Search

You may also like

2018 start gutt fir den Aarbechtsmarché
Neiegkeeten

2018 start gutt fir den Aarbechtsmarché

Den Aarbechtslosentaux fält am Januar op  5,6%. Am Verglach zum

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess
Neiegkeeten

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess

Zu Madrid kréien 12 Separatisteleader de Prozess gemaach. D‘Roserei vun

Wéinst Covid-Mutatioun: Och an Dänemark ginn d’Näerzer ëmbruecht
Neiegkeeten

Wéinst Covid-Mutatioun: Och an Dänemark ginn d’Näerzer ëmbruecht

An Dänemark wëll d’Regierung elo iwwer 15 Milliounen Näerzer un

D‘Stad Lëtzebuerg erwächt zu neiem Liewen

D‘Stad Lëtzebuerg erwächt zu neiem Liewen

Och d‘Haaptstad huet massiv ënnert der Covid19-Pandemie gelidden, mee lues a lues gëtt et nees esou eppes wéi eng nei Normalitéit. De Wee wäert laang a sécher net einfach sinn, mee wat e Mëttwoch um „Citybreakfast“ vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) an dem Schäffe Serge Wilmes (CSV) annoncéiert gouf, huet engem nees Hoffnung ginn, an dat ass gutt esou.

Aleedend huet d‘Lydie Polfer nach emol drop higewisen, datt esouwuel beim Confinement, wéi och beim progressiven Deconfinement, déi Stater Leit vill Vernonft bewisen hunn. Si hunn esou ee ganz grousse Beitrag geleescht, datt ee schrëttweis nees zu méi Fräiheete gelaangt, an et gëtt kee Grond firwat sech dat ännere sollt. Vill Mesurë goufen ergraff an et wäert och an déi Richtung weidergoen.

D‘Reouverture vun de Spillplazen, déi zu dësem Ament nach net offiziell war, gouf begréisst. Si hat sech jo als Deputéiert och entspriechend – an zesumme mat allen anere Parteien dofir agesat – hält awer fest, datt sech hei d‘Regierung Richtlinne ginn huet, an datt un dëse festgehale gëtt, wier och vernënfteg. Et muss jo och verständlech bleiwen, esouguer da wann et engem inkoherent erschéngt.

Si wënscht datt elo och d‘Buschaufferen – déi si jo u sech gutt vum Public ofgeschiermt – net hannert dem Steier mat enger Mask setze mussen. Si géif et och begréissen, wann ee sech op ee festgeluechte Sécherheetsofstand kéint verstännegen. Hei annerhallwe Meter, do därer Zwee, dat versteet kee Mënsch. Si géif et freeën, wann ee sech eenheetlech op annerhallwe Meter eenegt.

D‘Verdeelung vun de Masken huet gutt geklappt. D‘Lydie Polfer huet nach emol drun erënnert, datt Lëtzebuerg dat eenzegt Land an der Unioun ass, déi sech dëse Gest erlaabt huet. E Gest zudeem, deen och fir d‘Grenzgänger gülteg ass. Op néng Plaze konnten d‘Leit sech hir Masken ofhuelen, an dat hunn 72.249 (zum 10. Juni) genotzt. Dat sinn 6.612.000 Masken déi d‘Bierger kritt hunn.

Lëtzebuerg

D‘Muséeë sinn schonn op, an d‘Lydie Polfer geséich et och gären, wann dat fir déi vill Theatere géif méiglech ginn. Déi aktuell Saison muss een awer ofhaken, do léisst sech elo näischt méi maachen. Punktuelles gëtt net ausgeschloss, mee elo heescht sech op d‘Saison 2020/21 virbereeden. © Martine de Lagardère/moien.lu

Vill Aktivitéiten, besonnesch am sportleche Beräich sinn nees méiglech. Hei ginn déi Aktivitéiten déi am fräie Raum bevirzucht, mee och den „Indoor“ kann nees opgeholl ginn. Si weist drop hinn, datt do d‘Veräiner gehale sinn, sech un d‘Recommandatiounen/Obligatiounen ze halen. Et gëtt Beräicher, wéi d‘Schwämm, déi bleiwen den Ament nach de Schoule virbehalen.

Hei dierft awer, wann dann d‘Schoulvakanz ufänkt un d‘Ëmstänn et erlaben, wouvunner eigentlech auszegoen ass, och nach alles besser ginn. D‘Kultur soll och nees méi an de Mëttelpunkt geréckelt ginn, wann och net am fréieren Ëmfang. Mat der Cinemathéik soll um Glacis (Lampertsbierg) en Open-Air Kino organiséiert ginn, dat am Stil vun engem Autokino. Detailer dozou kommen nach.

De Serge Wilmes huet sech dem Volet „Commerce“ ugeholl an nach emol zu Recht drop higewisen, datt den Eenzelhandel eng grouss Roll an enger Stad spillt an zudeem och fir Liewensqualitéit steet. Hei huet d‘Stad Lëtzebuerg scho ganz vill gemaach, a wäert och net labber loossen. De Loyer op deene Plaze wou d‘Räimlechkeeten der Stad gehéieren, gëtt bis op Weideres ausgesat.

Wan et dann och richteg ass, datt wuel nees eppes Liewen an der Stad ukomm ass, esou leeft nach net alles esou Ronn wéi ee sech dat wënsche géif. Dat huet deels och domadder ze dinn, datt nach vill Betriber aus dem gastronomesche Beräich, net all hir Clienten erëmfonnt hunn. Dat huet wuel engersäits mat der Plaz ze dinn, mee anersäits spillt och den Télétravail hei eng gewësse Roll.

Lëtzebuerg

De Serge Wilmes huet annoncéiert datt et nees eng Ausschreiwung fir déi sougenannte „Pop-Up“ Geschäfter gëtt, fir déi d‘Stad d‘Raimlechkeeten zur Verfügung stellt, datt zu ganz interessante Konditiounen. Hie huet och bestätegt, datt een den Ament fir en Nofolger vun „à la soupe“ sicht, och dës Ausschreiwung sollt kuerzfristeg verëffentlecht ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Net ze ënnerschätzen ass och de Fait, datt d‘Leit deels nach eng duerchaus berechtegt Angscht hunn an och de Congé aus Familljegrënn eng Roll spillen. Angscht bréicht et u sech keng méi, all d‘Geschäfter an d‘gastronomesch Betriber hunn hei déi richteg Mesure geholl, déi dem Konsum kaum nach Grenze setzen. A vir de Geschäftsleit ënnert d‘Äerm ze gräifen geet et ee Projet.

Esou erkläert de Serge Wilmes, datt d‘Stad Lëtzebuerg eng Aktioun „Akafsbongen“ mat de ronn 1.500 Geschäftsleit an der Stad organiséiert. Déi kënnen der Stad esou 20 Bongen am Wäert vu jee 50 Euro verkafen. Alles wat d‘Commerçanten dozou wësse mussen ass um Site vun der Stad Lëtzebuerg erkläert. Hei gëtt esouguer Virlagen, fir déi wou nach ni esou eppes proposéiert hunn.

Scho muer Freideg geet de Budget dofir, ëmmerhin 1,5 Milliounen Euro, dem Gemengerot zur Ofstëmmung virgeluecht. Zousätzlech soll eng digital Plattform geschafe ginn, fir de Geschäftsleit méi Visibilitéit ze ginn. Dat geschitt a Concertatioun mam Geschäftsverband, a wann alles säi Wee geet, sollt dës Plattform bis Joresenn aktivéiert sinn. Eng gutt Alternativ zu Amazon a Co.

Wann et schonn aus verständleche Grënn keng Schueberfouer ka ginn, esou wëll de Serge Wilmes awer un der Braderie festhalen. Wéi een dat elo esou hikritt, datt et sécher a verstänneg ass, dorunner gëtt den Ament geschafft. Méiglech wier beispillsweis, datt d‘Braderie net nëmmen op Kiermesméindeg stattfënnt, mee iwwert ee puer Deeg an op de ganzen Territoire ausgewäit gëtt.

Wéi ee gesäit – an dofir bitt d‘Redaktioun den Detail a separaten Artikelen un – et deet sech grad immens vill, an ëmmer wann d‘Situatioun evoluéiert kënnt Neies derbäi. Wichteg ass et awer hei zréckzebehalen, datt déi Verantwortlech onermiddlech dru schaffen de Leit d‘Liewen ze erliichteren an och hir Geschäftsleit onermiddlech begleet. Et geet ëm Zesummenhalt an sozial Kohesioun.

Illustratioun: © Good / unsplash

Related topics Deconfinement, Lydie Polfer, Reprise, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg, Stater Geschäftsverband
Next post Previous post