Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen
Neiegkeeten

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen

Begleet vun enger schwéier bewaffenter Eskort a selwer mat kugelsécherer

surprise
Editorial: Sinn d‘Chamberwahle vu 2018 dem Feierkrop seng lescht?
Neiegkeeten

Editorial: Sinn d‘Chamberwahle vu 2018 dem Feierkrop seng lescht?

Op der Homepage vum Feierkrop ass ze liesen, datt de

Zwou Gewerkschaften, ee Géigner?
Neiegkeeten

Zwou Gewerkschaften, ee Géigner?

Laut dem OGBL wieren se zu hirer 2.500 Militante gewiescht,

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat

En Donneschdeg hunn de Premierminister Xavier Bettel an de Staatsminister vu Monaco, Serge Telle, eng Absichtserklärung ënnerschriwwen, déi e konstruktiven Austausch tëscht de Servicer vu béiden Administratiounen am numeresche Beräich erlaabt.

Dës Deklaratioun ass d‘Resultat vu villen Diskussiounen tëscht den Equippe vum Zentrum vun den Informatiounstechnike vum Staat (CTIE) an der interministerieller Delegatioun fir déi numeresch Transitioun aus Monaco. De Frédéric Genta, interministeriellen Delegéierten, huet d‘Geleeënheet genotzt, fir och e Gespréich mat eisem Premierminister ze féieren.

No enger frëndlecher Entrevue mam Xavier Bettel, huet de Frédéric Genta de Lëtzebuerger Datenzenter besicht, deen an Europa als „Referenz“ am Kontext vun „green IT“ bewäert gëtt.

Lëtzebuerg a Monaco hunn aus der numerescher Transitioun eng Prioritéit gemaach, am Kontext vun der Modernisatioun vun den Administratiounen an der Fërderung vun der Innovatioun. D‘Synergien an dynamesch Interaktiounen, déi sech duerch den Asaz vun neien Technologien an der Informatioun a Kommunikatioun erginn, stellen d‘Länner virun nei Erausfuerderungen.

Mat dësem Partenariat, gëtt et dem CTIE an der interministerieller Delegatioun méiglech gemaach, sech zukünfteg bei den Expertisen an Experimenter zu Zukunftsthemen, wéi d‘Dematerialisatioun vun den administrativen Demarchen, der e-Gesondheet oder dem aféiere vun enger numerescher Identitéit fir all Resident.

Béid Länner lancéieren och eng Etüd, déi sech mat der Sécherung vu sensibelen Daten an engem lëtzebuergeschen Datenzenter, mat der Garantie vun der Immunitéit a Privilegien, esou wéi se enger Ambassade zougestane ginn, beschäftege soll.

Dat ass net wierklech nei, well schonn haut ginn d‘Date vun Estland, no dësem Modell zu Lëtzebuerg „versuergt“. Fir Monaco ass et eng strategesch Iwwerleeung. Si sinn op der sich no enger Léisung, fir verschidden Date virun engem Cyber-Ugrëff oder enger Naturkatastroph ze schützen, well dat op engem Territoire vun 2 Quadratkilometer net méiglech ass.

Lëtzebuerg, dat Land dat an Europa als „dee vertrauenswierdege Partner“ geschätzt gëtt, passt jo och op déi sensibel Date vun der NATO an der europäescher Unioun op.

Déi zwou Regierunge begréissen ausdrécklech dëst Partenariat, dat sech voll a ganz an de Kader vun de Programmen zur Zesummenaarbecht an der Innovatioun an der numerescher Sécherheet aschreift.

Foto: De Premierminister Xavier Bettel an den interministeriellen Delegéierten aus Monaco, Frédéric Genta © SIP/Jean-Christophe Verhaegen

Ähnlech Sujeten Frédéric Genta, Innovatioun, Lëtzebuerg, Monaco, Partenariat, Serge Telle, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel