Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: Bréissel op der Sich no „eenheetlecher“ Léisung
Neiegkeeten Stories

Coronavirus: Bréissel op der Sich no „eenheetlecher“ Léisung

Nodeems wéinst der Verbreedung vum Coronavirus Covid19 eng Partie Länner

Net emol dat mam Waffegesetz kréien se hin
Neiegkeeten Stories

Net emol dat mam Waffegesetz kréien se hin

Datt een als Regierung net nëmmen d‘Wuel vu senge Bierger,

Polen: Doudeger an Escape-Room
Neiegkeeten Stories

Polen: Doudeger an Escape-Room

De Bedreiwer vun engem Escape-Room zu Koszalin (am Norde vu

Lëtzebuerg huet en neien Drogenaktiounsplang

Cannabis wier nach ëmmer déi am meeschte konsuméiert Drog, mee och aner Produkter schéngen sech um nationale Maart etabléiert ze hunn – Elo soll et verstäerkt zu Präventioun an de Schoulen, neie Säll (Fixerstuff) an engem verstäerkte Kampf géint dat organiséiert Verbrieche kommen…

Lëtzebuerg huet en neien Drogenaktiounsplang

Gëschter hunn d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den nationalen Drogebeoptraagten Alain Origer de fënneften nationalen Drogenaktiounsplang virgestallt, deen den Zäitraum 2020/24 ofdecke soll. Prinzipiell geet et drëms esouwuel géint d‘Offer wéi och d‘Nofro vun den illegalen Droge virzegoen. Et dierft dobäi awer net zur Stigmatiséierung vun den Toxikomane kommen.

Fir d‘Ministesch ass et wichteg, datt een den Drogesüchtegen, egal a wéi enger Situatioun si sech befannen – also ob ouni feste Wunnsëtz, mat oder ouni penal Sanktioun, asw… – eng ugepasste Prise en Charge an individuell Hëllef ubitt. Et soll der gréisst méiglecher Unzuel vu Betraffene gehollef ginn. A wann een net hëllefe kann, solle wéinstens déi sanitär Konditioune besser ginn.

Säitens dem Drogebeoptraagte vun der Natioun, Alain Origer, ass de Cannabis nach ëmmer déi am meeschte konsuméiert illegal Drog. Um Podium stinn nach de Kokain (dee sech am Finanzsecteur gutt implementéiert huet) a synthetesch Droge vum Typ „Extasy“ a „Molly“. De Lëtzebuerger géif allerdéngs manner dëser Drogen zou sech huelen, wéi d‘Residenten an den Nopeschlänner.

Drogen an Drogen ass net datselwecht

Wann also den Drogekonsum generell éischter réckleefeg ass, esou géifen déi Jonk verstäerkt zum „Joint“ gräife firwat et esou wichteg ass, net nozeloossen an de Kampf géint d‘Drogen auszebauen. Erfreelech ass d‘Feststellung, datt d‘Zuel vun den Drogendoudegen (duerch eng Overdose) an de leschten zwanzeg Joer däitlech ofgeholl huet. (Vun nach 26 am Joer 2000 op 4 am Joer 2018)

Fir den Drogebeoptraagten ass déi positiv Entwécklung dem Fait geschëlt, datt dank der „Offer“ – gemengt sinn d‘Fixerstuffen, de Methadon-Programm asw. – an de successiven Aktiounspläng ee besseren Ëmgang mat den Droge gelongen ass. Dat hätt och derzou gefouert, datt d‘Zuel vun den Aids-Infektiounen drastesch reduzéiert konnt ginn. Propper Sprëtze sinn eben eng gutt Saach.

Laut dem Alain Origer verdeelen déi am Secteur aktiv Associatioune ronn 54.000 Sprëtzen d‘Joer, wat wäit iwwert de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) geleeën ass. Fir hien ass offensichtlech, datt sech d‘Drogen- a Suchtpolitik zu Lëtzebuerg bewäert huet. Dat géif esou vum Trimbos-Institut (Holland) – deen huet de leschten Aktiounsplang evaluéiert – bestätegt.

(Hei muss drop higewise ginn, datt den hollänneschen Trimbos-Institut och schon d‘Evaluatioun fir den Aktiounsplang vun 2010/14 gemaach huet, deen ëffentlech zougänglech ass, gemaach hat. Et schéngt een awer ausser enger „Zesummefaassung“ vun der neier Evaluatioun, der Ëffentlechkeet de ganze Rapport net wëllen oppen duerzeleeën. Béis ass, wien sech Schlechtes dobäi denkt. NvdR)

Wouhinner d‘Rees goe soll

Mam neien Drogenaktiounsplang sollen 80 Moossnamen ëm- an duerchgesat ginn. Moossnamen déi vun esou ënnerschiddlechen Acteure wéi d‘Ministèren, d‘Gemengen, déi an dësem Beräich aktiv Associatiounen, an natierlech och d‘Konsumente selwer, sollten ëmgesat ginn. D‘Mesure beroue selbstverständlech och ob de Recommandatioune vum Trimbos-Institut. Déi hu jo Anung.

Eng vun den droende Sailen ass a bleift d‘Preventioun. Ass dat gutt gemaach, kann een d‘Demande no esou Produkter reduzéieren. Da soll sech ëm déi an den Alter kommend Drogekonsumente gekëmmert ginn, mee och d‘Offer vun der Substitutioun soll erhéicht a verbessert ginn. Eng Offer déi regionaliséiert, also dezentraliséiert, misst ginn, fir ee besseren Zougang ze erméiglechen.

Interessant ass och, datt déi juristesch a repressiv Zesummenaarbecht soll verstäerkt ginn an eng Kooperatioun vun den nationalen Aktiounen an der Unioun ugestrieft gëtt. Méi hëllefräich dierften hei awer déi grouss Projete sinn, déi ee Méindeg virgestallt goufen: esou beispillsweis d‘Schafe vun engen therapeutesche residentiellen Zenter fir Mannerjäreger. Prezisiounen dozou gouf et awer net.

Doriwwer eraus sollen déi medezinesch Permanencen an d‘Substitutioun-Traitementer ausgebaut ginn. Den „Austausch“ vun de Sprëtze soll och iwwert de Weekend an Nuets erméiglecht ginn. Eng stationär Offer vun der Informatioun zum Ëmgang mat den Drogen, inklusiv der Méiglechkeet, fir Mënschen déi Drogen aus rekreative Grënn ageheien, d‘Qualitéit vum Produkt préiwen ze loossen.

Wou ass d‘Legaliséierung vum Cannabis drun?

Wierklech Loscht de rekreative Konsum vum Cannabis ze legaliséieren huet an dëser Regierung, a wuel och an der Chamber keen. Et ass sécher eng Fuerderung déi Sënn géif maachen, an sech och kéint „positiv“ op d‘Qualitéit vun dësem „lëschtege Kraut“ kéint auswierken. Zudeem géif et vill derzou bäidroen dem Schwaarzmaart ee Reedel virzeleeën. A Steiere géif et zudeem och bréngen.

Datt d‘Prohibitioun – bezunn op de Cannabis a seng Derivater – absolutt net Ziilféierend war an ass, sollt een net nach emol mussen debattéieren. Ëmmer méi Länner op der Welt – mat wesentlech méi repressiver Gesetzgebung – hunn dëse Schratt längst duerchgezunn, mee mir dinn eis hei am Land nach ëmmer schwéier, de Realitéite vun der Gesellschaft Rechnung ze droen.

Et gëtt awer héich Zäit, datt sech d‘Politik hirer Verantwortung bewosst gëtt. Den Alain Origer huet selwer dat beschten Argument geliwwert. Esou ass de Cannabis vun „Haut“ net dee wou déi virecht Generatiounen an Zigarettepabeier gewéckelt hunn. Den THC-Gehalt ass exponentiell héichgeziicht ginn, firwat eng Reglementéierung ubruecht wier. Dat setzt viraus, datt de Cannabis „Legal“ gëtt.

Laut dem Paulette Lenert, muss de legale Kader bescht méiglech organiséiert ginn. Et dierft ee keen Detail ausloossen. Wéinst der Covid19-Pandemie sinn d‘Aarbechten eppes vernoléissegt ginn, mee et géif nees dru geschafft. Et géi grad eng juristesch Analys vum hollännesche Modell gemaach, mee et géif een sech dofir Zäit huelen. Bis dohinner bleiwe „Kiffer“ kriminell Drogekonsumenten.

Illustratioun: © Matthew T Rader / unsplash

Ähnlech Sujeten Alain Origer, Drogebeoptraagten, Drogenaktiounsplang, Gesondheetsministesch, Paulette Lenert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel