Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

70 Joer Gënzefest zu Wolz
from dating to relationship

70 Joer Gënzefest zu Wolz

Um Päischtméindeg war an alle Gaassen eppes weider lass: zum

celebs go dating bear series
from dating to relationship

De Jean Asselborn bei der Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet Ufanks der

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!
from dating to relationship

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!

Scho fir d’fënneft Kéier huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) um vergaangenen

Lëtzebuerg vun EU-Kommissär fir gutt Moossname géint d‘Radikalisatioun gelueft

Lëtzebuerg vun EU-Kommissär fir gutt Moossname géint d‘Radikalisatioun gelueft

Um Freideg huet de Vizepremier Etienne Schneider den EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos am Kader vun enger Aarbechtsvisite empfaangen. Zentrale Punkt vun der Entrevue, d‘Migratioun an den Terrorismus.

Am Beräich vum Kampf géint den Terrorismus, huet den Etienne Schneider der EU-Kommissioun fir säin Internetforum gratuléiert. Begréisst gëtt besonnesch d‘Abanne vun de privaten Entreprisen am Kampf géint d‘Online-Propaganda an d‘Notzung vum Internet fir terroristesch Zwecker. Ënnerstrach gouf hei dann och d‘Bedeelegung vu Lëtzebuerg un den Diskussioune vum Forum.

Wat elo d‘Radikalisatioun vu jonke Leit an de Mënsche generell ugeet, esou huet de Vizepremier betount, datt d‘Preventioun ëmmer scho fir Lëtzebuerg d‘Grondlag vun de „Géigemoossnamen“ ass. Et ass awer och dem Kommissär e Luef ausgeschwat ginn, fir d‘Hëllef an d‘Expertise, déi de Memberlänner zerguttst kënnt.

Den Dimitris Avramopoulos huet sengersäits de lëtzebuergeschen Effort begréisst, sech dësem Sujet a bewäerter Form unzehuelen. D‘Aféiere vun enger Radikalisatioun-Hotline bei der Police 2016 an och eng zweet Leitung fir telefonesch „Hëllef“ (Juli 2017) beim Familljeministère anzeriichten, wiere beispillhaft.

Sensibiliséierung e Kär-Punkt

Zugläich sinn och d‘Informatiounscampagne begréisst ginn. D‘Sensibiliséierung vun de Lëtzebuerger fir dës Problematik vun der Radikalisatioun, an de Wonsch esou Initiativen z‘intensivéieren am Zesummespill mat den Acteure vun der Zivilgesellschaft, si fir den EU-Kommissär vu groussem Wäert a Bedeitung.

Am Kader vun der Visite ass natierlech och iwwert d‘Zesummenaarbecht mat de Justizautoritéite (Police) geschwat ginn. Wichteg an dësem Kontext, d‘Propositiounen déi der Kommissioun solle virgeluecht ginn, fir d‘Aféierung vun de Bannegrenzen ze encadréieren. Mesuren déi „exzeptionell“ sollte bleiwen op Situatioune beschränkt sollte bleiwen, wou Gefor fir d‘Bannesécherheet an d‘ëffentlech Uerdnung besteet.

Hei huet den Etienne Schneider ënnerstrach, datt Lëtzebuerg sech fir e Mechanissem staark wëll maachen, deen eng flexibel awer effikass Ëmsetzung erlaabt. Et dierft sech allerdéngs net op d‘Mobilitéit vun de Bierger auswierken. Esou gesinn, dierften d‘Grenzkontrollen innerhalb vum Schengen-Raum nëmmen d‘Ausnam bleiwen. Regulär Grenzkontrollen, wéi se am Moment vu verschidde Länner gefuerdert ginn, setzen den europäesche Gedanken a Fro.

mam SIP

Foto: Den EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos am Gespréich mam Vizepremier Etienne Schneider. © MIS/SIP

Ähnlech Sujeten Dimitris Avramopoulos, Etienne Schneider, Lëtzebuerg, Radikalisatioun, Terror
Nächsten Artikel Virrechten Artikel