Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Paperjam mat klorer politescher Haltung
Neiegkeeten

Paperjam mat klorer politescher Haltung

Als Héichglanz-Publikatioun fir déi gehuewe Mëttelklass, ass Paperjam kee Magazin

dislike
Europa-Tournée fir den Donald Trump
Neiegkeeten

Europa-Tournée fir den Donald Trump

Haut geet dem amerikanesche President säin Tour duerch Europa lass.

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?
Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?

Wéi all Freiden presentéiere mer och dës Kéier eisen neien

Lëtzebuerg stellt der Gefor vun engem nuklearen Onfall e Gesetz entgéint

Lëtzebuerg stellt der Gefor vun engem nuklearen Onfall e Gesetz entgéint

Mat engem Gesetzprojet, dee leschte Freideg vun de Ministeren: Carole Dieschbourg (Ëmwelt), Lydia Mutsch (Gesondheet) a Félix Braz (Justiz) virgestallt ginn ass, wëll d‘Regierung de Lëtzebuerger Bierger eng besser juristesch Sécherheet garantéieren, sollt et zu engem nukleare „GAU“ a Frankräich oder der Belsch kommen.

An et ass festzestellen, datt sollt de Gesetzprojet esou ugeholl ginn, e juristesch besser gestallt ass, wéi dat mat den internationale Konventiounen de Fall ass. Konventiounen, déi Lëtzebuerg net ratifizéiert huet, wat e nationaalt Gesetz néideg mécht. E Gesetz datt sech speziell der Responsabilitéit am Fall vun engem „Accident“ verschreift.

Et ass awer och e ganz speziellt Gesetz, well et sech net an d‘Allgemengrecht aschreift, wou ee fir d‘Éischt muss e Feeler feststellen iert ee Schuedenersatz kann afuerderen. Laut dem Justizminister ass an dësem Gesetz d‘Notioun vun engem „objektive Schued“ festgehale ginn.

Et geet also duer, datt enger Persoun e Schued entsteet; de Geschiedegte muss net méi de Feeler noweisen, wat bei engem „nuklearen Onfall“ souwisou kaum realistesch ass. „Wéi beweist een och e Feeler bannent enger Atomzentral?“, esou de Felix Braz (déi Gréng). Also geet et duer, datt en Accident stattfonnt huet, an Schued am Zesummenhang mat dësem steet. Esou zumindest steet et am Gesetz.

Woubäi et nach wichteg ass festzehalen, datt entgéint den internationale Konventiounen, wou de Schuedenersatz plafonnéiert ass, am Lëtzebuerger Gesetz keng Limitte gesat ginn. Den Exploitant muss fir all Schied opkommen, déi duerch hien entstane sinn. Dee ka sech der Verantwortung nëmmen dann entzéien, wann d‘Affer selwer e Feeler begaangen huet.

De Minister hat dofir och e Beispill parat: „Ugeholl et geschitt en Accident zu Cattenom, an d‘Bierger ginn opgefuerdert d‘Land ze evakuéieren. Deen Deel vun de Leit, déi dësem Uerder net nokommen, kënnen och kee Schuedenersatz fuerderen“.

Et gëtt net op Zäit gespillt

Wat engem am Gesetzprojet an d‘A fält, ass d‘Verjärungsfrist déi op 30 Joer festgeluecht ginn ass. Déi „klassesch“ Verjärungsfriste sinn net gëeegent fir alles wat mat Accidenter am nukleare Beräich ze dinn huet. Emol ze vill „Niewewierkungen“ déi duerch d‘Kontaminatioun mat nuklearem Material entstinn, géifen sech eréischt no Joerzéngte manifestéieren.

Am nationale Gesetz sinn Verjärungsfristen dann och däitlech verlängert ginn. Dozou kënnt, datt fir jiddereen, deem e „Schued“ zu Lëtzebuerg entstanen ass, ëmmer e Lëtzebuerger Geriicht kompetent ass a bleift. Onbeuecht op den „Accident“ an der Belsch oder am Frankräich passéiert ass. Allerdéngs erhofft sech de Felix Braz, datt een d‘Gesetz ni muss uwennen.

Wann engem op den éischte Bléck entgeet, wéi d‘Gesetz am „Fall vun de Fäll“ soll ëm- oder duerchgesat ginn, esou ass bemierkenswäert, datt och en Tourist oder e Frontalier vun dësem Gesetz, esou laang wéi hien sech zu Lëtzebuerg opgehalen huet, geschützt ass.

Dat bedeit, datt d‘Uerteel dat vun engem Lëtzebuerger Geriicht gesprach gëtt, an allen europäesche Länner gülteg ass. Gereegelt gëtt dës Mesure duerch de Mechanissem „Bréissel I“ iwwert déi juristesch Kompetenz. Wann also den „auslänneschen“ Exploitant zu Lëtzebuerg veruerteelt gëtt, ass d‘Uerteel och sengem Land gülteg.

International Konventiounen inakzeptabel

Fir d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi Gréng) sinn déi international Konventiounen an dësem Beräich inakzeptabel, well se engersäits de Schuedenersatz begrenzen an och vill ze kuerz Verjärungsfriste festleeën. Si ass zesummebruecht mat der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch erfreet doriwwer, datt een déi ni ratifizéiert a sech fir e nationaalt Gesetz entscheet huet.

De finanzielle Risk vum engem nuklearen Onfall, dréit also – wann d‘Gesetz dann esou an der Chamber ugeholl gëtt – den Exploitant. Et ass dann awer sécherlech och de Gedanke vum „Recht hunn a Recht kréien“ deen d‘Carole Dieschbourg dozou verleet huet drop hinzeweisen, datt et virun allem dorëms geet op déi immens Gefor hinzeweisen, an net op d‘Wirtschaftlechkeet.

A well sech jidderee mat Verstand ausmole kann, wéi et ausgeet wa wierklech de Fall géif antrieden, muss ee realistesch bleiwen an op dat eigentlecht Zil vun dem dësem Gesetzprojet hiweisen. Esou geet et hei och drëms, op déi „deloyal Konkurrenz“ vun der Atomenergie géintiwwer aner Energien, a besonnesch den Erneierbaren, hinzeweisen.

Esou ënnerstëtzt ee beispillsweis Éisträich, déi sech mat der EU-Kommissioun ugeluecht huet, well déi tatsächlech d‘Subventionéierung vun der Atomzentral „Hinkley Point“ erlaabt huet, déi vum franséischen Exploitant EDF bedriwwe gëtt. De Fall ass ewell virum europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg verhandelt ginn, an d‘Uerteel gëtt am Laf vum Joer erwaart.

Et sollt ee wësse wat de Präis ass

De Gesetzprojet dee vun de Ministere virgestallt ginn ass, mécht dann awer och däitlech, wéi grouss de finanzielle Risk vun der Atomenergie ass. Dat sécherlech manner fir den Exploitant an d‘Regierung vum Land wou d‘Atomzentral steet, well déi ganz genee wësse wat et géif kaschten. Nee heimatter soll d‘Positioun vu Lëtzebuerg gestäerkt ginn, wann een iwwert den Austrëtt aus der Atomenergie schwätzt.

Erënnere mer dann an dësem Kontext drun, datt Lëtzebuerg net nëmme vu Frankräich verlaangt Cattenom méiglechst kuerzfristeg vum Netz ze huelen, mee och vun der Belsch verlaangt hir Marod Atomzentralen zouzemaachen. A Lëtzebuerg steet dann och net eleng do mat senger Fuerderung. Déi däitsch Bundeslänner an e sëllechen Ëmweltschutzorganisatioune vertrieden de gläiche Standpunkt.

Datt dëst Gesetz an der Chamber misst ugeholl ginn, dorunner huet eigentlech um Freideg keen en Zweiwel gehat. Wourunner ee sech awer stéisst, ass d‘Fro wéi realistesch et ass, datt deen oder déi Betraffen – och oder grad well se vun engem Lëtzebuerger Gesetz „en Uerteel zu hire Gonschte“ kritt hunn – dann um Enn och entschiedegt ginn?

„Engem Plakege kann een net an d‘Täsch gräifen“, esou de Volleksmond. A wann et dann och gutt a richteg ass, esou e Gesetz ze maachen, esou dierf eben och dëse Gesetzprojet net doriwwer ewechtäuschen, datt den Exploitant „einfach an d‘Faillite geet“ an esou d‘Affer wuel vum Geriicht Recht geschwat kruten, awer d‘Recht net kritt hunn.

Och (oder grad) am Beräich vun der Atomenergie, muss ee sech enger Saach bewosst sinn. De „Profit“ gëtt ëmmer vun e puer Wéinege gedeelt. De Verloscht dréit ëmmer d‘Allgemengheet.

Ähnlech Sujeten Atomkraaft, Carole Dieschbourg, Cattenom, Felix Braz, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel