Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Nei Dimensioun fir US-Sanktiounspolitik géint Kuba
best working dating app

dating today and in the past

Nieft der Amëschung an déi britesch an europäesch Innepolitik, dem

speed dating hollywood fl
best working dating app

https://moien.lu/danielle-bregoli-dating-lil-pump/

Während d‘LGBT-Communautéit villeruerts op der Welt fir hir Rechter friddlech

surprise
Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall
best working dating app

Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall

Um Freidegowend war et dann no den Halleffinalle vun den

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou

E Kommentar

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou

Soubal et mi kal gëtt, héiers de awer wierklech jidderee meckeren. Den Auto, d’Stroossen -Nee!- ganz Lëtzebuerg ass zougefruer! Et mengt ee bal, et misst deen den nationalen Nouststand ausruffen, esou bal den Thermometer ënnert déi magesch Null fält. A wien dann och nach op douce Mobilitéit setzt, dee muss ech perséinlech bewonneren, virun allem eis Vëlosfuerer. All Respekt un eis vermummten Drotieselfuerer!

Och wann et een um Wee fir op d’Aarbecht esou richteg nervt, esou leit een als jonke Mënsch net sou vill ënnert der Keelt, wéi vill aner. All Joer erreechen eis d’Noriichten, wéi trotz alle Strukturen eis Sans-Abrisen probéieren, bei dëser Keelt dobaussen ze iwwernuechten. Glécklecherweis ginn et Strukturen an Organisatiounen, déi sech hinnen unhuelen. [RTL] Wat och gutt ass, sinn se dann dach déi sozial schwächsten an eiser Gesellschaft.

Wann et bis kal gëtt, trëfft et di sozial schwaach am Stäerksten

Iwwert en aneren Aspekt gëtt manner oft geschwat: Wéi iwwerstinn déi sozial mi schwaach Familljen dës Keelt? Verstitt mech net falsch: Sécherlech geet et jidderengem mat engem Daach iwwert dem Kapp besser, wéi engem Sans-Abris, deen op enger Parkbänk iwwernuecht. An awer kennen ech Familljen, wou d’Heizungen aus bleiwen, well se spuere wëllen oder mussen. Oder sech schlicht de Brennstoff net leeschte kënnen. Et hält een et am räiche Lëtzebuerg net fir méiglech, mee et gëtt et awer.

An da muss ech och un eis eeler Generatioun denken. Soubal d’Temperaturen erop ginn, kënnt den Appell duerch all d’Medien, bei sengen eelere Familljememberen nozekucken, op se genuch drénken, op se d’Hëtzt gutt iwwerstinn. Dës mediewiirksam Appeller bleiwen an der Wanterzäit gréisstendeels aus, an ech muss mech wonnere firwat. Sollt een an dem Alter manner ufälleg vir Keelt sinn? Ech denken net. Dowéinst dann hei villäicht emol den Appell, un all déi ze denken, déi et an dëser Keelt nach méi schwéier hunn, ewéi ee selwer.

Ähnlech Sujeten Keelt, Lëtzebuerg, Wanter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel