Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: „Presséierte“ Client erschéisst „Relaxe“ Serveur…
Neiegkeeten

Frankräich: „Presséierte“ Client erschéisst „Relaxe“ Serveur…

Um Freidegowend géint 21 Auer, huet zu Noisy-le-Grand (Seine-Saint-Denis/Paräis) e

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA
Neiegkeeten

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA

Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet e Samschdeg eng

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!
Neiegkeeten

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!

Et ass nees esou wäit: D’Literaturarchiv zu Miersch feiert de

Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland

Nach bis den Owend op der Plëss d‘Tourismus-Saison 2019 entdecken

Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
Hire Chef den Tom Bellion, Direkter vum LCTO, hat viru fënnef Joer eng ganz gutt Iddi. A firwat och net d‘Tourismus-Saison op der Plëss ufänken? Beim „luxembourg city courist office“ jiddefalls ass een ëmmer beschtens informéiert. © Martine de Lagardère/moien.lu
Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
‘Erëffnung vun der Lëtzebuerger Tourismus-Saison, wier ouni d‘Wäikinnigin an hir Éierendamme wéi „Béier ouni Schaum“. © Martine de Lagardère/moien.lu
Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
„RedRockRegion“ gemengt ass wahrscheinlech de „Süden“ vu Lëtzebuerg, och wann et sech unhéiert wéi eng Aluedung fir en Tour duerch Indianerreservater an Amerika. © Martine de Lagardère/moien.lu
Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
(v.l.n.r.) Den Tourismusminister Lex Delles (DP); de Moderator vum Dag; déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) an de President vum LCTO, Marc Angel (LSAP) sinn op déi nei Tourismus-Saison agaangen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
Regional Produkter gëtt et net nëmmen am Mëllerdall mee och a ganz besonnesch do. An et sollt ee sech roueg esou e Picknick-Kuerf gënnen. Esouwäit mir dat aschätze kënnen, de „must“ fir all verléifte Koppel. © Martine de Lagardère/moien.lu
Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
Fir de musikalesche Kaderprogramm war gesuergt. A bei allerbeschtem Fréijoerswieder hunn déi Lëtzebuerger Lidder zum Danz agelueden. © Martine de Lagardère/moien.lu
Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
Am „Miselerland“ ass vill lass an nach méi ze gesinn. Loosst och dir iech vun dëser Damm iwwerzeegen, datt déi ganz Musel net an engem Weekend ze entdecken ass. Ass zum Gléck net ganz aus de Féiss, an den ëffentlechen Transport ass gutt opgestallt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
Den „Usch“ en Nouspelter Original wéi et de kaum nach gëtt. Säit gefillten honnert Joer mécht den Eugène Péckvillercher fir d‘Nouspelter Eemaischen. Déi ass iwwregens e Méindeg, an dir sidd alleguerten häerzlech agelueden. Vergiesst net d‘Butze matzehuelen… © Martine de Lagardère/moien.lu
Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
...zu Esch-Uelzecht um Gaalgebierg gëtt et nieft dem Déierepark och Bamhaiser. Wat et domatter op sech huet, wéi een do zu wellechem Präis iwwernuechte kann, datt alles kann een op de Plëss gewuer ginn. An déi Madamm huet och eppes kléngs fir d‘Krapperte parat. Wann dir se sollt mathuelen, musst dir hei en Ament verweilen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
ourismus ass net nëmmen d‘Natur an den historesche Patrimoine vun engem Land. Hei geet et och ëm Gastronomie. Wéi e gesäit si se dann och am Éislek dem „Goût op der Spur“. © Martine de Lagardère/moien.lu

E Freidegmoien ass op der Plëss d‘Ouverture vun der Lëtzebuerger Tourismus-Saison agelaut ginn, an déi verschidde Regiounen an Operateure sinn nach bis den Owend present fir op all är Froen ze beäntwerten. Datt Lëtzebuerg e schéint Land ass, musse mir elo net nach emol betounen, oder?

Den Tourismusminister Lex Delles (DP) huet a senger Usproch kuerz drop higewisen, datt et a Wierklechkeet nëmmen e Sproch ass, wann do behaapt gëtt „d‘Gras beim Noper ass ëmmer méi gréng“. Esou géif och an eisem butzege Ländche villes ze gesinn an ze erliewen. A wou de Mann Recht huet e Recht. Mam sougenannten „aktiven Tourismus“ geet et gutt virun, vill Projeten hu sech „agebiergert“ a fir all Alter, Goût oder Wonsch gëtt et eng Offer. Et muss ee just Loscht hunn.

Dat ënnerschreift déi Stater Buergermeeschtesch mat zwee Hänn, och wa si sech verständlecherweis fir d‘Haaptstad eng Grëtz méi asetzt. D‘Lydie Polfer huet jo och vill gutt Grënn, d‘Stad Lëtzebuerg als touristeschen Hotspot ze luewen. Et gëtt fir bal alles „gefouert Visitten“, jo esouguer fir eis Kierfechter, déi – emol ofgesinn dovunner dat si schéin ugeluecht sinn a beschten ënnerhale ginn – wéi de Niklos-Kierfecht, och ganz vill Geschicht an hire „Reien“ verbiergen.

Deem kann de President vum LCTO, Marc Angel (LSAP), net widderspriechen, an erënnert drun, datt et dem Direkter vum LCTO geschëlt ass, datt viru fënnef Joer déi éischt „Offiziell Erëffnung vun der Tourismus-Saison“ op der Plëss organiséiert gouf. Et war dem Tom Bellion sengerzäit wichteg, déi vill Acteuren, déi jo sech jo alleguerten iergendwéi ergänzen, als „Equipp“ virzestellen. Dat mécht Sënn, virun allem wann engem bewosst ass, datt d‘Weeër heizuland zimlech kuerz sinn.

(De ganze Programm bis den Owend, fannt dir hei)

Titelbild: Hire Chef den Tom Bellion, Direkter vum LCTO, hat viru fënnef Joer eng ganz gutt Iddi. A firwat och net d‘Tourismus-Saison op der Plëss ufänken? Beim „luxembourg city courist office“ jiddefalls ass een ëmmer beschtens informéiert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Cyclotourismus, LCTO, Lex Delles, Lydie Polfer, Marc Angel, Tourismus, Tourismus-Saison 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel