Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Minister Romain Schneider op Besuch an der Tierkei
Neiegkeeten

De Minister Romain Schneider op Besuch an der Tierkei

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

Loscht op Héichuewen?
Neiegkeeten

Loscht op Héichuewen?

Op der Friche „Belval“ wou zolidd an d‘Erhale vun der

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg

Um 18. Oktober ass am Centre Orchimont den 10. Buttek

Net nëmmen um Schumannseck huet et gebrannt!

Net nëmmen um Schumannseck huet et gebrannt!

Wéi de CGDIS matdeelt ass et gëschter uechtert Land wuel zu zuelräiche Bränn komm. Nieft dem Unhänger mat den Heebotten, deen um Schumannseck Feier gefaangen huet, woubäi d’Flamen op de Bësch iwwergaange sinn, ass et wuel och op weidere Plazen zu brenzelegen Tëschefäll komm.

Um 12:30 ass an der Leetstell CSU 112 ugeruff ginn, datt et duerch déi dréche Wiederverhältnisser zu engem gréissere Feier komm ass. Op der N15 tëscht Bitscht an dem Schumannseck waren zuelräich Rettungs- a Läschdéngschter beschäftegt, fir de Bëschbrand ënnert Kontroll ze kréien. Nieft de scho genannten Asazkräfte ware spéider och den CIS Klierf, den CIS Kiischpelt, den CIS Géisdref an den CIS Wäisswampech op d’Plaz geruff ginn. Géint 16:00 Auer hat een d’Flame geläscht.

Kuerz virun dësem Virfall huet um 11:20 eng landwirtschaftlech Maschinn zu Bierden um Kettenhouscht Feier gefaangen. Hei hunn den CIS Angelduerf an d’Police gehollef, datt näischt Schlëmmeres geschitt. Just 10 Minutte méi spéit ass dunn den Appell eragaangen, datt um Houschterhaff ee Feld a Brand stécht. Den CIS Klierf, den CIS Tandel, den CIS Weiler an d’Police waren op der Plaz.

Gebrannt

Heimat awer nach net genuch. Géint 15:20 Auer ass am Spidol zu Diddeleng Damp am Keller gemellt ginn, wouropshin den CIS Diddeleng, den CIS Esch, den CIS Keel, d’Ambulanz Diddeleng an d’Police sech direkt op de Wee gemaach hunn. Kuerz no 16:00 Auer huet et dunn och zu Déifferdeng bei Arcelor Mittal gebrannt. D’Ambulanz vu Schëffleng, den CIS Suessem-Déifferdeng, den CIS Käerjeng-Péiteng, den CPEL Kordall an d’Police ware mat de Läschaarbechte beschäftegt.

Um fréien Owend ass et schliisslech nach zu Proz an der Rue de Buschrodt zu engem Virfall komm. Een Transformator huet hei gemengt, e misst Feier fänken. Den CIS Groussbus, CIS Préizerdall an d’Police hu sech ëm dëse Brand gekëmmert. Bei alle genannte Bränn ass glécklecherweis kee blesséiert ginn.

Ähnlech Sujeten Bëschbrand, CGDIS, CIS, Feier, Gebrannt, Hëtztwell, Pompjee
Nächsten Artikel Virrechten Artikel