Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland
Meenung

somali dating sites uk

No iwwer 18 Joer un der Muecht, symboliséiert de Vladimir

dating cross culturally
Meenung

What the Fakt – De Weltdag vun der Ëmwelt

All Joer um 5. Juni gëtt de weltwäiten Dag vun

Simbabwe: Chronik vun engem Ënnergang
Meenung

Simbabwe: Chronik vun engem Ënnergang

An de 37 Joer déi hien de Simbabwe „gefouert“ huet,

D’Méisproochegkeet weist Lëtzebuerg de Wee fir an d’Zukunft

E Kommentar

D’Méisproochegkeet weist Lëtzebuerg de Wee fir an d’Zukunft

Haut ass den internationalen Dag vun der Mammesprooch. A seelen huet den Thema vun enger Editioun esou gutt zu Lëtzebuerg gepasst, wéi dësen: “D’Linguistesch Diversitéit an de Multilinguismus droen zu enger nohalteger Entwécklung bäi”. Déi schéi Wierder ginn engem eréischt op den zweete Bléck ze verstoe, wéi wichteg Méisproochegkeet fir Lëtzebuerg ass.

An de rezenten Diskussiounen ronderëm d’Lëtzebuergesch Sprooch schwéngt d’Méisproochegkeet vu Lëtzebuerg duerchaus mat. Leider meeschtens a Form vun engem Horrorzenario. Eng ominéis friem Sprooch verdrängt “eist” Lëtzebuergescht. Mir wëssen all, wéi eng gemengt ass: et ass d’Franséischt.

Dobäi irritéiert mech di Perspektiv. Si mer dann net an engem méisproochege Land? Gehéiert do d’Franséisch net dozou? Et mengt een an engem anere Land ze liewen! Bal wéi gewësse Facebook-Säiten, déi keng Geleeënheet ausloosse, fir mat Fake News iwwert den Ënnergang vum Lëtzebuergeschen ze polemiséieren. A wierklech ni vergiessen, no enger Spend ze froen. Obwuel se keng Organisatioun sinn – mee elo kommen ech nees vum Thema of.

Zu Lëtzebuerg muss all Sprooch gefërdert ginn. Et ass fir Lëtzebuerg iwwerliewenswichteg!

De Claude Bache vun der Actioun Lëtzebuergesch (hirersäits tatsächlech eng Organisatioun, an dësem Fall eng a.s.b.l.) huet dem RTL e ganz bemierkenswäerten Interview ginn. Do gëtt net nëmme betount, datt et dem Lëtzebuergesch bei wäitem net schlecht geet, mee datt all Sprooch muss gefërdert ginn. Dat ass och a mengen An net manner wéi richteg.

An et passt erëm bei de Weltdag! Vir datt Lëtzebuerg en oppent Land mat enger oppener Gesellschaft bleift, musse mer eis an der Méisproochegkeet üben. Well déi Oppenheet ass et, déi eis eng laangfristeg Zukunft séchert. Mee eng Méisproochegkeet hunn an eng Méisproochegkeet behalen, dat sinn zwee erlee Puer Schong! Well do muss en Asaz kommen!

Dat bedeit net nëmmen e staatlechen Asaz. Dee gëtt gäre gefuerdert, ëmmerhin gehéiert och dësen Aspekt zum gesellschaftlechen Alldag. Mee et muss och e gesellschaftlechen an esou guer e perséinlechen Asaz ginn. Well si mer eis eens, ganz vill vun dëser anti-Franséischer Stëmmung staamt vun engem Mangel u Kompetenz a genau dëser Sprooch. Anstatt sech selwer d’Schold ze ginn an u sech ze schaffen, gëtt da mam Fanger op déi béis Franséisch gewisen.

Wéi a wéini mer eis Sprooche léieren ass eng wichteg Debatt, déi ëmmer nees gefouert muss ginn

Et ass och traureg, datt déi Diskussioun do dann hänke bleift. Wéi oft hunn ech op dëser Plaz scho kommentéiert, et géif dach esou vill konstruktiv Méiglechkeete ginn, fir dem Lëtzebuergeschen ze hëllefen. A beim Franséische muss een de Leit d’Angscht huelen, an dat scho méiglechst fréi! Wat krut ech als klenge Jong dach gäre gesot, wéi schwéier et géif ginn, wann ech mol bis Franséisch misst léieren! Ma dat si gutt Konditiounen fir eng Léiererfarung.

An och wéi a wéini dës Sprooche geléiert ginn – dëst sinn Aspekter, déi enger Diskussioun wierdeg sinn! An et si schwéier Diskussiounen. Mee mat deem bloussen Opreegen op Facebook iwwert d’Franséischt an dem anscheinend doudegem Lëtzebuergesch, domat ass kengem gedéngt. Lëtzebuerg, an och d’Lëtzebuergescht, huet eng mi niichter, distanzéiert Sproochendebatt verdéngt.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Méisproochegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel