Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn
best dating website for long term relationship https://moien.lu/dating-turkish-girl-reddit/

https://moien.lu/speed-dating-assen/

Beim Kongress vun déi gréng, de leschte Samschdeg zu Jonglënster,

https://moien.lu/online-dating-never-meet-in-person/
best dating website for long term relationship https://moien.lu/dating-turkish-girl-reddit/

Bestätegt d‘EU-Kommissioun de gesellschaftleche Rietsruck?

Mat der Virstellung vun de 26 Kommissären déi hir „Ekipp“

Déi granzegst Kaz vum Internet „Grumpy Cat“ ass dout!
best dating website for long term relationship https://moien.lu/dating-turkish-girl-reddit/

Déi granzegst Kaz vum Internet „Grumpy Cat“ ass dout!

Trotz béisem Bléck huet dës Kaz Milliounen Internet-User zum Grinse

money

D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament

D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament

En Donneschdeg ass op der Handelskummer um Kierchbierg dat chinesescht neit Joer, dat am Zeeche vum Hond steet, zelebréiert ginn. Den Haushär Carlo Thelen, war dann och sichtlech erfreet esouvill Leit fir déi 12. Editioun vun dëser Feier dierfen ze begréissen.

An d‘Relatioun tëscht béide Länner, déi scho 46 Joer besteet, geet dann och wäit iwwer déi wirtschaftlech Bezéiungen eraus. 2017 war, esou de Carlo Thelen e ganz besonnesch gutt Joer. Op héchstem Niveau ass sech ausgetosch ginn, am Beräich vun der Finanz, der Sozialversécherung, mee och am Logistiksecteur, wou besonnesch d‘Cargolux seng Partenariater konnt verdéiwen.

Betount ginn ass, datt eng richteg gutt Handelsbezéiung sech doduerch auszeechent, datt Regierung a Privatsecteur am Vertrauen zesummeschaffen. Dat schaaft Sécherheet, déi fir Investissementer wichteg ass. An hei huet den Direkter vun der Handelskummer dann dem Finanzminister Pierre Gramegna (DP) en grousse Merci fir säin onermiddlecht Engagement ausgesprach.

Hei dierf een dann och drun erënneren, datt de Pierre Gramegna dem Carlo Thelen säi Virgänger an der Handelskummer war. An hien ass zudeem och an engem „Joer vum Hond“ gebuer, a kann nëmme bestätegen, datt déi dem Hond zougeschriwwen Attributer: Éierlechkeet, Loyalitéit a Pragmatismus, och engem Finanzminister gutt zu Gesiicht stinn a bei Verhandlungen en Atout sinn.

Keng Problemer, déi net um kuerze Wee geléist kéinte ginn

De Finanzminister, deen dann och schonn ëfters a China op Besuch war, an d‘lescht Joer och déi grouss Freed hat dem President vun der Volleksrepublik China ze begéinen, ënnersträicht, datt déi bestoend Handelsbezéiungen d‘Frëndschaft tëscht béide Länner bestätegt. Hie kann et och kaum erwaarden, 2018 un der China International Import Expo (CIEE) deelzehuelen.

D‘Attraktivitéit vu Lëtzebuerg zeechent sech och doduerch aus, datt hei keen administrative „Pingpong“ gespillt gëtt. D‘Weeër tëscht den Administratiounen si kuerz, Entscheedunge gi séier getraff, a wann et emol zu engem Problem kënnt, ginn déi gréisstendeels bei engem Gespréich mat Verstand an am géigesäitege Respekt geléist.

Esou Informatiounen erfreeën natierlech och de chineseschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, Huong Changqing. Deen huet a senger Usproch däitlech gemaach, datt 2018 de laangen Depart vum chinesesche Sozialismus an eng nei Ära markéiert. China ass decidéiert säi Wëlle fir d‘Liberalisatioun a seng Ëffnung vum Bannemaart fir d‘Welt, däitlech ze maachen.

Hong Kong net aus den Ae verléieren

Ganz interessant um Donneschdeg, dann och d‘Interventioun vum Shirley Lam, d‘Representantin fir Wirtschaft an Handel vun Hong Kong bei der EU. Si weist dann och drop hin, datt während sech Zentralchina ëmmer méi op mécht, sech Hong Kong och weiderhin als ideaalt Dréikräiz presentéiert. D‘Virdeeler vum „One country, two systems“ sinn nach ëmmer en Handelsargument.

A wann ee vun Argumenter schwätzt, da muss een ervirhiewen, datt et och steierlech ganz interessant ass, sech Hong Kong eppes méi genee unzekucken. Mat enger 16,5% Steier op de Gewënn, woubäi déi éischt 2 Milliounen Hong Kong Dollar, nëmme mat 8,25% belaascht ginn, gëtt engem d‘Entscheedung dann och relativ liicht gemaach.

Fir de President vun Chinalux, Dirk Dewitte, stinn dann och nach gutt Zäiten an Aussiicht. Et géif vill Beräicher an deenen eng Zesummenaarbecht Sënn mécht, esou d‘Kultur. Zu Lëtzebuerg wëll Chinalux eng déifgräifend Zesummenaarbecht mam Institut Konfuzius agoen, dat am Abrëll seng Dieren opmécht. Et bleift also Spannend an interessant, do dierf ee sech driwwer Freeën.

Foto: (v.l.n.r.) Seng Exzellenz den Ambassadeur vu China, Huong Changqing; de President vun Chinalux, Dirk Dewitte; Den Direkter vun der Handelskummer, Carlo Thelen; d‘Representantin fir Wirtschaft an Handel vun Hong Kong bei der EU, Shirley Lam; de Finanzminister Pierre Gramegna, den Deputéierte Laurent Mosar. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Carlo Thelen, China, Dirk Dewitte, Handelskummer, Huong Chongqing, Laurent Mosar, Pierre Gramegna, Shirley Lam
Nächsten Artikel Virrechten Artikel