Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Bréissel stellt sech op en Handelskrich mat den USA an
Neiegkeeten

Bréissel stellt sech op en Handelskrich mat den USA an

No der Ukënnegung duerch d‘USA, den Import vu Stol an

De Klimawandel elo stoppen: Meenungsiwwersiicht
Neiegkeeten

De Klimawandel elo stoppen: Meenungsiwwersiicht

Nom Artikel iwwert Conclusioune vum Spezial Bericht vun IPCC hunn

Giel Gileten Akt XXVI: Déi lescht Cartouchen?
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXVI: Déi lescht Cartouchen?

Et ass den zweete Samschdeg a folleg wou een d‘Gefill

Lëtzebuerg huet säin neit Scheedungsrecht

Lëtzebuerg huet säin neit Scheedungsrecht

Zanter dem Donneschdeg ass d‘Gesetz, dat de Riichter fir Familljenugeleeënheete bestëmmt, an d‘Scheedungsrecht, wéi och d‘Elterenautoritéit reforméiert a Kraaft. Iwwert dës Reform vum Familljerecht, ginn eng ganz Rei vu Kompetenzen an d‘Hänn vu Magistrate geluecht, déi als „Riichter fir Familljenugeleeënheeten“ definéiert ginn.

Et soll d‘Prozedure vereinfachen an uniformiséieren. ass mat der Reform eng Scheedung wéinst „Faute“ net méi virgesinn. Zukünfteg sollen nëmmen nach zwee Modeller zoutreffen: d‘Scheedung am géigesäitegen Averständnes, an d‘Scheedung well d‘Relatioun zum Partner ofgebrach ginn ass. D‘Notioun vun der „Faute“ gëtt eenzeg zeréckbehalen, fir verschidde Konsequenze vun der Scheedung ze bestëmmen. Esou de Verloscht vu „Virdeeler“ déi de Conjoint accordéiert huet. Dës „Faute“ beschränkt sech op Condamnatioune fir gewësse penal Verstéiss oder de Versuch esou Verstéiss ze begoen.

Mam Gesetz soll de Conjoint och besser ofgeséchert ginn, am Bezuch op d‘Renteversécherung fir dee Conjoint, dee seng berufflech Aktivitéit, aus familiäre Grënn reduzéiert oder ganz opginn huet. Dësen Dispositiv bitt d‘Méiglechkeet en Deel vun den Aktiva ze notzen, déi während dem Bestietnes zesummegedroe gi sinn, fir e retroaktiven Opkaf vun de Versécherungsperioden ze erméiglechen. Dat allerdéngs nëmmen dann, wann den Zäitraum vum Bestietnes – während där déi berufflech Carrière ënnerbrach ginn ass – méi wéi fënnef Joer bedréit.

Wat d‘Elterenautoritéit betrëfft, esou huet dat neit Gesetz d‘Dispositioune vum Zivilrecht grondleeënd verännert an d‘Texter un d‘Besoine vun der zäitgenëssescher Gesellschaft ugepasst. Dat ënner Berécksiichtegung vun de Beschlëss vum Verfassungsgeriicht. D‘Gesetz huet esou de Prinzip der „coparentalité“ installéiert. Dat bedeit datt béid Elteren d‘Autoritéit iwwert d‘Kand oder d‘Kanner behalen. Et ass och virgesinn, datt de Familljeriichter, de Fall gesat d‘Eltere sinn sech eens, eng alternativ Residenz bei béiden Elterendeeler bestëmmt.

Ähnlech Sujeten Familljeriichter, Reform, Scheedungsrecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel