feyenoord dating
Am Kader vun de Gemengerotssëtzung gëschter, ass d‘Christiane Brassel-Rausch (déi
Am Kader vun de Gemengerotssëtzung gëschter, ass d‘Christiane Brassel-Rausch (déi
Mat vill Tamtam ass Bright virun e puer Méint vun
Fraen si déi besser Männer! Esou zumindest presentéiert sech déi
Wien sech schonn ëmmer gefrot huet, wéi een “Nationbranding” digital denke kann, krut elo eng Äntwert. Lëtzebuerg huet elo seng eegen Emojis! Gläich 120 Stéck kann een um Site kucken a si decken eng relativ breet Palette u Sujeten of. Vum Tram iwwert d’Gëlle Fra hin zum Gromperekichelchen ass esou zimlech alles dobäi, wat representativ fir Lëtzebuerg ass oder op mannst esou gedeit ka ginn.
Déi Emojis nennen sech EmoXies, wou un den X vun der Nationbranding-Strategie verwise gëtt. Dat erkläert och, firwat den zweefaarwegen X bei all Emoji am Hannergrond ze gesinn ass. Den offizielle Start fir d’EmoXies ass muer, wann d’Francine Closener (LSAP) dës um Stand vun “Luxembourg – Let’s make it happen” um Square Jan Pallac um 13:00 presentéiert.
Et kann een d’EmoXies souwuel als App eroflueden, fir se an de Messengeren ze benotzen, oder einfach op de sozialen Netzwierker deelen. Et kann een och eege Propositiounen era reechen. Et gouf a punkto Promotioun net gespuert an et huet een esouguer en Trailer produzéiert:
Mam Service Information et Presse