Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat
Money Neiegkeeten

i just have no interest in dating

Nodeems vill Virschléi erakomm sinn konnt um 15. Februar 1965

https://moien.lu/autistic-dating-uk-free/
Money Neiegkeeten

De G7-Sommet: Mat engem Tweet torpedéiert den Trump den Ofschloss-Communiqué

Et ass e Fiasko: mat engem „rosenen“ Tweet huet den

surprise
Jean Asselborn ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht mat den USA beim Aarbechtsiesse mam Rex Tillerson
Money Neiegkeeten

Jean Asselborn ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht mat den USA beim Aarbechtsiesse mam Rex Tillerson

Um Dënschdeg huet eisen Ausseminister Jean Asselborn um Aarbechtsiesse vun

money

Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen

Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen

Um Freideg huet de Finanzminister Pierre Gramegna bedauert, datt d‘EU-Kommissioun sech mat aller Gewalt wëll duerchsetzen, fir eng (besser) Besteierung vun den Internet-Entreprisen an der EU duerchzesetzen.

„Firwat wëll Europa onbedéngt d‘Forcéierung duerchsetzen, eng Léisung ëmsetze vun där all Mënsch behaapt, datt se provisoresch ass, well se net gutt ass? Fir mech ass dat net verstänneg“, esou eise Finanzminister géintiwwer der AFP.

Fir de Pierre Gramegna, muss déi Fro um Niveau vun der OECD beäntwert ginn. Do wiere Gespréicher am gaangen, déi sech der Besteierung vum Digitalen unhuelen. „D‘OECD huet zu Sofia annoncéiert, datt si hire finale Beriicht, vun 2020 op 2019 wëlle virzéien. Also hu mir d‘nächst Joer e Pabeier an der Hand, deen Opschloss zur Besteierung vun Digitale gëtt“.

Enn Mäerz hat d‘EU-Kommissioun virgeschloen, méiglechst séier eng Tax op den Ëmsaz vum Digitalen, géintiwwer de „Rise vum Netz“ wéi Amazon, Facebook a Google, anzeféieren. Dat bis datt eng global Léisung vun der OECD verhandelt ginn ass.

Déi kleng wieren sech

Et sinn dann awer déi kleng Länner vun der Unioun, wéi Malta, Irland an eben och Lëtzebuerg – déi beschëllegt ginn eng avantagéis Fiskalitéit zum eegene Profit géintiwwer dëse Konzerner agefouert ze hunn – wou sech géint dës unilateral zu wier gesat hunn. Hir Bedenke gi vu Schweden, Dänemark, Finnland mee och Groussbritannien matgedroen.

Am Abrëll, bei enger Ministerrotssëtzung zu Sofia, hat de Pierre Gramegna deklaréiert, datt esou eng Tax misst „mat den Amerikaner beschwat ginn, well wann d‘EU dat eleng op senger Säit mécht, wier déi Tax wéineg effektiv an zudeem schlecht fir déi europäesch Kompetitivitéit“.

Befrot zu de „Rulings“, also Ofkommen déi tëscht der Steierverwaltung vun engem Land an engem multinationale Konzern getraff ginn, ënnersträicht eise Finanzminister, datt dat „keng Lëtzebuerger Spezialitéit ass. Et ass eng Praxis déi a 26 vun 28 EU-Memberlänner ugewannt gëtt“. Et muss och festgehale ginn, datt d‘Zuel vun de Rulings ëm d‘Hallschent – op 260 Stéck – zréck gaangen ass.

mat AFP

Foto: De Pierre Gramegna, Finanzminister vu Lëtzebuerg, hält eng unilateral Besteierung, säitens der EU, vun Internetentreprisen, fir onsënneg. Esou misst um Niveau vun der OECD gekläert ginn, well eng Steier déi nëmme vun der EU erhuewe gëtt, schlecht fir d‘Kompetitivitéit ass. © Eric Piermont/AFP

Ähnlech Sujeten Digitales, EU-Kommissioun, Lëtzebuerg, Pierre Gramegna, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel