Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Prime unique“ a reduzéierte Steiertarif
Neiegkeeten

„Prime unique“ a reduzéierte Steiertarif

„D‘Personal an de Gesondheets- a Fleegeberuffer stinn un der viischter

Exotesche Besuch mam Raoni Metuktire – 100.000 € fir de Reebësch!
Neiegkeeten

Exotesche Besuch mam Raoni Metuktire – 100.000 € fir de Reebësch!

Gëschter huet den eenheemesche brasilianesche Chef a Verdeedeger vum Amazonas,

money
Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump
Neiegkeeten

Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump

D‘Handels- a Wirtschaftsminister gesinn sech haut zu Bréissel, fir iwwert

Lëtzebuerg an de Coronavirus: 203 Infizéierter an 2 Doudesfäll

Lëtzebuerg an de Coronavirus: 203 Infizéierter an 2 Doudesfäll

Wéi d’Gesondheetsdirektioun de Moien matgedeelt huet ass d’Zuel vun de confirméierten infizéierte Persounen op 203 geklommen. Mëttlerweil zielt Lëtzebuerg ee weideren Doudesfall. D’Situatioun ass kritesch – dofir nach emol den Opruff: Bleift Doheem – Wann net zu Ärem eegenen, da wéinstens zum Schutz vun anere Persounen!

Nodeems viru wéinegen Deeg ee Mann vun 94 Joer un de Suitten vum neiaartege Coronavirus gestuerwen ass, koum elo eng weider verstuerwe Persoun dobäi. Weider Detailer sinn hei nach net bekannt.

Coronavirus

Accueil vu Patienten mat uerge Symptomer

Ab haut empfänken d’Maison Médicales vun de Generalisten nees Patienten, déi schlëmm Symptomer vun der Longekrankheet opweisen. Zil ass et, betraffe Persounen ausserhalb vun den Urgencen an de Praxen opzehuelen. Op der Plaz soll den Diagnostik vum Personal gemaach ginn.

Déi ganz Woch iwwer bleiwen déi 3 Maisons Médicales, déi Garde hunn, vun 8 bis 16 Auer op. Esou ginn déi 3 Axen vun der Prise en Charge garantéiert: Accueil an Tri vun de Patienten – Consultatioun – Test.

Fir de gudde Fonctionnement ze garantéieren, soll ee just op Uerder vum Hausdokter an d’Maison Médicale goen. Folgend 3 Etablissementer stinn zur Verfügung:

  • Lëtzebuerg Stad:
    59, rue Michel Welter, L-2730 Lëtzebuerg
  • Esch-Uelzecht:
    70, rue Émile Mayrisch, L-4240 Esch-Uelzecht
  • Ettelbréck:
    110, avenue Lucien Salentiny, L-9080 Ettelbréck
Coronavirus

© Martha Dominguez de Gouveia / Unsplash

Noutstand ausgeruff

Gëschter huet de Premierminister Xavier Bettel zu Lëtzebuerg den Noutstand ausgeruff. Duerch den Artikel 32.4 vun der Verfassung gëtt et der Regierung erméiglecht an enger Ausnamesituatioun dréngend noutwenneg Moossnamen ze treffen, ouni den übleche Wee goen ze mussen. D’Chamber dierf allerdéngs zu all Ament agräifen, respektiv Mesure stoppen.

„Mir haten de Moie Regierungsrot an nom Regierungsrot hunn ech gefrot, fir d’Institutiounen ze gesinn: de Staatsrot an d’Conférence des présidents. No engem Gespréich mam Grand-Duc kommen mer net derlaanscht, fir och exzeptionell Mesurë matzedeelen. Mir wäerten den Artikel 32.4 vun eiser Verfassung invoquéieren an den Etat de Crise zu Lëtzebuerg deklaréieren.

Dat ass een absolut aussergewéinlecht Instrument. Een Instrument wat virgesinn ass, fir e Fall wei deen hei, wou mer Mesurë mussen huelen, fir déi Kris schnellstméiglech an de Grëff ze kréien. Mir schafen e kloren Kader am Aklang mat der Verfassung. Et ass definéiert, wat de Kader ass an et ass limitéiert op déi Mesuren, déi net iwwer déi normal legislativ Prozedur kënne geholl ginn.

A maximal 10 Deeg, nodeems mir dësen Text ugeholl hunn an de Staatsrot seng Zoustëmmung ginn huet, muss d’Chamber och den Text hei validéieren an déi gëllt fir eng maximal Zäit vun 3 Méint. D’Parlament kann dat zu all Ament réckgängeg maachen oder ënnerbriechen an et gëtt och eng parlamentaresch Kontroll, an déi ass wichteg. A mir hunn eis och engagéiert vis-à-vis vun den Deputéierten, dass, wa Mesurë geholl ginn, mir selbstverständlech d’Chamber och direkt informéieren.“

Coronavirus

© Ani Kolleshi / Unsplash

Wat een elo beuechte sollt

Kritesch Aktivitéiten

1° le secteur de l’énergie comprend la production et la distribution d’électricité, le conditionnement et la distribution de gaz et le stockage et le commerce de pétrole ;
2° le secteur des technologies de l’information et de la communication s’étend d’un côté sur les domaines de la programmation informatique, de la gestion d’installations informatiques, du traitement de données, de l’hébergement de services d’information et des portails internet. Le volet de la communication couvre les télécommunications filaires, les télécommunications sans fil et les télécommunications par satellite ;
3° le secteur des finances inclut les activités de la banque centrale, ainsi que les infrastructures et les systèmes d’échange, de paiement et de règlement des instruments financiers ;
4° le secteur de la santé compte les activités hospitalières, ainsi que les laboratoires d’analyses médicales ;
5° le secteur de l’alimentation comprend l’approvisionnement alimentaire, la production alimentaire et la sécurité alimentaire ;
6° le secteur de l’eau englobe le captage, le traitement et la distribution de l’eau, la collecte et le traitement des eaux usées, ainsi que la collecte, le traitement et l’élimination des déchets ;
7° le secteur des transports se compose du transport terrestre (par route et ferroviaire), du transport par eau (maritime et fluvial), du transport aérien et des activités de poste et de courrier ;
8° le secteur de l’industrie chimique vise les infrastructures manipulant des substances dangereuses ;
9° l’administration publique vise notamment les services de prérogative publique, telle que la défense, la justice, les activités d’ordre public et de sécurité et les services de secours.


All Informatiounen zur aktueller Situatioun, wéi och d’Moossnamen vun der Regierung fannt Dir op der Internetsäit vun der Santé. Weist ee schwéier Symptomer vum Coronavirus op, gëlt nach ëmmer d’Consignen vun der Santé ze befollegen. Bei Noutfäll hëlleft d’Hotline 8002 8080.

Opmaacherfoto: © Daan Stevens / Unsplash

Ähnlech Sujeten Coronakris, Coronavirus, Covid-19, Doudesfall, Kritesch Aktivitéiten, Maison Médicale, Noutstand, Regierung, Zertifikat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel