Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift
Crazy LOL Money Neiegkeeten

Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift

D‘Ausseminister vu Frankräich a Lëtzebuerg hunn sech um Freideg zu

laughing
Editorial: E bësschen Optimismus muss sinn
Crazy LOL Money Neiegkeeten

Editorial: E bësschen Optimismus muss sinn

Ech kucke mat engem décke Kapp a Richtung 2018. Nee,

cryingsurprise
Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée
Crazy LOL Money Neiegkeeten

Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée

Säit dräi Méint ginn d‘Sondage fir de franséische President an

tonguelaughingmoney

Ass Lëtzebuerg dat produktiivst Land?

Dank Grenzgänger ganz wäit fir

Ass Lëtzebuerg dat produktiivst Land?

Produktivitéit ass ee vun de Schlësselelementer vum wirtschaftlechen Erfolleg. Wat engem Land seng Aarbechter méi produktiv sinn, ëmsou méi héich ass den Ëmsätz vum Patronat. Deen ass d‘Mooss vum ekonomeschen Erfolleg vun enger Natioun.

Eng Etüd vun der britescher Firma „B2B Expert Market“ wëll Liicht an dat ganzt erabréngen an huet ee Ranking erstallt. Hei ginn déi Länner ervirgehuewen déi mat der gréisster Produktivitéit zugläich och fir Investisseure wirtschaftlech interessant sinn. Dofir hu si d‘Donnéeë vun de 35 wichtegsten Ekonomië verglach.

Net, datt et elo wëssenschaftlech komplex gewiescht wier, si hunn einfach den BIP (Brutto Inland Produkt) pro „Capita“ vun de Natiounen, duerch d‘Stonne gedeelt déi e Salarié geschafft huet. Dorausser ergëtt sech ee graffen Iwwerbléck, wien an der kierzter Zäit dat meeschte Geld verdéngt, an esou am produktiivsten ass.

De roude Léiw ganz uewen

Wann een dann de Zuele vun „B2B Expert Market“ gleewen dierf, ass Lëtzebuerg déi produktiivst Natioun mat ronn 51,19 €/Stonn (£ 45,71). Dann entsteet awer och schonn direkt ee Lach. Well och wann Norwegen mat 40,72 €/Stonn (£ 36,36) nach op Plaz 2 am Ranking kënnt, sinn et schonn zéng Euro manner.

D‘Bronzemedail geet un d‘Australier. Mat 33,39 €/Stonn (£ 29,81) ass se déi produktiivst englesch sproocheg Natioun. Op de Plaze 4 bis 7 fanne mer dann awer nees europäesch Länner. An der Reiefolleg: Schwäiz (£ 28,35) Holland (£ 26,19) Däitschland (£ 25.95) an Dänemark (£ 24,24).

Leider gëtt et ee Spillverdierwer. Eurostat analyséiert an interpretéiert déi Zuelen natierlech ganz anescht. Si ginn dovunner aus, datt den héije BIP just zustane kënnt, well mir esouvill Grenzgänger beschäftegen. Déi géife wuel mat hirer Aarbechtskraaft zum BIP bäidroen, wieren awer net an der Zuel vun der Bevëlkerung berécksiichtegt.

mat AFP an Indymedia

Ähnlech Sujeten Europa, Lëtzebuerg, Produktivitéit, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel