Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!
Cool Kultur Love Neiegkeeten

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!

Nodeems se sech a Kanada eens gi sinn de Cannabis

William Gibson: Mam Bléck op d’Zukunft
Cool Kultur Love Neiegkeeten

William Gibson: Mam Bléck op d’Zukunft

Wann een den Erfinder vun engem ganzen Genre ass, da

surprise
Reformen a Gesetzer: déi nei Dispositioune fir 2018
Cool Kultur Love Neiegkeeten

Reformen a Gesetzer: déi nei Dispositioune fir 2018

Et si Gesetzer gestëmmt a Reformen duerchgesat ginn. Dat heescht,

coollove

Lëtzebuerg kritt säin éischte Jazz & Swing Festival

Lëtzebuerg kritt säin éischte Jazz & Swing Festival

Mat engem Tribut fir de Jean-Baptiste „Django“ Reinhardt deen de 16. Mee 1953 a Frankräich verstuerwen ass, organiséiert d‘Asbl „L‘Art du Cigare“ de 19. an 20. Mee an der Schongfabrick zu Téiteng, den éischte Jazz & Swing Festival.

Wien dann awer Django Reinhardt seet, mengt dann och eng ganz besonnesch Form vum Jazz. D‘Basis stellt de klasseschen New-Orleans Jazz aus den 20er Jore vum leschte Joerhonnert, deen sech Elementer aus dem franséische Walzer (Valse Musette) geléint huet an op déi traditionell Spillweis vun de Sinti (Manouche) virgedroe gëtt.

Swing

Den Alain Junckel (r) mam Michel Ciccone, bei enger “Jam-Session”. Eng gutt Zigar dierf do net feelen.

De Gypsy-Jazz oder och „Jazz-Manouche“ wéi dës Musek am franséische Volleksmond genannt gëtt, gëllt als eng Variante vum Swing, a kann sech grousser Beléiftheet erfreeën. Mee et ass virun allem „deen“ Jazzstil deen an Europa entstanen ass. Hei ginn et dann och zwou Varianten: eng „modal“ an déi „akkordorientéiert“ Spillweis. Béid Forme liewe vun der Improvisatioun.

Wéi et zum Festival komm ass

Mir wollten dann och vum Organisateur wëssen, wéi een op de Gedanke kënnt esou e Festival zu Lëtzebuerg ze organiséieren, op et hei eng Zeen gëtt a wien domatter soll ugeschwat ginn. An den Alain Junckel huet eis Ried an Äntwert gestanen.

Hien ass selwer e passionéierte Gittarist, och wann hie berufflech zimlech „agespaant“ ass an net esou an d‘Säite gräife ka wéi hien datt eigentlech wëll. Entspanen deet hie gäre mat enger gudder Zigar, an wann dann am Hannergrond gudde Jazz-Manouche leeft, dann ass hien och mat der Welt a sech zefridden.

Et war dann awer de Michel Ciccone, deen dem Alain souzesoen d‘Dieren zur Jazz-Manouche Zeen opgemaach huet, a seng Erfarung mat an dëse Projet afléisse gelooss huet. Well, an dat dierf een op dëser Plaz ouni Schimmt esou soen, vun esou engem Festival ass laang gedreemt ginn, geplangt war et net. Mee, éischtens kënnt et anescht, zweetens wéi een denkt.

Zum Eigentlechen

Bei der Organisatioun ass dann awer och näischt dem Zoufall iwwerlooss ginn. Den Alain Junckel, vun deem ee behaapten dierf, datt hien et versteet „grouss Saachen“ unzepaken, an dobäi eng gutt Hand huet, huet sech net nëmmen eng zolidd Equipe opgebaut, hien huet och déi Bands fonnt, déi sécher stellen, datt de Festival zum Erfolleg wäert ginn. Hei e Bléck op d‘Gäscht:

Noé Reinhardt Trio – De Noé ass als Kand mam Jazz-Manouche opgewuess, an dréit mat Houfert an Talent e bekannte Patronym. Säi musikalescht Spill ass gekennzeechent duerch de Witz an der Sensibilitéit vun den Zigeiner. Et ass einfach eng Freed, him a senge Museker nozelauschteren an sech der musikalescher Harmonie hinzeginn.

Joscho Stephan Trio – De Joscho präägt wéi kaum en zweeten de moderne Gypsy-Jazz, wat net zu gudder lescht um authenteschem Toun, der harmonescher Raffinesse an engem gudde rhythmesche Gefill geleeën ass. An der Zeen huet hien sech dann eng Renommée mat senger ganz eegener Solo-Technik erschafft. Dee sollt een héieren a gesinn hunn.

Matcho Winterstein Trio – De Matcho ass dat wat een als Lëtzebuerger e „Noper“ ka nennen. Säi Papp war e Reinhardt, mee de Mann vu Nanzeg hat de Meederchersnumm vun der Mamm behalen. Als Solist vum Trio, huet sech de Matcho op alle grousse Festivaller an Europa e Numm gemaach.

Michel Ciccone Trio – De Michel Ciccone, zu Lëtzebuerg bekannt duerch de „Luxembourg Jazz Combo“ (LJC) bedeelegt sech dann och beim éischte Jazz & Swing Festival als Member vum Organisatiounscomité. Seng musikalesch Ausriichtung ass staark vu grousse Standarde beaflosst, wéi se vum Duke Elington, dem Count Basie mä och dem Diane Krall hir bekannt sinn.

Swing

Noé Reinhardt

Blue Swing Trio – Dat eleiten ass e ganz talentéierte Jazzensembel aus dem Südoste vu Frankräich, dee sech zanter 2009 eng Fest Plaz an der Zeen vum „Zigeinerjazz“ gemaach huet. Villes ass duerch d‘Musek vum Django Reinhardt opkomm, mee och mat eegener Wierker kann dësen Trio glänzen.

Alex Cavalière Trio – De Violonist Alexandre Cavalière war am Alter vun 12 Joer dem Didier Lockwood an dem Babik Reinhardt iwwert de Wee gelaf, déi hien entdeckt an zu engem Concert op Paräis agelueden hunn. Domatter war d‘Carrière lancéiert, an beim Festival dierf een sech dann och dovunner iwwerzeegen, datt et eng verdéngte Carrière ass.

Renaud Crols Trio – De belsche Museker Renaud Crols, huet sech mat sechs Joer emol fir unzefänken un de Piano gesat, mat néng Joer dunn huet hien sech d‘Gei gekroopt. Et gudde Choix, deen hien zu gudder Lescht dann zum Jazz gefouert huet. Hien huet sech vill mat Weltmusek beschäftegt an sech schliisslech dem Jazz Manouche zougewennt. Ganz interessant.

Cherry Reinhardt Quartett – D‘Cherry Reinhardt, dat enger grousser Musekerfamill aus dem Elsass entsprongen ass, kann op e grousse Repertoire blécken. Dee geet vum Swing bis zum Flamenco. Déi jonk Gittaristin zeechent sech duerch intensiv an energiegelueden Improvisatiounen aus. Sollt een héieren hunn.

Philippe David Trio – De Philippe David ass zu Lëtzebuerg bekannt duerch seng Concert-Serie am „Come à la Cave“, wou hie reegelméisseg mat héichkarätegen Invitéeë fir gutt Stëmmung suergt. Och hien huet sech mam Jazz Manouche an dem Swing eng Renommée opgebaut.

J.Azzmina Quartet – Eng Formatioun déi nieft de schéinste Jazz-Standarden sech och emol den Ëmwee zur Bossa Nova an der „Chanson française“ gënnt, steet a fält mat der heller awer déiwer Stëmm vun der Leadsängerin. Eng tatsächlech ganz interessant Formatioun, déi een ouni Mooss genéissen dierf a soll.

Swing

Joscho Stephan

Mathieu Loigerot Trio – Den erfuerene Museker vun Nanzeg, dee laang Zäit aner bekannt Museker an Ensembele begleet huet, steet zanter gutt zéng Joer op „eegene Féiss“ an huet sech och e ganz interessante Repertoire zougeluecht. An et ass dann och am Swing wou sech de Loutrenger doheem fillt. An der Zeen gëllt dësen Trio nach ëmmer als Geheimtipp.

E laangen awer kuerzweilege Weekend

Selbstverständlech gëtt et och eng ganz Rei „special guests“, déi während den zwee Deeg dem Public hir Reverenz maache wäerten. Et gëtt also net langweileg an der Schongfabrick zu Téiteng. Datt den Organisateuren och säitens de Gemeng gutt ënnert d‘Äerm gegraff ginn ass, doriwwer freet sech Alain besonnesch.

Esou eng Organisatioun bedeit vill Aarbecht an ouni Geld ass nach kee Festival zustane komm. Op dëser Plaz ass et den Organisateuren dann och wichteg alle Sponsoren an Donateuren e grousse Merci auszedrécken. Als Haaptsponsor konnten si d‘Vertraue vum Garage Chlecq gewannen. Dem Guy Assa vun der Gemeng an dem Portier vun der Schongfabrick och nach ee besonnesche Merci.

Sou domatter wësst der Alles, elo braucht dir eigentlech nach just en Entréesbilljee. Dofir braucht dir eigentlech nëmmen op http://www.luxmanouche.lu/tickets ze klicken, a scho sidd dir matten dra statt just nëmmen derbäi. Mat beschtem Wieder a gudder Stëmmung sollt bei dësem Weekend eigentlech alles passen, oder? An eng lescht gutt Nouvelle: den 2. Festival ass fir 24. bis 26 Mee 2019 programméiert.

Swing

Ähnlech Sujeten Django Reinhardt, Gypsy-Jazz, Jazz, Jazz-Manouche, Swing
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    7

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    3