Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Vakanz a Groussbritannien ass ofzeroden
Neiegkeeten

Vu Vakanz a Groussbritannien ass ofzeroden

An Europa ginn, lues awer sécher d‘Grenzen nees op, esou

Gesondheetsministère: Noutwenneg Impfung géint Riedelen!
Neiegkeeten

Gesondheetsministère: Noutwenneg Impfung géint Riedelen!

D’Direktioun vun der Santé appelléiert un d’Populatioun fir d’Impfung géint

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun
Neiegkeeten

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun

Um Mëttwoch hunn d‘Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) an de

Lëtzebuerg an de Coronavirus: Besonne bleiwen!

(mat Iwwerbléck an Erklärungen)

Lëtzebuerg an de Coronavirus: Besonne bleiwen!

Et fänkt un Ustrengend ze ginn an den Onverstand vu vill Matbierger, déi et net méi schénge ronn ze bréngen, den Ënnerscheet tëscht Informatioun an Desinformatioun ze maachen, dréit méi zur Beonrouegung bäi, wéi déi reegelméisseg Aktualiséierung vun den Informatiounen zur Lag am Land.

Um Méindeg hunn d‘Europaschoulen an och d‘International School of Luxembourg (ISL) d‘Elteren – déi sech an enger Risikozon opgehalen hunn – invitéiert hir Krapperten doheem ze loossen an dat fir mindestens zwou Wochen. Bei Dupont de Nemours zu Contern, soll ee Mataarbechter, deen an Italien Vakanz gemaach hat, gebiede gi sinn nees Heem ze goen an och emol 14 Deeg auszesetzen.

Gläiches héiert een aus dem Bankesecteur, wou déi sektoriell engagéiert Gewerkschaft ALEBA net begeeschtert ass, mat wéi enge Methoden „Virsiichtsmoossnamen“ ëmgesat ginn. Esou heescht am Communiqué, datt et Finanzinstituter gëtt, déi hire Mataarbechter, déi sech iwwert d‘Fuesvakanz an enger Risikozon opgehalen hunn, „Congé opzwéngt“ an dat fir 14 bis 24 Deeg jee no Patron…

Fräizäit déi natierlech vum legale Congé ofgehale gëtt, esou zumindest gesinn dat d‘Direktioune vun de betraffenen Haiser esou, behaapt d‘ALEBA. Dat wier net akzeptabel, zemools et jo och säitens der Direktioun vun der Santé nach emol gesot gouf: den Ament besteet zu a fir Lëtzebuerg kee direkte Risk. An esouguer dann, wann de sanitären Noutfall géif antrieden, wier et net rechtens.

Den Ausseministère huet zudeem matgedeelt, datt sech momentan véier Lëtzebuerger ënnert de 14 LuxairTours-Cliente befannen, déi am Hotel H10 Costa Adeje Palace zu Teneriffa a Quarantaine gesat sinn. Déi spuenesch Autoritéite wëllen hei op Nummer sécher goen, vu que datt ee Client de Coronavirus opweist. D’Lëtzebuerger Ambassade zu Madrid an de Konsulat zu Teneriffa verfollegen d’Situatioun an bleiwen a konstantem Kontakt mat de Betraffenen, wéi och de spueneschen Autoritéiten.

Stellt sech elo awer och d‘Fro: Wien mécht oder dréit zur Panik bäi? Gutt gewësse Medie kann ee wuel zougestoen, datt „Panikmache“ zum Geschäft gehéiert, mee déi grouss Mass informéiert awer korrekt an ass beméit méiglechst an engem gemässegten Toun iwwert d‘Evolutioun vun der Lag ze Informéieren. Leider ass d‘Informatioun ni voll ganz am Titel enthalen, et muss een alles Liesen…

Wéi geféierlech ass de Coronavirus Covid19?

Erënnere mir drun, datt de Coronavirus, deen zu Wuhan an der chinesescher Provënz Hubei op engem Maart ausgebrach soll sinn, vun der Weltgesondheetsorganisatioun als Covid19 (oder méi technesch: SARS-CoV2) elo och seng eege Bezeechnung huet. Trotz verhältnesméisseg rapide Moossnamen – d‘Autoritéiten hunn net gezeckt ganz Milliounestied a Quarantaine ze setzen – huet sech dësen neiaartege Coronavirus iwwert d‘Welt verdeelt. Och dat ass d‘Globaliséierung.

China – a besonnesch d‘Provënz Hubei – ass natierlech am stäerkste betraff, mee d‘Infektioun huet sech trotz alle Mesuren an aller Preventioun, séier ausgebreet. Weltwäit sinn eng 80.000 Mënsche mam Covid19 infizéiert, an d‘Tendenz ass ganz däitlech op d‘Hausse ausgeluecht. Op haut ginn eng 2.700 Stierffäll dem Virus zougerechent. Falschmeldungen an Panik an de sozialen Netzwierker, droen dann net derzou bäi, mat Verstand a Beduecht op dës scho bedréckend Situatioun anzegoen.

An Zesummenaarbecht mat enger Doktesch versiche mir hei en Iwwerbléck zu den Auswierkunge vum Coronavirus Covid19 unzebidden. D‘Aussoe bezéien sech natierlech op de leschte Stand vun den Erkenntnisser:

Wien ass betraff?

An éischter Linn besteet fir eeler a fragiliséiert Mënschen am Infektiounsfall Liewensgefor. Jo och dat medezinescht Personal, dat an enkem Kontakt mat infizéierte Patiente steet, ass dem Risk – et huet jo och scho Stierffäll ginn – direkt ausgesat. Jugendlecher schéngen dogéint kaum betraff ze sinn. Déi am stäerkste betraffe Regioun ass nach China a méi generell Asien.

Wéi stécht ee sech un?

De Coronavirus Covid19 iwwerdréit sech vu Mënsch zu Mënsch. Heibäi handelt et sech ëm eng sougenannt „aerogen“ Iwwerdroung, also der Verbreedung vu Krankheetserreeger duerch d‘Loft. Dat ka beispillsweis de Fall sinn, wa sech beim Schwätzen Drëpse bilden. Mee et geet schonn duer zolidd ze néitsen oder ze houschten, fir säi Géinteniwwer unzestiechen. Distanze vu bis zu 2 Meter kann de Virus esou iwwerbrécken. Ab engem Kontakt vun iwwer 15 Minutte steigt de Risk rapid.

Infizéiere ka sech jiddereen, wat net zwéngend zu engem Ausbroch vun der Infektioun féiere muss, mee d‘Ustiechungsgefor entspriechend erhéicht. Dat och well den „Iwwermëttler“ keng Symptome muss opweisen. Am Fall vum Covid19 geet een zur Stonn nach ëmmer dovunner aus, datt et hei eng Inkubatiounszäit tëscht 4 a 7 Deeg gëtt, woubäi 14 Deeg vun de WHO-Experte bevirzucht ginn. D‘Ustiechungsgefor ass dann och eppes méi héich wéi bei der saisonaler Gripp, mee däitlech méi geréng wéi beispillsweis bei Riedelen/Waasserpouken.

Ass et déidlech?

All Infektiounskrankheet ass, bezunn op de pathologeschen Zoustand vum Patient, déidlech. Am presente Fall ass d‘Stierflechkeet bei eeleren a gesondheetlech fragiliséierte Mënschen natierlech iwwerduerchschnëttlech héich. Ventiléiert een dat op déi eenzel Altersklassen, da relativiséiert sech dat Ganzt nees. Bezunn op all d‘Informatiounen déi haut virleien, läit de Prozentsaz vun de Stierffäll: 1) a China bei 3,4% 2) baussent China bei 1,1%. Dat kann natierlech evoluéieren…

An de medezinescher Fachzäitschrëft „The Lancet“ geet ausdrécklech viru Spekulatiounen an Hallefwourechte gewarnt. Et wéist een zu Stonn – och wann immens vill a mat Nodrock gefuerscht gëtt – einfach net genuch, fir sech konkret zur Stierflechkeet unhand der Infektioun mam Covid19 ze äusseren. Grad bei Infektiounskrankheete gëtt d‘Stierflechkeet oft einfach ënnerschätzt. Dat huet och domadder ze dinn, datt Mënsche mat nëmme liichte Symptomer guer net bei den Dokter ginn.

Ass et vergläichbar?

Am direkte Verglach mam SARS (Schwéieren akuten Ootmungssyndrom) dee vu November 2002 bis Juli 2003 aktiv war, ass de SARS-CoV2 elo scho wäit méi déidlech. Beim Coronavirus SARS waren offiziell 8.098 Fäll rezenséiert ginn, dovunner sinn 774 Persoune verstuerwen.

Vergläicht een de Covid19 elo mat der „normaler saisonaler Gripp“, mécht et wéineg Sënn deem absolut Zuele géinteniwwer ze stellen. Hei kann ee nëmmen de Stierflechkeetstaux vergläichen. Bei der saisonaler Gripp (géint déi ee sech kann impfe loossen) läit dësen Taux bei 0,1%. Et ass also egal ob ee sech un déi 3,4% bannent China oder den 1,1% baussent der Volleksrepublik bezitt.

An jo natierlech si weltwäit méi Mënsche mam „saisonale Grippevirus“ infizéiert, firwat et och an absoluten Zuelen hei méi Doudeger gëtt. Woubäi d‘Bezeechnung „absolut Zuelen“ nees en Ausdrock ass, deen der Definitioun net gerecht gëtt. Esou gëtt dës Zuel vun der WHO nëmme geschätzt, firwat een dovunner ausgeet datt tëscht 290.000 an 650.000 dorunner stierwen.

Foto: © Ani Kolleshi / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Longenentzündung, Pandemie, SARS-CoV2, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel