Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?
International Neiegkeeten

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Écologique hu geruff, Dir

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden
International Neiegkeeten

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden

Um haitege Moien ass tëscht den Héichiewen um Belval den

Covid19: An Däitschland sollen och Déiere getest a gemellt ginn
International Neiegkeeten

Covid19: An Däitschland sollen och Déiere getest a gemellt ginn

Kléngt no engem schlechte Witz, dobäi ass et eisen däitschen

Berlin vergënnt Lëtzebuerg eng Extrawurscht

Wien zukünfteg aus Risikolänner an Däitschland areest muss sech engem Covid19-Test ënnerzéien, fir Lëtzebuerg – dat eenzegt direkt ugrenzend Land – gëtt eng Ausnam gemaach

Berlin vergënnt Lëtzebuerg eng Extrawurscht

Um Méindegmueren huet d‘Bundesregierung beschloss, datt d‘Leit déi aus Risikolänner areesen, sech engem Covid19-test ënnerzéie mussen. Fir all déi aner bleift et fräiwëlleg. Lëtzebuerg ass bis elo dat eenzegt Risikoland dat direkt un Däitschland ugrenzt, woubäi dat mam Risiko jo awer elo och eng Fro vun der Interpretatioun ass.

Nodeems déi lescht Grenzschléissung eng helle Wull u Mësstéin mat sech bruecht huet, an zudeem vill Leit e schwierege Parcours ze iwwerwannen hate fir op hir Schaff an/oder nees Heem ze kommen, soll et fir Lëtzebuerg eng gesënnert Reegel ginn. Et kann awer och dru geleeë sinn, datt sech de Bundesgesondheetsminister Jens Spahn (CDU) net wëll mat eisem Ausseminister uleeën.

Leschtes dierf ee getréischt als ironesch Remark klasséieren, mee et ass richteg, datt eis Noperen de Grenzgänger net nach emol d‘Liewen onnéideg erschwéiere wëllen. Zudeem ass et erlaabt drop hinzeweisen, datt eis däitsch Pendler éischter déck zefridde sinn, wéi mir dat hei zu Lëtzebuerg an d‘Hand geholl. Flächendeckenden Test (gratis) fir jiddereen, also och fir d‘Frontalieren.

An déi huelen dës Offer net nëmmen eescht mee och ganz dankbar un. Dat wier sécherlech keng 100% Sécherheet, mee wann ee sech all puer Woche kann teste loossen, fillt ee sech beschützt, esou ee Beruffspendler, deen all Dag vun Tréier op Steesel schaffe kënnt. Dëse Mann – dee net wollt ernimmt ginn – begréisst et net méi mussen am Stau ze stoen a stänneg kontrolléiert ze ginn.

Him ass d‘Zäit vun den zouene Grenzen nëmmen all ze gutt a (schlechter) Erënnerung. Deemools ware vill Grenziwwergäng gespaart, an déi wou op waren, si vun der Bundespolizei kontrolléiert ginn. Nëmme wie Beruffspendler war konnt passéieren, an dat och nëmme wann een en Ziedel vum Patron hat, dee bestätegt huet datt een huet misse physesch op der Schaff uwiesend sinn.

Lëtzebuerg ee Risikogebitt

Mëtt Juli hat d‘Robert-Koch-Institut (RKI) eist Land zum Risikogebitt erkläert. Fir d‘Bundeslänner an der Grenzregioun war allerdéngs kloer, datt een eng Situatioun wéi virum 15. Mee net méi kann akzeptéiert ginn. D‘Landesregierung vum Saarland huet dann och, grad ewéi d‘Landesregierung vu Rheinland-Pfalz, hir Quarantaine-Veruerdnung entspriechend geännert. Eng gutt Saach u sech…

Trotzdeem: Wa Beruffspendler, Studenten, Liewenspartner oder fleegend Familljemembere vun der Quarantaine-Flicht entbonne sinn, esou gëllt fir all déi aner wou sech méi laang wéi 72 Stonnen zu Lëtzebuerg opgehalen hunn, sech fir 14 Deeg doheem aspären. Dës Reegel gëllt och dann, wann dem Bundesgesondheetsminister seng Testverflichtung a Kraaft trëtt. An dat ass elo och offiziell.

Déi Saarlännesch Gesondheetsministesch Monika Bachmann (CDU) huet op Nofro bestätegt, datt si dës Mesure esou mam Jens Spahn verbindlech gekläert huet. De Bundesgesondheetsminister hätt zougestëmmt, datt nëmme Leit déi sech méi wéi 72 Stonnen um Stéck zu Lëtzebuerg opgehalen hunn, vum Test verflicht wieren. Dat dierft eisen Ausseminister Jean Asselborn erfreet hunn.

Fir d‘Monika Bachmann war et wichteg sécherzestellen, datt d‘Grenzen op bleiwen an d‘Pendler net all Dag eng nei Bescheinegung brauchen. „Et wäert weder Kontrollen nach Teststatiounen un der saarlännesch-lëtzebuergescher Grenz ginn. Mee et gëllt weiderhin, datt wie méi wéi dräi Deeg zu Lëtzebuerg war, verflicht dat dem zoustännege Gesondheetsamt oder der Police ze mellen“.

Alles mat der Rou

Fir de Jean Asselborn, deen nach Mëtt leschter Woch gewarnt hat, datt wann et zu verflichtenden Tester op der däitscher Säit kënnt, géif Lëtzebuerg ofgerigelt. Dat wier net nëmmen e Feeler a Verantwortungslos, mee géif déi schon ugeschloe Bezéiung nach eppes weider schiedegen. Kee Buergermeeschter béidersäits der Grenz wëll dat. Déi haten dat jo och schrëftlech bekannt gemaach.

An dësem Kontext weist eisen Ausseminister nach emol op de Fakt hinn, datt eis Zuele wuel vill méi héich si wéi am direkte Verglach mat eisen Noperen, dat awer dem Fait geschëlt ass, datt mir zu Lëtzebuerg erhieflech méi testen, an esouguer d‘Pendler mat abezéien, wat jo och dësen hire respektive Länner indirekt zerguttst kéim. Eis dofir ze bestrofe wier schlicht eng Absurditéit.

Eisen Ausseminister stellt dann och nach emol kloer, datt mir net mat anere Risikogebidder kéinte verglach ginn: „Tester wann een eraus wëll, dat geet net. Mir sinn ee Land a mir sinn och keng Ballermann-Ag. D‘Mënschen hei zu Lëtzebuerg liewen net wéi all déi wou um Ballermann Party maachen“. An awer musse Lëtzebuerger déi an Däitschland areesen, en negativen test virweisen.

D‘Resultat vun dësem ganzen Hickhack wierkt sech dann och an éischter Linn op den Tourismus aus. D‘Lëtzebuerger ginn net méi déi aner Säit der Musel oder der Our, an ëmgedréit ass och gefuer. Eigentlech schued, wann ee bedenkt, datt entgéint der däitscher Säit, sech jiddereen, also och den Tourist hei zu Lëtzebuerg dierf gratis teste loossen. Mee zu Berlin sinn se besonnesch virsiichteg.

Foto: Esou eppes wëll kee méi gesinn. Net zu Lëtzebuerg an och net direkt hannert der Grenz. Mir sinn eng Regioun, an där mir zesummegewuess sinn. An dat loosse mir eis net huelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Covid-19-Tester, Covid19, Däitschland, Jean Asselborn, Jens Spahn, Lëtzebuerg, Monika Bachmann, Rheinland-Pfalz, Saarland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel