Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen
Neiegkeeten

De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen

2017 war d‘Cargolux dat beschte Joer säit sengem Bestoen. 4%

Geféierleche Stroosseverkéier: d‘CSV geet an d‘Offensiv
Neiegkeeten

Geféierleche Stroosseverkéier: d‘CSV geet an d‘Offensiv

Datt d‘CSV sech op eng méi konkret Oppositiounsaarbecht – also

D’Lëtzebuergesch Politik brauch méi Transparenz a manner Interessekonflikter, esou d’Jusos
Neiegkeeten

D’Lëtzebuergesch Politik brauch méi Transparenz a manner Interessekonflikter, esou d’Jusos

D’Jonk Sozialiste Lëtzebuerg spueren net u Kritik vis a vis

Lëtzebuerg: De nationale Rettungsdéngschtzenter kënnt

Lëtzebuerg: De nationale Rettungsdéngschtzenter kënnt

Bei der Virstellung vum Aktivitéitsbericht 2016 vum de Stater Pompjeeën- an Ambulanzeservice ass nach emol op d‘Pose vum Grondsteen fir den neien „Centre national d’incendie et de secours“ (CNIS) um Boulevard Kockelscheier zu Gaasperech, zeréckgekuckt ginn. Hei hate sech bekanntlech den Inneminister an de Minister fir Infrastrukturen an Nohaltegkeet souzesoen d‘Schëpp an de Grapp gedréckt.

Am Kader vun der Reform vun de Rettungsdéngschter sollen am CNIS déi verschidden Déngschter, also d‘Pompjeeën vun der Stad Lëtzebuerg, d‘Direktioun vum zukünftege Groussherzogleche Rettungs- a Brandcorps, den 112, d‘Schoul vun der Protection Civile, esou ewéi d‘national Schoul vun de Pompjeeën an dem Sauvetage, zesummegeféiert ginn. D‘Proximitéit mat de Beruffspompjeeën vun der Stad Lëtzebuerg soll dann och eng Professionaliséierung vun de Rettungsdéngschter um nationale Plang sécherstellen. Och kënnen op dëser Plaz Synergien geschafe ginn, dat esou wuel um Niveau vum Fonctionnement vun der neier Noutruffzentral wéi och d‘Organisatioun vun der Kommandohierarchie an d‘Virbereedung vun der Preventioun.

De CNIS, dee sech an zwou Eenheete deelt, an déi sëllech Servicer ënnert engem Dach verbënnt, dréit natierlech derzou bäi, datt sech d‘Situatioun vun der Stater Pompjeeën an Rettungsdéngscht ab 2020 sichtlech wäert verbesseren. Dat ass dat Joer wou de Betrib vun der Arelerstrooss soll a seng nei Déngschträim plënneren. Modern a performant Infrastrukture sinn jo och net vu Muttwëll an enger Haaptstad déi stänneg um wuessen ass.

Dat ganzt huet natierlech och een Impakt op de Budget gehat. Am „Budget rectifié“ vun 2016 stelle mer dann och fest, datt déi uerdentlech Ausgaben (Personal a Fonctionnement) sech op 21.476.900 Euro belafen. Déi ausseruerdentlech Ausgaben, wou ënnert anerem och d‘Suen fir de CNIS, Informatiksgeschir, dem Ëmbau an d‘Reparature vun den aktuelle Gebaier, d‘Uschafe vu Material, Maschinnen an och Vehikelen concernéieren, beleeft sech op 5.522.700 Euro. Un der gréisst vun der Stad gemiess an déie vill Asätz berécksiichtegend, sinn dës Zuelen erfreelech.

De bau vum neien CNIS allerdéngs schléit sech och nach emol am previsionnele Budget vun 2107 nidder. Während sech déi uerdentlech Depensen an héicht vun 22.269.100 Euro am normale Kader bewegen, esou kritt den Ausseruerdentlechen dach awer eng zolidd Erhéijung an klëmmt op 16.586.00 Euro. Domadder ginn allerdéngs eng Partie vun Baukäschten mat ofgedeckt an se sinn iwwert ee puer Joer verdeelt.

An der Moyenne 48 mol den Dag am Asaz

Am Dezember 2016 waren beim Stater Pompjee- an Ambulanzendéngscht 193 Mataarbechter beschäftegt. Déi sinn am ganzen 17.593 mol ausgeréckt. Dat waren 344 Asätz méi wéi 2015 an 405 méi wéi 2014.

Et dierf een dann awer schonn ee bëssen relativiséieren. Déi meescht Asätz ginn zu laaschten vun der Ambulanz, déi 15.735 mol erausgefuer ass. Dorënner dann och einfach, wéi dréngend Fahrten. Opgefall ass dat den Krankentransport awer iwwert déi lescht Joren ëmmer weider zeréck geet, vun 2.508 am Joer 2007 op elo 1.587 fir d‘Joer 2016. Bouneweg ass mat 1.539 Interventioune dee mëscht besichte Quartier, virun der Gare (1.506) an dem Kierchbierg (1.337).

Doriwwer eraus ass d‘Ambulanz och 4.400 ausserhalb de Stadgrenzen ënnerwee gewiescht, dat an de Nopeschgemenge an op der Autobunn. De Rettungsdéngscht war 1.440 mol am Asaz, déi meescht dovunner am Zentrum. Wéinst Feier waren d‘Pompjeeën 418 ënnerwee. De Präventiounsbüro mat sengen aacht Mataarbechter huet 143 Projeten analyséiert an aviséiert, mee och 77 Interventiounspläng fir Gebaier, Manifestatioune esou wéi fir Organisatioune oder Chantiere ausgeschafft.

Ofschléissend dierf dann nach erënnert ginn dat d‘Stad Lëtzebuerg 36 Stagiäre bei de Beruffspompjee am Oktober 2015 opgeholl hat. Zanterhier duerchlafen déi Jongen a Meedercher hir Formatioun an all deene Beräicher déi fir den Exercice vun hirem Beruff noutwenneg sinn.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel