Michael Bloomberg for President
Den Demokrat huet elo offiziell annoncéiert, datt hie sech als
Den Demokrat huet elo offiziell annoncéiert, datt hie sech als
Um Mëttwoch waren d‘Kroate geschockt, nodeems si live materlieft hunn,
D’Lëtzebuerger si schnell a gutt am Internet ënnerwee. 90% vun den Haushalter hunn en Uschloss un den Internet mat enger héijer Vitesse. Dat läit och un der gudder Ofdeckung duerch optesch Fiber Leitungen. Sou kommen eleng an de leschten 12 Méint 10.000 Haushalter méi an de Genoss vun dësen héije Geschwindegkeeten.
Och wat de mobilen Internet ugeet, ka Lëtzebuerg sech weise loossen: 99% vu Lëtzebuerg si mam LTE-Netz verbonnen. Domadder kann ee mam Smartphone an aneren Apparater zu All mobil online goen. Dës Zuelen erginn sech aus der Etude vun der Europäescher Kommissioun “Broadband Coverage in Europe 2016”.
Am europäeschem Verglach reie mer eis domatter ënnert d’absolut Spëtzereideren: Zypern, Malta, Holland a Groussbritannien. Den EU Duerchschnëtt läit bei 97,5% Ofdeckung. D’Schlussliichter an der EU si Rumänien, d’Slowakei a Polen, mat enger Quote ënnert 90%.