Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alles flaach, oder wat?
dating marriage app

Alles flaach, oder wat?

Fir ze beweisen, datt d’Äerd a Wierklechkeet flaach ass, léisst

fortnite custom matchmaking discord
dating marriage app

who is eminem dating now 2018

Den EU-Sécherheetskommissär huet e Samschdeg bestätegt, datt et bei den

Geriichtsmedeziner bestätege Suizid
dating marriage app

Geriichtsmedeziner bestätege Suizid

Virun enger Woch war den Investmentbanker a presuméierte Sexualstrooftäter Jeffrey

Lëtzebuerg exportéiert all Joer tonneweis Offäll

Virun allem un d'Belsch

Lëtzebuerg exportéiert all Joer tonneweis Offäll

Et kléngt e bëssche bosseg: All Joer exportéiert Lëtzebuerg Knascht – virun allem un d’Belsch. 2015 waren et 1.970.746 Tonnen. Si ginn an d’Ausland, fir do valoriséiert ze ginn. 230.479 Tonnen ginn am Ausland direkt eliminéiert. 97% vun dësen Offäll ginn un eis Nopeschlänner exportéiert. Dës Zuele sinn an enger Äntwert vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) op eng parlamentaresch Fro vum Deptuéierten Max Hahn (DP) ze fannen.

Steng a Kiselsteng géingen de gréissten Deel ausmaachen. D’Gréisst vun dësem Deel kéint awer – mat méi Baustellen oder dem Zoumaache vun der Deponie zu Monnerech – staark vu Joer zu Joer schwanken. Mee d’Ministesch preziséiert, datt och den Haushaltoffall deelweis exportéiert gëtt. 2015 waren et 91.672 Tonnen.

Lëtzebuerg importéiert och Offäll – vir se an der Industrie ze recycléieren!

Mee mir importéieren och Offäll. De gréissten Deel dovunner sinn Offäll aus der Stolindustrie, déi an de Schmelzen recycléiert ginn. 2015 waren dat, laut der Ministesch, 2.398.593 Tonnen. Och aner Metal-Offäll oder och Glas-Offäll ginn importéiert, fir ze recycléieren.

Den Deputéierten interesséiert sech allerdéngs och dofir, op sech mat Bléck op China eppes ännere kéint. D’Chinesen hunn annoncéiert, manner Offäll ze importéieren – a verschiddene Beräicher soll d’Importéieren esouguer ganz ofgeschaf ginn! D’Ministesch Carole Dieschbourg mengt, datt et kaum eppes ännere géing, vue datt mer eben di meescht Offäll un eis Noperen ofginn. Allerdéngs géing et kee Mechanismus ginn, fir eraus ze fannen, wat mat dem Knascht geschitt, soubal en d’Grenzen hannert sech huet.

Och d’Plastikfläschen sinn hei erëm en Thema: Wann een se net recycléiere kann, ginn se laut der Ministesch zu Leideleng verbrannt. Dëst sollen am Joer ëm déi 144.000 Tonne sinn.

 

 

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, EU, Lëtzebuerg, Max Hahn, Offall
Nächsten Artikel Virrechten Artikel