Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen
Kultur Neiegkeeten

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen

De CSV-Generalsekretär Félix Eischen huet viru kuerzem dem Parteipresident Frank

Télétravail: Vill oppe Froen
Kultur Neiegkeeten

Télétravail: Vill oppe Froen

Mëtt Mee hatt d‘CGFP de Minister vum Ëffentlechen Déngscht, Marc

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt
Kultur Neiegkeeten

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt

Nodeems en Donneschdeg am franséische Parlament d’Eisebunnsreform ugeholl ginn ass,

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier

“Luxembourg Craft Beer Celebration” an der Abtei Neimënster

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu
Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu
Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu
Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu
Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu
Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu
Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu
Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu
Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu
Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
© Melvin Hatto/moien.lu

Wien de Weekend iwwer net wousst, wat en drénke sollt, dee konnt sech an de Bannenhaff vun der Abtei Neimënster woen an op der “Luxembourg Craft Beer Celebration” eng helle Wull un artisanale Béierzorte schmaachen.

De Weekend vum 21. an 22. September konnten d’Guckelcher alt nees méi Béierzorte bestaunen, wéi d’Liewer der verschaffe kann.

Eemol de Mount ass et an der Reegel sou wäit: E Grapp voll Leit – vereenegt als Schmaacht et? A.s.b.l. – organiséiert e sougenannt “Craft Beer Tasting Event”. Hei soll engem d’Geschicht an d’Séil vu mat vill Häerz hiergestallte Béierzorte méi no bruecht ginn.

Bei sou villen eenzegaartegen Zorte fält engem de Choix net onbedéngt liicht. © Melvin Hatto/moien.lu

Eent vun den Haaptziler vun der Vereenegung ass et, déi grouss Villfalt un artisanale Béier ze presentéieren. Steet den a méi klenge Quantitéiten a mat vill Häerz hiergestallte Béierzorten d’Konstanz vum industriell hiergestallte Béier géinteniwwer, esou bréngt dëst Handwierk reegelméisseg nei an interessant Goûten ervir. Ausserdeem géif et drëms goen, déi artisanal Brauereien zu Lëtzebuerg méi staark mateneen ze vernetzen an och iwwert eis Grenzen hinaus bekannt ze maachen.

E Samschdeg an e Sonndeg hat Schmaacht et? dunn d’Geleeënheet gehat, hir Zelter a Fässer am pittoreske Bannenhaff vun der Abtei Neimënster – ëmgi vun de Stater Festungsmaueren – opzeschloen. Do dernieft ass et nach e klenge Vintage-Maart ginn. Spillercher fir déi Kleng an e Museksprogramm hunn och net dierfe feelen. Fir Iesse war och gesuergt – fir d’Gedrénks souwisou. Den Entrée war iwwregens gratis.

E Glas an e puer Stongen

Bei der Entrée konnt ee sech e Glas a Stonge kafen. Déi Stonge konnt een dunn antauschen: Wat ee méi Stonge ginn huet, wat ee säi Glas méi gefëllt krut. Wien also vun allem probéiere wollt, huet net Glas fir Glas missen eidel maachen (wat bei dëser Unzuel wuel och net gaange wier), mee konnt iwwerall just eng Schlippchen huelen. Deen een oder aneren huet dobäi och säi Favorit fonnt a sech d’Glas ganz fëlle gelooss.

© Melvin Hatto/moien.lu

Wärend e Samschdeg d’Leit hannert dem Comptoir uerdentlech vill ze dinn haten, war et e Sonndeg méi gemitterlech – woubäi d’Abtei nach ëmmer gutt besicht war. Als Veranstalter weist ee sech zefridden a freet sech schonn op déi nächst Editiounen. Deemnächst wier och nees geplangt, méi ausserhalb vun der Stad eng ze starten.

An der Galerie sinn e puer Andréck vun e Sonndeg ze fannen.

Galerie an Opmaacherfoto: © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Abtei Neumünster, artisanale Béier, Beier, Craft Beers, Schmaacht et?
Nächsten Artikel Virrechten Artikel