Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verkënnt d‘Stad Lëtzebuerg zum Getto fir déi „Räich“
Neiegkeeten

Verkënnt d‘Stad Lëtzebuerg zum Getto fir déi „Räich“

Ouni sozial Mixitéit kann et keng sozial Kohäsioun ginn, firwat

RoundUp: Monsanto zu San Franscisco an éischter Instanz veruerteelt
Neiegkeeten

RoundUp: Monsanto zu San Franscisco an éischter Instanz veruerteelt

D‘Jury vum Geriicht zu San Francisco huet e Freideg de

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten
Neiegkeeten

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten

Pyongyang huet um Samschdeg eng spektakulär Entscheedung geholl a bekannt

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee

Fir déi Lëtzebuerger Acteuren aus dem Informatiksecteur, dierft de Rapport, deen um Freideg zu Bréissel virgeluecht ginn ass, als eng besonnesch gutt Nouvelle begréisst gi sinn. Tatsächlech huet sech Lëtzebuerg sech seng Platz un der Spëtzt vun de Länner, déi digital Virreider sinn, geséchert.

Hanner Dänemark, Schweden, Finnland an Holland, steet laut dem Bericht vun der DESI (Digital Economy an Society Index) Lëtzebuerg op der fënnefter Plaz. Laut dem Bericht, bleift Lëtzebuerg stabil an der Entwécklung, a hätt seng „Zensur“ esouguer liicht kënne verbesseren, an datt trotz engem „kompetitive Kontext“, heescht et säitens dem Service Medien a Kommunikatioun.

Heibäi gi verschidden Indice berécksiichtegt. Esou d‘Kommunikatiounsinfrastruktur, wou sech Lëtzebuerg op der zweeter Plaz behaapte kann. Beim Humankapital steet een sech als „fënneften“ och ganz gutt, a bei de Kompetenzen ass een déi onbestridden Nummer 1.

Laut dem Service Medien a Kommunikatioun, géif sech Lëtzebuerg ganz gutt der Erausfuerderung, déi spezialiséiert Ressourcen ze fannen, stellen. D‘Land géif sech de kontinuéierleche Besoinen an dësem Secteur upassen, a wier, esou de Bericht, besonnesch gutt opgestallt fir d‘Informatik ze fërderen. Kléngt gutt? Ass et och.

Op staatlechem Niveau

Grouss Fortschrëtter huet Lëtzebuerg och am Beräich vun den ëffentlechen Déngschter gemaach. Hei gewënnt d‘Land dann och direkt emol dräi Plazen. Geschëlt ass dësen Erfolleg der Politik vum „open data“, deen d‘Regierung lancéiert huet.

Ervirzehiewe sinn hei d‘Disponibilitéit vun de Formulaire, déi deels schonn ausgefëllt sinn, an natierlech d‘Benotzung vun den Online-Déngschter (guichet.lu). Hei kënnt Lëtzebuerg 2018 zwar „nëmmen“ op déi 17. Plaz, mee do dierft een zouversiichtlech sinn, datt et Verbesserunge gëtt.

Ze bedauere gëtt et och puer Saachen. Esou d‘Feststellung, datt de Wiessel zum numeresche fir d‘Entreprise wäit hannert dem europäeschen Duerchschnëtt läit, wat déi schlecht 22. Plaz och ënnersträicht. Dat passt dann och net zesumme mat der 4. Plaz, déi Lëtzebuerg sech geséchert huet, am Beräich vun der privater Internetbenotzung.

Ähnlech Sujeten DESI, Informatik, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel