Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër
Meenung

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër

D’Europaparlament huet sech en Dënschdeg fir d’Aféiere vun engem Europäeschen

Vun Abréch an enger brennender Wunneng wärend de Feierdeeg
Meenung

Vun Abréch an enger brennender Wunneng wärend de Feierdeeg

Wéi d’Police matdeelt huet et och iwwert d’Feierdeeg am Land

D‘Cargolux verbitt sech den Transport vu Juegdtrophäen
Meenung

D‘Cargolux verbitt sech den Transport vu Juegdtrophäen

Datt d‘Cargolux net nëmmen e wichtege Wirtschaftsacteur zu Lëtzebuerg ass,

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen

E Kommentar

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen

Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg an der Weltgemeinschaft? Datt ass d’Fro, déi am Kär vun all Debatt ronderëm d’Oprëschtung ze fannen ass. Wa lénk Parteien protestéieren, wann de Govsat-1 fir den Dronekrich agesat ka ginn, a wa mer eis en neien Militärfliger leeschten, da gëtt dat gären iwwersinn.

An et ass och e witzege Gedanken: Dat kleng Lëtzebuerg – laang op seng Neutralitéit beduecht – rëscht op! Elo net mat Panzeren oder Zaldoten, mee op mannst am technesche Beräich. D’Iddi, dat ganzt mat der Fuerschung ze kombinéieren, ass bei wäitem keng domm! Esou kann een deen, fir d’Zukunft esou wichtege Secteur, gutt ënnerstëtzen.

Ënnert der Oprëschtung däerf virun eisem eis Entwécklungshëllef net leiden!

Mee et ass eng batter Medizin, déi mer do schlécke mussen. Mir si verflicht, de Fuerderunge vun der NATO nozekommen. Déi Organisatioun gëtt zwar vill kritiséiert, mee mir si Memberen a kënnen eis dorëmmer net drécken. Lëtzebuerg, e Land, wat staark international verwuessen ass, kann sech net aus de Problemer vun der Welt eraus halen.

Och net aus deene, wou Blutt fléisst.

D’Onscholdsnatioun Lëtzebuerg, déi sech gäre bei der eegener Geschichtsschreiwung als en Affer gesäit, wëll net an eng Offensiv goen. Dat ass ze verstoen! Kee wëll gären dozou bäidroen, datt Leit stierwen oder leiden. An et wier jo elo och net esou, wéi wa mer Waffe géingen exportéieren, wéi eis Noperen. Oder massiv Truppe verschécken.

Also konzentréiere mer eis op de Volet vun der Finanzéierung. Eng technologesch Héichrëschtung, déi hire Präis huet. Well lues awer sécher ginn Depensen ëmmer méi bedeitend – zwee Prozent vum Haushalt ass fir 2024 d‘Zil fir d‘NATO. Si géifen deen Ament en anere Poste vum Budget iwwertrompen: Dee vun der humanitärer Hëllef.

Dorop gëtt gäre vun der Oppositioun higewisen. An et ass e gudde Punkt, well d’humanitär Hëllef ass méi Nohalteg, wéi all Satellit. Mee villäicht wier et der Wäert, fir se op mannst proportionell mat ze erhéijen. Mee eng Saach däerft d‘Groussherzogtum op kee Fall riskéieren: sech ze isoléieren.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Militär, NATO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel