Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Exzellent Lëtzebuerger Leeschtung op der Weltmeeschterschaft am Ballonsport!
Neiegkeeten

Exzellent Lëtzebuerger Leeschtung op der Weltmeeschterschaft am Ballonsport!

Dëse Samschdeg ass déi 23st Weltmeeschterschaft vun den Waarmloft Ballonen

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik
Neiegkeeten

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik

Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, esou zumindest déi héchst

D‘CSV fuerdert eng Orientéierungsdebatt an der Gesondheetspolitik
Neiegkeeten

D‘CSV fuerdert eng Orientéierungsdebatt an der Gesondheetspolitik

Nodeems d‘Regierung widderholl affirméiert huet, d‘Alternativen zur klassescher Hospitalisatioun fërderen

„Lëtzebuerg kann Zukunft“

„Lëtzebuerg kann Zukunft“
© Avery Dennison & MECO
„Lëtzebuerg kann Zukunft“
© Avery Dennison & MECO
„Lëtzebuerg kann Zukunft“
© Avery Dennison & MECO
„Lëtzebuerg kann Zukunft“
© Avery Dennison & MECO

Um Evenement vun der zukünfteger Ekonomie „Lëtzebuerg kann Zukunft“ konnt de Publik 20 Lëtzebuergesch Entreprisë kenneléieren, déi elo scho fortschrëttlech an innovativ Technologien an de Beräicher Zirkularwirtschaft, erneierbar Energie, Digitalisatioun an energetesch Autonomie opweisen.

D’Entreprise setzen heibäi d’Prinzipie vun der Rifkin Strategie ëm, déi sech mam digitalen Iwwergang an der rationaler Benotzung vun Energie beschäftegt. Dat Ganzt gouf an Zesummenaarbecht vun der Chambre de Commerce an dem IMS Lëtzebuerg virgestallt. De Wirtschaftsminister Étienne Schneider huet fir d’éischt den Technoport zu Feitz an Entreprisen, déi sech mat zukunftsorientéierten Technologie beschäftegen, besicht.

Dozou gehéiert Ama Mundu Technologies, GCL Technologies, BSI Cleaning, Klin.lu, VibrationMaster, LIST an Leko. Den Étienne Schneider ass uschléissend firu gefuer bei d’House of BioHealth, wou hien och déi verschidden Aktivitéite vun der Firma presentéiert krut.

D’Staatssekretäring vun der Wirtschaft, Francine Closener, huet den Haaptsëtz vu Sales-Lentz zu Käerjeng besicht. Hei gouf déi nei autonom Elektronavette virgestallt.

Weider Entreprisen, déi un dësem Dag Visiteuren ugezunn hunn sinn:

Foto © Avery Dennison &  MECO

Nächsten Artikel Virrechten Artikel