Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott
cesar romero dating history

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott

De „Management-Problem“ vun der Institutioun „Europa“ wëll sech net léise

https://moien.lu/south-africa-hook-up-site/
cesar romero dating history

yfn lucci dating history

E Méindeg ass et den USA net gelongen eng UN-Resolutioun

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert
cesar romero dating history

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert

Wien leschte Weekend een Tour laanscht d’Musel gemaach huet, konnt

Lëtzebuerg an Däitschland stelle sech géint d’Beiestierwen

D'Carole Dieschbourg (déi gréng) an d'Svenja Schulze (SPD) sinn sech eens, datt een zesumme schaffe muss

Lëtzebuerg an Däitschland stelle sech géint d’Beiestierwen

Däitschland a Lëtzebuerg wëllen hir Zesummenaarbecht an der Ëmwelt- a Klimapolitik weider ausbauen. Zu dësem Zweck haten d‘Ministerinne Carole Dieschbourg (déi gréng) an Svenja Schulze (SPD) de leschte Freideg eng länger Entrevue.

Hei ass sech notamment iwwert den Atomausstig an der EU, mee och der Grenzregioun, berode ginn. Weider Themen um Freideg waren: d‘Klimaschutzpolitik, de Verbuet vu geféierlechen Insektiziden, d‘Reform vun der EU-Agrarpolitik an de Verbuet vum Glyphosat.

D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet hir Kollegin iwwert de Lëtzebuerger Gesetzprojet zur atomarer Haftung Informéiert. D‘Svenja Schulze huet hirersäits eis Ministesch iwwert de Stand vum däitschen Atomausstig opgekläert. Alle béid hunn sech op eng Zesummenaarbecht bei den ustoenden Diskussiounen zu enger Upassung vum EURATOM-Vertrag verstännegt.

An et ass gewosst, datt den Ausstig aus der Atomenergie e ganz wichtege Sujet beim Sommet vun den däitschsproochegen Ëmweltminister wäert sinn. Dëse Sommet, zu deem d‘Carole Dieschbourg agelueden huet, soll den 11. an 12. Juni hei zu Lëtzebuerg stattfannen.

Ambitiéis Ziler beim Klima

Am Kontext vun der europäescher Klimapolitik hu béid Ministerinnen hir Erwaardungen zu Ausdrock bruecht. Esou gëtt sech gewënscht, datt d‘EU Ufank 2020 eng laangfristeg Klimaschutzstrategie bis zum Joer 2050 unhëlt.

Dofir muss d‘EU-Kommissioun, esou wéi bei der leschter Sëtzung vum EU-Rot vereenbart, Ufank 2019 eng Propositioun virleeën. Et gëtt dann och erwaart, datt een esou déi global Virbildfunktioun vun der EU a Saache Klimaschutz stäerke kann.

De séiere Verbuet vun Insektiziden

D‘Carole Dieschbourg an d‘Svenja Schulze hunn sech och op gemeinsam Initiative gëeenegt, déi dem Schutz vun der Aartevillfalt gewidmet sinn. Hei gëtt sech besonnesch dem dramatesche Beiestierwen an dem Insekteschwund ugeholl.

Mam franséischen Ëmweltminister Nicolas Hulot, wëllen sech d‘Ministerinnen op EU-Niveau fir e séiere Verbuet vun de besonnesch bedenklechen Nikotinoïden asetzen. Insektiziden mat dëser Moleküll sinn erwisenermoosse fir eng Schiedegung vun de Beievëlker an aneren Insekte verantwortlech.

Et ass een sech bei der Entrevue och doriwwer eens ginn, datt alle béid déi national Pläng vir e séieren Ausstig aus dem Herbizidwierkstoff Glyphosat muss openeen ofstëmmen. De Virgänger vum Svenja Schulze, de Christian Schmidt (CSU) hat bekanntlech, ouni sech mat der Bundesregierung ofgeschwat ze hunn, fir de weideren Asaz vum Herbizid zu Bréissel gestëmmt.

Fir eng Agrarpolitik déi der Ëmwelt gerecht gëtt

Erfreelech aus der Sicht vun den Ëmweltschützer: béid Ministerinnen halen eng grondleeënd Neiausriichtung vun der EU-Agrarpolitik fir dréngend noutwendeg. Si hunn sech drop gëeenegt, datt den Undeel vun de Mëttel, déi fir den Ëmwelt- an Naturschutz an der gemeinsamer Agrarpolitik agesat ginn, däitlech muss gehéicht ginn. De Landwirt misst besser fir seng Leeschtungen am Ëmwelt- an Naturschutz bezuelt ginn.

Alles an allem gutt Usätz, déi awer net dierfen driwwer ewech täuschen, datt een innerhalb der EU fir vill vun den ugeschwate Punkten, eng Eestëmmegkeet muss erhalen. Mat Länner déi esouwuel un der Atomkraaft wéi um Glyphosat festhalen, eng schwiereg Entreprise. Mee et sollt ee begréissen, datt d‘Carole Dieschbourg an d‘Svenja Schulze gewëllt sinn dëst gliddegt Eisen unzepaken.

Foto: Ouni Beie kann de Mënsch net liewen. Ouni chemesch Herbiziden awer schonn. Wéi staark sinn d‘Ministerinnen Dieschbourg a Schulze op europäeschen Niveau, fir d‘Ziler déi sech bei hirer Entrevue gesat hunn, och ze erreechen?

Ähnlech Sujeten Atomausstig, Carole Dieschbourg, Ëmwelt- a Klimapolitik, Herbiziden, Insektiziden, Svenja Schulze
Nächsten Artikel Virrechten Artikel