.

Ëmmer mat der Rou

Elo ass esou eng „Affär“ eigentlech net der grousse Worf, zudeem ginn d‘Experten dovunner aus, datt unhand der Komplexitéit vum Dossier, esou eng juristesch Prozedur sech iwwer zwee Joer erauszéie kann. Mee et war awer wichteg genuch, fir datt sech den EU-Kommissiounspresident an de Premierminister der Press gestallt hunn.

De Jean-Claude Juncker gewinnt burschikos huet emol fir unzefänke gemengt, datt wann hien all Kéiers misst virun e Mikro triede wann tëscht Kommissioun a Memberstaat e juristesche Litige optrëtt, hien zu näischt anerem méi kéim. Hien ënnersträicht awer nach, datt Lëtzebuerg an dësem Dossier vu seng Recht gebrauch mécht.

An och wann de Jean-Claude Juncker selwer emol Premierminister vu Lëtzebuerg war, a vu Bréissel aus gemengt huet, datt d‘Land en historesche Feeler géif begoen, sech enger méi héijer Taxatioun vun internationale Konzerner ze verspären, esou stellt hien hei kloer, datt net ausdrécklech d‘Positioun vu Lëtzebuerg am Dossier Amazon gemengt ass.

Kengem säi Feeler

Dem Premierminister ass et dann och wichteg drop hinzeweisen, datt den Deal mat Amazon ënnert der Virrechter Regierung zustane komm ass. An dat een ofgesi vun dësem Constat eng aner Interpretatioun huet wéi d‘EU-Kommissioun.

Zudeem, an am Géigesaz zum Xavier Bettel, erënnert sech de Jean-Claude Juncker, mat wiem hien an der Koalitioun war, wéi déi Entscheedungen zu der Fiskalitéit fir „Konzerner“ getraff ginn ass. Et wier nämlech net zwéngend seng Positioun déi schlussendlech mat de Koalitiounspartner zréckbehale gi wier.

Wat dann dee stänneg Beschëllegungen „Lëtzebuerg wier e Steierparadäis“ ugeet, esou huet eise Premier es lues awer sécher sat. Hie géif deemno gäre wëssen, aus wéi engem gudde Grond, d‘Land op eng schwaarz Lëscht sollt gesat ginn. Ëmmerhi géifen nieft der OECD och aner Organisme bestätegen, datt Lëtzebuerg sech un d‘Reegelen hält.

Foto: © Thierry Monasse/SIP

Ähnlech Sujeten Amazon, EU-Kommissioun, Jean-Claude Juncker, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel