Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit
Money Neiegkeeten mexican american dating sites

online dating environment

D‘Plattform „Leave means Leave“, déi engem konzessiounsfräie Brexit favorabel ass,

most popular dating sites denver
Money Neiegkeeten mexican american dating sites

D’OECD bestätegt d’Generositéit vu Lëtzebuerg

Laut dem Constat vun der OECD (Organisatioun fir Kooperatioun a

What the Fakt – Vum Attentat op den däitschen Diktator
Money Neiegkeeten mexican american dating sites

What the Fakt – Vum Attentat op den däitschen Diktator

Et war den 20. Juli 1944, wou eng Rei däitsch

moneysurprise

Lëtzebuerg: Konjunktur weiderhi stabil

Lëtzebuerg: Konjunktur weiderhi stabil

De Konjunkturcomité, ënnert der Presidence vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit an der Staatssekretärin fir Wirtschaft, Francine Closener, hunn dësen Dënschdeg eng Analys vum Aarbechtsmaart fir Juni gemaach. Och déi national Konjunktur ass hei zur Sprooch komm.

Fir den August ass d‘Zuel vun den agereechten Demandë géintiwwer Juli gläich bliwwen. Néng Firmen hunn e partielle Chômage ugefrot, fir an de Genoss vun den Dispositioune vun der entspriechender Mesure ze kommen. De Konjunkturcomité konnt no Analys vun de Dossieren aacht Demandë favorabel beäntwerten.

Déi endgülteg Entscheedung, de betraffene Firmen eng zäitweileg Hëllef zouzegestoen, muss de Regierungsrot huelen. An den Entreprisen déi vun dëser Mesure sollten dierfe profitéieren, schaffe 683 Leit. 255 Salariéen hunn reduzéiert Aarbechtszäiten. Wann se alleguerte fir d‘Mesure eligibel sinn, géif dat den Aarbechtsfong fir de Mount August 260.600 Euro kaschten.

Ass nach ze erwänen, datt de Konjunkturcomité zwee positiv Avisen, am Kader vun de legalen Dispositiounen zum Ajustement vun der Pre-Pensioun ofginn huet. Betraff heivunner sinn 87 Salariéen. De Comité huet den zwou Entreprisen, déi d‘Ufro gemaach hunn, eng Bedeelegung un de Käschte fir d‘Pre-Pensioun virgeschloen.

Foto: Pixabay

Nächsten Artikel Virrechten Artikel