Search

You may also like

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns
Neiegkeeten

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns

De Summer mécht eng kleng Paus, wéi et ausgesäit. Ween

dislike
Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen
Neiegkeeten

Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen

Nei Woch, neie Shit-Storm. Des Kéier mat dobäi: Déi jonk

De Krich um Balkan: dat bluddegt Enn vu Jugoslawien, erkläert
Neiegkeeten

De Krich um Balkan: dat bluddegt Enn vu Jugoslawien, erkläert

Haut um Mëttwoch steet deen als „Metzler vum Balkan“ bekannte

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun

Zanter elo zwee Joer schéngt et mat der Konjunktur zu Lëtzebuerg biergop ze goen, wat sech natierlech positiv op d’Chomagezuelen nidderschléit. Esou konnt am leschte Joer den Taux vun 6,5 op elo 6% festgeluecht ginn.

Kuckt een sech déi vun der ADEM beréedgestallten Zuelen un, sou waren zum 31.Mäerz 16.475 Leit als „Demandeur“ ageschriwwen. Dat sinn der 930 Manner wéi nach Zejoert. Domadder huet Lëtzebuerg nees de Stand vu Februar 2012 erreecht.

Laut dem Jean Ries, Chef vum statisteschen Déngscht bei der ADEM, maachen des Zuelen däitlech dat et der Lëtzebuerger Wirtschaft nees besser geet. D’Konjunktur wier favorabel fir schafe vun Aarbechtsplazen. Senger Analyse folgend wieren dann och all Secteure betraff, also net nëmmen déi héich qualifizéiert Beruffer an der Finanz- oder Informatikbranche. An de Beruffer déi keng héich Qualifikatioun verlaange sinn besonnesch d’Entreprisen an der Beräicher Botz, HORESCA an Objektschutz op der sich no neiem Personal.

Next post Previous post